Corona-Kris Zweet Well huet e staarken Impakt op Geschäfter

D'Geschäfter an der Stad géife staark ënner der zweeter Well vu Coronainfektioune leiden, seet de Guill Kaempff, President vum Stater Geschäftsverband. Et wier dovun auszegoen, datt eng Partie Betriber dat net géifen iwwerliewen, konkret Zuelen iwwer eventuell Faillitte kéint hien awer net nennen.

Pierre Reyland / cbi

Guill Kaempff
De Guill Kaempff ass President vum Stater Geschäftsverband. Foto: Archiv

De Bäitrag vum Pierre Reyland lauschteren


Nom Deconfinement wier d'Reprise ganz lues komm, an déi Däitsch wieren déi éischt an déi eenzeg gewiescht, déi nees en masse an d'Stad koumen, seet de Guill Kaempff.

Mee du koum déi zweet Well, Däitschland huet Lëtzebuerg als Risikogebidd agestuuft, an déi däitsch Touriste bleiwen elo nees doheem. Dat deet wéi, seet de President vum Stater Geschäftsverband, international Touriste wieren den Ament keng do.

Et sinn nach net vill Leit an der Stad

Do derbäi kënnt, datt nach ëmmer vill manner Leit ewéi soss an d'Haaptstad schaffe kommen. Iwwer 50.000 Leit géifen nach vun doheem am Teletravail schaffen, seet de Guill Kaempff, "dat sinn der vill".

Déi annoncéiert Ënnerstëtzungen, wéi d'Akafsbongen, déi d'Stad zur Verfügung stellt, géifen hëllefen, mee et wäert héchstwarscheinlech net ze verhënnere sinn, "datt déi eng oder aner et net wäerte packen".

Liichtbléck Braderie

Méi Detailer iwwer méiglech Faillitten hätt hien awer nach net, sou de President vum Stater Geschäftsverband. Ee Liichtbléck wier d'Braderie. Déi soll, trotz Corona, um leschte Weekend vum August sinn, mat obligatoreschen Hygiènesmesuren an a reduzéierter Form: et wäerten nämlech keng Grenzgänger zougelooss ginn. De Guill Kaempff schwätzt vun zéng bis 15 Prozent.

Op der Gare kéinten d'Geschäfter fir d'Braderie och nëmme Samschdes a Sonndes Stänn dobaussen opriichten, mee Méindes da net méi, ënner anerem, wéinst den Aarbechten um Chantier vum Tram.

Méi zum Thema

Riicht eraus Tourismus mam Lex Delles, François Koepp, Berny Ley (vu riets no lénks) Riicht Eraus
Riicht Eraus

"Mir mussen d'Infektiounszuelen nees erofkréien", seet de Lex Delles. Eréischt da kéint d'Relance vum Tourismus nees ulafen, mee de Minister fir Tourismus weist sech zouversiichtlech.

François Koepp
Corona-Kris

Däitschland an d'Belsch hu Lëtzebuerg als Risikoland agestuuft. Vill Touriste géifen zanterhier hir Vakanz zu Lëtzebuerg annuléieren, seet de François Koepp, Generalsekretär vun der Horesca.

Nicolas Henckes
Deconfinement

D'Reouverture vun de Geschäfter wier "batter neideg" gewiescht, seet den Direkter vun der Confédération du Commerce. Den Nicolas Henckes rechent an den éischte Woche mat engem "schwéieren Ufank".

François Koepp
Fermeture vun Horesca-Betriber

Méiglecherweis géif een Deel vun de Restaurante weider Plate preparéieren, fir ze liwweren. Den Horesca Generalsekretär versteet, datt d'Regierung alles misst maachen, fir d'Ausbreedung vum Virus ze bremsen.

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen