Radioen

On air

Resonanzen  |  Antonio Vivaldi - Sinfonia fir Sträicher a Basso Continuo a Sol Majeur, RV 739, I. Allegro - Marianne Piketty (Gei/Dir.), Le Concert Idéal

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zweet Well schéngt sech ofzeschwächen

Coronavirus

Zweet Well schéngt sech ofzeschwächen

Déi zweet Well un Infektioune schéngt sech e bëssen ofzeschwächen. Dat soen déi neiste Previsioune vun der Covid-19-Taskforce vun e Freiden den Owend.

auto_stories

1 min


De Bäitrag vum Michèle Sinner lauschterenplay_arrow


D'Analys vun den neisten Zuele géif weisen, datt een déi lescht Woch eng Verduebelungszäit vun de Fallzuele vu siwe bis aacht Deeg gehat hätt. Dono hätt sech déi Verduebelungszäit op ronn 13 Deeg erhéicht, esou den Alex Skupin.

Dat kéint mam Ufank vun der Summervakanz ze dinn hunn, schreiwen d'Fuerscher vun der Taskforce, oder domat, datt de Contact Tracing besser funktionéiert hätt, an domat d'Infektiounsketten ënnerbrach gi wieren. Och an de leschten Deeg wieren awer zum Deel méi wéi 100 Neiinfektiounen den Dag detektéiert ginn, wat d'Capacitéite vum Contact-Tracing kéint depasséieren.

Trotz dëser liichter Verbesserung erwaarden d'Fuerscher, datt Enn August oder Ufank September kéint zu enger Iwwerlaaschtung vun den Intensivstatiounen an de Spideeler kommen. Dat obwuel d'Altersmoyenne vun den Infizéierte méi niddreg ass, wéi wärend der éischter Well. Dobäi kënnt, datt de Moment net ofzeschätzen ass, wéi een Effekt d'Summervakanz huet.