Radioen

On air

Resonanzen  |  Sergei Bortkiewicz - Etude Nr.9, Op. 15 - Romain Nosbaum (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zukunfts-Konferenz mat Startschwieregkeeten

EU-Biergerforum

Zukunfts-Konferenz mat Startschwieregkeeten

No méintelaange politeschem Gedeessems gëtt haut am Europaparlament d'Konferenz iwwer d'Zukunft vun Europa lancéiert. De Biergerinnen a Bierger ee Matsproocherecht ze ginn ass ee vun den Ziler vun deem Prozess, deen elo mat engem Joer Verspéidung ufänkt.

auto_stories

5 min

Wéi d'Ursula von der Leyen no den Europawalen am Juli 2019 am Europaparlament hir éischt Ried gehalen huet, wosst si, datt si an der Plenière zu Stroossbuerg mat engem Demokratiedefizit am Réck op d'Riednerpult geklomm ass.

Ëmmerhi war déi däitsch CDU-Politikerin vun de Staats- a Regierungscheffen als Kommissiounscheffin nominéiert ginn, obwuel si net als Spëtzekandidatin mat an d'Wale gaange war.

Meenung vun EU-Bierger a -Biergerinne gefrot

Domat haten déi grouss Parteien ee vun hire Walverspriechen net agehalen, an och e bësse fir dat nees gutt ze maache gouf decidéiert, eng grouss "Konferenz iwwer d'Zukunft vun Europa" an d'Weeër ze leeden:

"D'Europäesch Bierger sollen eng aktiv Roll dobäi spillen d'Zukunft vun der EU opzebauen, an enger Konferenz, déi 2020 ufänkt an zwee Joer dauere soll", esou deemools d'Ursula von der Leyen.

Zwee Joer huet et awer d'éischt emol gedauert, bis et lassgoe konnt. Um Parlament louch et net, seet d'Europadeputéiert Gaby Bischoff. D'SPD-Politikerin ass Member vun engem Aarbechtsgrupp am Parlament, dee schonn am September 2019 op d'Been gesat gouf.

"Wir haben das Mandat des Parlaments schon im Januar 2020 in einer Resolution mit sehr breiter Unterstützung verabschiedet und dann auf den Rat gewartet."

Méintlaange Sträit iwwer d'Presidence

De Conseil awer, also de facto d'Regierungen aus de 27 Memberlänner, war net presséiert. An dat louch net nëmmen u Corona. Et war virun allem de Sträit doriwwer, wie sollt un der Spëtzt vun där Konferenz stoen, deen dofir gesuergt huet, datt ee méintelaang net virukoum.

D'Europaparlament hat de liberalen Europadeputéierten a fréiere belsche Premier Guy Verhofstadt fir déi Roll virgeschloen. Deen huet awer enger ganzer Partie Staats- a Regierungscheffen net gepasst.

Um Enn gouf ee reegelrechten EU-Kompromëss gemaach - net eng Persoun, mee sechs Leit, an zwar zwee Vertrieder pro Institutioun - also Parlament, Kommissioun a Conseil - sollen elo d'Konferenz leeden.

D'EU misst weisen, datt si Äntwerte ka ginn op d'Suergen an d'Uspréch vun de Bierger, heescht et an der Deklaratioun, déi haut vun de Presidente vun den dräi Institutiounen ënnerschriwwe gëtt. Si engagéiere sech doran, nozelauschteren.

EU-Konvent um Uschloss un d'Konferenz?

Virgesi sinn Diskussiounsgruppe mat Vertrieder aus dem Europa - an de nationale Parlamenter, de Regierungen an der Kommissioun - nom Virbild vum Konvent, deen 2003/2004 eng Propos fir eng Europäesch Verfassung ausgeschafft huet. Déi allerdéngs ass, well sech a Frankräich an an Holland eng Majoritéit dogéint ausgeschwat huet, ni a Kraaft getrueden.

Wuel och wéinst deem historesche Bagage wollt een des Kéier net esou wäit goen. Et solle wuel Proposen ausgeschafft ginn - wat allerdéngs da genee domat geschitt, ass nach net kloer.

Fir de Martin Schirdewan vun den Däitsche Lénke steet a fält de Succès vun deem Prozess awer domat, datt d'Bierger (zum Beispill och am Zesummenhang mat der Corona-Pandemie) konkret Propose maachen, an dat och Suitten huet.

"Leute, die im Gesundheitssektor arbeiten, müssen ihre Forderungen auf den Tisch packen können. Diese müssen nicht nur gehört, sondern auch in reale Politik umgewandelt werden. Das heisst für uns, dass die Möglichkeit von Vertragsänderungen nicht ausgeschlossen ist, sondern im Gegenteil das Resultat dieses Konferenzprozesses sein sollte."

Och d'Gaby Bischoff wënscht sech, datt dee Prozess dono seriö geholl gëtt.

"Mein Wunschziel ist, dass es am Ende nicht nur einen Bericht gibt, der irgendwo in den Schubladen der Institutionen verschwindet, sondern dass mit diesen Vorschlägen auch ernsthaft umgegangen wird."

Interêt matzeschwätzen ass ënnerschiddlech

Ëmmerhin d'Hallschent vun den EU-Bierger ass drun interesséiert, bei där Konferenz iwwer d'Zukunft vun Europa an iergend enger Form matzemaachen. Dat ass d'Resultat vun enger Ëmfro, déi am Optrag vum Parlament an der Kommissioun gemaach, an déi gëschter publizéiert gouf.

Definitiv decidéiert, aktiv derbäi ze sinn, wieren deem Sondage no awer just 14 Prozent.

Déi éischt Biergerfore sollen am Hierscht sinn, a schonn am Fréijoer solle Konklusioune gezu ginn. De franséische President Emmanuel Macron mécht nämlech Drock, datt elo alles séier soll goen. Ufanks Januar iwwerhëlt Frankräich d'Presidence vun der EU a stécht am nationale Walkampf. Ob do d'Konferenz iwwer d'Zukunft vun Europa eng Hëllef ass, ass net gesot.

Well d'Begeeschterung ass europawäit zimmlech ënnerschiddlech. Zu Lëtzebuerg hunn an deem schonn ernimmte Sondage beispillsweis nëmme sechs Prozent gesot, si wéilte guer näischt mat där Konferenz ze dinn hunn, deen Undeel louch a Frankräich, genee ewéi a Spuenie, Bulgarien oder Portugal bei engem Drëttel.

Mee dat läit vläicht och drun, datt de Startschoss esou laang op sech waarde gelooss huet.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.