Radioen

On air

Notturno  |  Bill Callahan - America!

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zweifelhaften Oflenkungsmanöver

Sécherheetsagenten an der Stad

Zweifelhaften Oflenkungsmanöver

D'Stad Lëtzebuerg hält um Asaz vu private Sécherheetsagenten an der Stad fest. Obwuel et Zweiwel un der Legalitéit an dem Notze vun dëser Praxis gëtt. D'Pia Oppel mat enger Analys vun deem, wat um Méinden am Stater Gemengerot diskutéiert gouf.

auto_stories

3 min

Et bleift also dobäi: Privat Sécherheetsagente mat hiren Hënn kënne fir zwee weider Méint an der Uewerstad an am Garer Quartier op Patrull sinn. Si solle fir ee bessert Sécherheetsgefill suergen an a Geforesituatiounen d'Police alarméieren.

Sécherheet am ëffentleche Raum

Eng legal Basis dofir gëtt et eigentlech net. D'Gardiennage-Gesetz vun 2002 gesäit Sécherheetskontrollen am ëffentleche Raum net vir. De Staatsrot hat deemools säi Veto ageluecht.

Grondsätzlech ass et net erlaabt fir Aufgabe vun der Police u privat Acteuren outzesourcen. Dat hat och d'Inneministerin Taina Bofferding rezent rappelléiert. Dëst an der Äntwert op eng Ufro vun der Stater Oppositiounsparteien. LSAP, déi Gréng an déi Lénk hate vum Inneministère gefuerdert, de Kontrakt tëschent der Stad an der Firma GDL Security opzehiewen, well en illegal wier.

D'Taina Bofferding huet de Kontrakt awer net annuléiert. D'Inneministerin ass amplaz beim Stater DP-CSV-Schäfferot intervenéiert, mat der Fuerderung, de Kontrakt mat der Sécherheetsfirma ze präziséieren.

Dat ass geschitt. Elo geet net méi allgemeng Rieds vun "aktiver Präventioun am ëffentleche Raum". Amplaz soll d'Firma "d'Infrastrukturen an Installatioune vun der Gemeng" iwwerwaachen. Konkret Objete bewaachen, dat dierfe Gardiennage-Firmen nämlech.

Eng juristesch zweiwelhaft Praxis

Mee obwuel dës Formulatioun no enger Prezisioun am Sënn vu méi Gesetzeskonformitéit ausgesäit, ass hei domadder um Enn näischt anescht ewéi de kompletten ëffentleche Raum gemengt.

D'Buergermeeschtesch Lydie Polfer huet et selwer betount: An der Praxis ännert guer näischt. Datt d'Definitioun guer net Eescht gemengt ass, weisen iwwerdeems d'Beispiller, déi si selwer am Gemengerot genannt huet. Ee Problem wieren d'Sans-Abrisen, déi an den Entréeë vun den Appartementshaiser hausen - mee dës Appartementshaiser si Privatbesëtz, wou d'Sécherheetsagente wuel hirer Missioun no och net dierfen intervenéieren.

D'Stad Lëtzebuerg hält also un enger Praxis fest, déi juristesch zweiwelhaft bleift.

Eng Praxis, déi eng ganz Rei Nodeeler mat sech bréngt: BiergerInne kënne schwéier ënnerscheeden, wat de private Sécherheetsagent respektiv d'Police da lo dierf oder net dierf maachen.

A wie kontrolléiert, wat déi privat Agente maachen, wou géif ee sech beschwéieren, wann emol eppes schif leeft? An engem Communiqué vun de Stater Oppositiounsvertrieder geet Rieds, datt aus de Rapporte vun der Sécherheetsfirma un d'Stad eng Rei Problemer géifen ervir goen, dorënner Racial Profiling, den aktiven Asaz vun den Hënn, an Incidente tëschent der Firma an der Police.

Déi betraffen Agente selwer hunn et net einfach: Si hunn dacks keng gutt Ausbildung, mussen hei eng extrem ambigu Aufgab meeschteren - a ginn och nach schlecht dofir bezuelt.

Vun den eigentleche Problemer oflenken

D'Lydie Polfer weist bei Kritik gäre mam Fanger op Déifferdeng, wou de Schäfferot vun déi gréng an CSV op de selwechte Wee gaangen ass. Effektiv hätt och do missen intervenéiert ginn.

Amplaz riskéieren elo an ëmmer méi Gemenge Fakte geschafen ze ginn. Fir sozial Dumpingspräisser wëll ee sech bei de BiergerInnen als Garant fir méi Sécherheet beléift maachen.

Dobäi bleiwen déi Gemengeresponsabel nach ëmmer wierklech Fakte schëlleg.

Wat bréngt dës Surenchêre vun uniforméiertem Sécherheetspersonal am ëffentleche Raum? Am Ëmgank mat der Drogeproblematik an Obdachlosegkeet hätt d'Gemeng nach vill Handlungsspillraum fir mat anere Moyenen d'Situatioun ze verbesseren. Dat eenzegt wat dem Stater Schäfferot mam Asaz vum private Sécherheetsdéngscht geléngt, ass et deemno vun den eigentleche Problemer a Léisungen ofzelenken.