Radioen

On air

Notturno  |  Angel Olsen - Heart Shaped Face

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zuelen iwwert eis Zukunft

Staatsbudget 2018

Zuelen iwwert eis Zukunft

Kuerz no den Gemengewahlen huet sech Lëtzebuerg mam Budgetsprojet fir 2018 erëm mat nationalen Theme beschäftegt. Ouni Iwwerraschung ass d'Diskussioun iwwert dat wichtegst Gesetz vum Joer séier ofgeflaacht.

auto_stories

3 min

Laurent Moyse

Bei der Virstellung vum Budget sinn erëm eng ganz Rei Zuelen opgedëscht ginn, déi eist Land iwwert dat nächst Joer brénge sollen. D'Previsioune vum Finanzminister gesinn en Haushaltsiwerschoss vun 0,6 Prozent vum Bruttoinlandsprodukt vir, dee virun allem dem positive Saldo vun der Sécurité sociale ze verdanken ass. Ageplangt ass ausserdeem en Defizit vun 890 Milliounen Euro beim Zentralstaat, deen ënnert anerem duerch déi héich Investissementer begrënnt gëtt, déi d'nächst Joer solle getätegt ginn.

Eng Rei Kommentaren hunn drop higewisen, datt dëse Projet en typesche Wahlbudget ass: Ee Joer virun de Chamberwahlen ass d'Spendéierfreedegkeet wëllkomm an d'Vollek gëtt domat bei gudder Laun gehalen. An deem Sënn ënnerscheet sech d'Regierung kaum vun hire Virgängerinnen.

Si huet awer nach eng aner Gewunnecht vun de Virgängerinnen iwwerholl, nämlech den Budgetsdefizit systematesch z'iwwerschätzen. Dat erlaabt hir, sech nodréiglech als gudde Schüler duerzestellen, deen et fäerdeg bruecht huet, entweder d'Ausgaben ze drosselen oder d'Recetten op e méi héijen Niveau wéi geplangt ze bréngen.

Marketingstricker vun der Politiker

Loosse mir awer net ze vill kloen: Lëtzebuerg steet allgemeng guer net sou schlecht do, an déi rechneresch Marketingstricke vun eise Politiker si Klengegkeeten am Verglach mat deenen enormen Defiziter, déi aner Länner opweisen - woubäi si och kee Rot méi hunn, wéi si sou grouss Lächer stoppen kënnen.

D'Zuelegymnastik, déi all Joer am Ufank vun der Parlamentssessioun virgestallt gëtt, gehéiert zwar zu de legislativen Héichpunkten an der Chamber, mä et muss een dee Spagat mat Virsiicht genéissen. Mat Zuele kann ee villes soen a souguer géigendeeleg Interpretatioune liwweren. D'Majoritéits- an d'Oppositiounsparteie beherrschen dat ganz gutt, wann si no engem festgeschriwwene Schema déi selwecht Budgetspresentatioun gutt, respektiv schlecht rieden.

Zuele gi gär ganz perséinlech interpretéiert, och an anere Gebidder: Sou zum Beispill an der Steierpolitik, wou all kleng Reförmchen eng Rei Bierger op d'Palm bréngt, well si bis hannert dem Komma e Plus bei Aneren oder e Minus bei sech erausrechnen. Iwwert d'Gesamtphilosophie vum Steiersystem, dee vun enger extremer Komplexitéit ass, sinn allerdéngs kaum Stëmmen ze héieren.

Keen Zuelefetischismus

Och um Niveau vun de Gemengefinanzen ass wéineg ëffentlecht Interesse ze spieren. Bei de Gemengewahle war dëst Thema am Wahlkampf inaudibel. D'Politik huet sech léiwer mat Dauerthemen auserneegesat, wéi Wunnraum oder Mobilitéit. Wann Zuelen am Spill waren, dann ass et éischter ëm déi héich Wunnengspräisser gaangen, wéi iwwer reng Budgetsfroen.

Zuele soe vill aus, mä och net alles. Am Sozialberäich ass dëser Deeg eng Diskussioun iwwert en anert Dauerthema kuerz opgeflaamt, nämlech d'Aarmut zu Lëtzebuerg. Kee Wonner: d'Akommes kann net als eenzege Moossstaf geholl ginn, fir d'sozial Ausgrenzung ze definéieren; et kann déi héchstens quantifizéieren. Geld ass just e Moossinstrument, mä et berécksiichtegt awer net de ganzen Ëmfang vun der sozialer Lag vun enger Persoun oder vun engem Stot. Dat féiert liicht zu Interpretatiounsdivergenzen, woubäi qualitativ Kritäre gär ignoréiert ginn.

Zuelen a Statistike sinn wichteg, fir datt een d'Problemer net einfach aus der Loft gräift. Et muss ee sech jo och op eppes Konkretes stëtzen. Mir sollen dofir awer net an den Zuelefetischismus verfalen.