Radioen

On air

Notturno  |  Lucio Battisti - Ami Ancora Elisa

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zweeten Ulaf fir Reform vun der Fleegeversécherung

OGBL

Zweeten Ulaf fir Reform vun der Fleegeversécherung

D'Reform vun der Reform vun der Fleegeversécherung ass den éischte September a Kraaft getrueden. D'Fleegeversécherung huet missten nodréiglech nach eng Kéier op de Leescht geholl ginn. Uganks 2018 gouf deen neien Forfait System agefouert, dee souwuel vun de Gewerkschaften, ewéi och vun de Prestatairen a Fro gestallt gouf.

auto_stories

2 min

Et huet sech mëttlerweil erausgestallt, datt verschidde Leeschtungen ewéi d'Course-sorties net kloer genuch am Gesetz definéiert waren. Persounen, déi doheem betreit ginn, hunn net méi kënnen dovunner profitéieren fir beispillsweis akafen ze goen. Dës Leeschtungen wieren awer néideg fir ze verhënneren, datt eng Persoun sech isoléiert, seet de Carlos Pereira vum OGBL.

"Mir hunn dacks an der Ëffentlechkeet an och mam Minister driwwer diskutéiert a gesot, datt eng Course-sortie net eppes wier, wat een einfach kéint op d'Säit setzen, well dat dozou bäidréit d'Autonomie vun de Persounen ze stäerken"

Méi Flexibilitéit fir d'Leeschtungen

Weider ass am Gesetz elo festgehale ginn, datt Persounen mat engem grousse Besoin u Fleeg méi Stonne solle kënnen accordéiert kréien. Do gouf déi maximal Zuel u Stonnen vu 40 op 56 Stonnen d'Woch eropgesat.

D'Leeschtunge sollen och kenne méi flexibel ginn, war eng weider Fuerderung vum OGBL. An där Reform, déi elo a Kraaft getrueden ass, kréie Beneficiaire vun der Assurance dépendance, d'Méiglechkeet individuell Garden a kollektive Garden ëmzetauschen.

Informatiksystem nach net operationell

De Bilan vun der Fleegeversécherung konnt bis elo net komplett ausgeschafft ginn. Et wier dowéinst schwéier an ze schätzen, wéi ee reellen Impakt déi éischt Reform hätt, déi am Januar a Kraaft getrueden ass, esou de Carlos Pereira.

"Den Informatiksystem, op deen d'Prestatairen an d'Gesondheetskeess sollen zeréckgräifen, funktionéiert nach ëmmer net. Ech weess vu verschiddene Reseauen, datt déi Avancë kréien, déi berechent ginn op Basis vum ale System", esou de Carlos Pereira.

Et wéisst een dowéinst net, ob déi Avancen der Realitéit entspriechen a wéi vill Fleegeakten elo effektiv geleescht ginn.

"Wa bis ee Bilan ka gezu ginn, da kéint ee konkret aschätzen, ob eventuell nach muss nogebessert ginn."


D'Carole Schimmer am Gespréich mam Carlos Pereira:

Lauschterenplay_arrow