Radioen

On air

Tockcity  |  La Luz - Strange World

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zweet Well huet ugefaang, soen d'Fuerscher

Coronavirus

Zweet Well huet ugefaang, soen d'Fuerscher

Der Fuerschungs-Task Force no gëtt et zu Lëtzebuerg eng zweet Well vu Coronainfektioune mat engem exponentielle Wuesstem. D'Croissance wier méi lues wéi am Mäerz mee trotzdeem eng relativ kloer Indikatioun fir eng zweet Well, heescht et an enger neier Publikatioun.

auto_stories

2 min

D'Neiinfektioune géife sech dem aktuelle Verlaf no bannent siwe bis aacht Deeg verduebelen. D'Infektioune wieren an der ganzer Populatioun ukomm a se géifen net just vun Infektiounsclustere gedriwwe ginn, schreiwe Fuerscher vun der Covid-Task Force.

Mëtt Mee bis Mëtt Juni wier et roueg gewiescht, esou de Constat. Den Ufank vun der zweeter Wëll situéiert d'Covid-Task Force op Mëtt Juni. Datt vu Mëtt Juni u méi positiv Tester gezielt goufen, hätt näischt mam Large-scale testing ze dinn. Deen hätt nämlech réischt richteg an den zwou éischte Juli-Woche gegraff well virdrun net vill Leit matgemaach hätten.

Exponentiell Croissance och ouni d'Testcampagne

D'Fuerscher hunn den Impakt vum Large-scale testing och erausgerechent: Ouni déi grouss Testcampagne géifen zwar manner positiv Fäll detektéiert ginn, mee den exponentielle Wuesstem wier änlech grouss. D'Neiinfektioune géife sech och ouni de Large-scale testing den Ament bannent 7 bis 8 Deeg verduebelen.

Aktuelle Simulatioune vun de Fuerscher no ginn et an eng bis zwou Wochen änlech vill Neiinfektioune wéi am Mäerz.

Reproduktiounstaux iwwer 1

Dem neiste Bilan no goufen um Dënschdeg 66 Neiinfektioune mam Coronavirus festgestallt, 10.101 Tester goufen duerchgefouert. Aktuell sinn 38 Persounen hospitaliséiert (-9), 4 dovun op der Intensivstatioun (+1). ​D'Zuel vun den Doudesaffer bleift weider bei 111. Den effektive Reproduktiounstaux läit nach ëmmer iwwer 1 (1,16). Zënter Mëtt Juni schonn. D'Covid-Task Force erënnert drun, datt d'Neiinfektioune klamme soulaang deen Taux iwwer 1 läit.