Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zukunft vun der Pressehëllef

Medien

Zukunft vun der Pressehëllef

Op Initiativ vum Xavier Bettel huet d'Chamber eng Consultatiounsdebatt iwwert d'Medie gefouert. D'Entwécklung vun der Medielandschaft an d'Qualitéit vun der Press zu Lëtzebuerg stoungen am Mëttelpunkt, mä och déi sougenannte "Fake News" an déi finanziell Ënnerstëtzung fir regional Medien goufen diskutéiert.

auto_stories

3 min

Vum Joer 2021 un - also wann deen neie Konzessiounsvertrag fir RTL uleeft - investéiert de Staat ronn 38 Milliounen Euro pro Joer an d'Press. D'Zil ass, e Pluralismus ze garantéieren, sot de Medieminister Xavier Bettel. Abegraff ass d'Pressehëllef fir klassesch Print-Medien, déi nei Subventionéierung fir d'Online-Press, den ëffentlech-rechtleche radio 100,7 an RTL Televisioun.

Am audiovisuelle Beräich sollen da vum nächste Joer un och lokal a regional Sender ënnerstëtzt ginn. "Mir hunn Acteuren hei am Land, wéi de Radio Ara oder Nordliicht TV, déi net vu grousse Mediegruppen gestäipt ginn an awer zënter Joren eis Medien- a Kulturlandschaft beräicheren", sot de Xavier Bettel. Dës Aarbecht wier wichteg a géif vun de Bierger unerkannt a valoriséiert ginn. "Den Engagement op lokalem Niveau gëtt dacks op fräiwëlleger Basis geleescht. Dëst wëlle mir méi staark ënnerstëtzen, och finanziell."

Kritik

Der CSV geet déi néi Pressehëllef net wäit genuch. "Mir kënnen eis och virstellen, geziilt Start-Ups z'ënnerstëtzen, déi am Medieberäich aktiv sinn", sot d'CSV-Deputéiert Diane Adehm. Eng jonk Entreprise, déi nei Plattformen entwéckelt, misst och subventionéiert ginn. Den Yves Cruchten, LSAP, huet iwwerdeems bedauert, datt d'Medien-Debatt net virum Ofschloss vum neie Konzessiounsvertrag mat CLT-UFA, dem Mammenhaus vun RTL Lëtzebuerg, gefouert gouf. Et misst een och iwwert d'Roll vum ëffentlech-rechtleche Radio schwätzen. "Dozou gehéiert d'Fro, op dëse Radio d'Moyenen huet, fir senger Roll gerecht ze ginn." Genee wéi d'Diskussioun iwwert eng eventuell ëffentlech-rechtlech Televisioun wier dëst eng budgetär Fro, sou de LSAP-Generalsekretär.

Kritik gouf et och un der sougenannter "Circulaire Bettel", déi de Kontakt vu Journaliste mat Staatsbeamte regelt. Den David Wagner vun déi Lénk fuerdert eng Gesetzgebung, déi et Journalisten erlaabt, hir Aarbecht ze maachen. "Wat den Accès un Informatiounen ugeet, maachen ech mir ganz vill Suergen", sou den Deputéierten. "Et ginn Ausnahmen, d'Administratioun huet arbiträr Decisiounsrechter an Delaien, déi de Journalisten hir Aarbecht ganz schwéier maachen." Weider géife Journalisten och decouragéiert ginn ze kloen, wa si bestëmmten Informatiounen net kréien.

Afloss vu Cross-Media

Eng ëffentlech-rechtlech Chaîne ass fir de Claude Adam net onbedéngt néideg, mä en Dram, iwwert dee soll nogeduecht ginn. De gréngen Deputéierten huet weider ze bedenke ginn, datt d'Pressehëllef déi eenzel Redaktiounen net méi getrennt kéint gesinn. "D'Entwécklung geet a Richtung vu cross-mediale Redaktiounen, déi méi Kanäl bedéngen. Sou wéi bei RTL an den Zeitungen, ginn d'Redaktiounen ëmmer méi grouss." Domat géifen déi kleng Editiounshaiser am Verglach zu deene grousse benodeelegt ginn, an "dat ass eppes, wat mir net wëllen", sou de Claude Adam.

Déi konstant Verännerungen si fir den DP-Fraktiounschef Eugène Berger eng Charakteristik vun der Medielandschaft. Deementspriechend flexibel misst och d'Pressehëllef sinn. D'Oppositiounspartei ADR huet iwwerdeems fir e "wierkleche Meenungspluralismus" plädéiert. "An engem subventionéierte Medium mussen och d'Communiquée vun de Parteie verëffentlecht ginn", sou den ADR-Deputéierten Roy Reding. Seng Partei wier net zefridden, datt iwwert hir Positioun zu den RTL-Subventiounen "weder an der Online-Versioun, nach um Radio oder op der RTL Televisioun och nëmmen ee Wuert beriicht ginn ass."

Kampf géint Fake News

Déi meeschte Riedner hu während der Chamberdebatt déi staatlech Finanzéierung vu Medien als Argument genannt, fir sougenannte "Qualitéits-Journalismus" vu Fiktioun oder Propaganda kënnen z'ënnerscheeden. Dofir misst och de kritesche Geescht vun de Medie-Konsumenten entwéckelt ginn. "Mir wëllen eng Strategie zum Verständnis vun de Medie lancéieren", huet de Xavier Bettel ugekënnegt. Zesumme mat der Zivilgesellschaft an de Gewerkschaften soll en nationalen Aktiounsplang ausgeschafft ginn.

"Den Ënnerscheed tëscht deem, wat deontologesche Kritären ënnersteet an u Konditioune gebonnen ass, an deem, wat fräi an ouni Regulatioun verbreet gëtt, muss erkennbar sinn", sou de Medieminister. Souwuel d'Politik, wéi och d'Medienhaiser hätten d'Aufgab, dofir ze suergen, datt d'Leit zu Lëtzebuerg "kënnen aschätzen, wéi engen Informatiounen ee ka vertrauen."