Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Dessy Mesk - Chops

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zweet Phas vun der Impfcampagne soll nach dës Woch ufänken

Impfcampagne

Zweet Phas vun der Impfcampagne soll nach dës Woch ufänken

Déi zweet Phas vun der Impfcampagne Covid-19 fänkt an den nächsten Deeg un: dat huet de Gesondheetsministère haut ugekënnegt. Bis Enn vun dëser Woch wäerten déi éischt Invitatioune verschéckt ginn, un déi Leit, déi sech an dëser Phase kënnen impfe loossen. Dëst sinn Awunner vu méi wéi 75 Joer a Persounen, déi wéinst hirem Gesondheetszoustand als héich vulnerabel gëllen.

auto_stories

1 min

D'Invitatioune gi verschéckt, soubal Vaccin geliwwert gëtt, heescht et. Mam Ufank vun der zweeter Phas ginn den iwwernächsten Donneschdeg och zwee zousätzlech Impf-Zenteren opgemaach: deen een ass an der Sportshal vum Centre Hospitalier Neuro-psychiatrique zu Ettelbréck an deen aneren ass am Scouts-Chalet zu Mondorf.

Den Impfzenter hei an der Stad ass schonn zënter Enn vum leschte Joer op an deen op Esch-Belval zënter virgëschter. An der éischter Phase goufen a ginn d'Bewunner vun den Alters- a Fleegeheemer geimpft, d'Personal aus de Gesondheets- a Fleegeberuffer grad wéi Persoune mat engem Handicap.