Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Brainstory - Peach Optimo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zwielef Lektiounen aus der leschter Kris

Joresrapport vum Conseil Économique et Social

Zwielef Lektiounen aus der leschter Kris

De Conseil Économique et Social (CES) presentéiert a sengem Joresavis 2022 eng Analyse iwwer déi wirtschaftlech, sozial a finanziell Entwécklung vu Lëtzebuerg. Dobäi ginn och eng Dose Konklusiounen a Lektiounen formuléiert, déi Lëtzebuerg aus der Covid-Pandemie zéie kann, fir besser op zukünfteg Krise virbereet ze sinn.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


D'Pandemie hätt gewisen, wéi ofhängeg an deemno vulnerabel e klengt Land wéi Lëtzebuerg wier: bei der Energie- a Liewesmëttel-Versuergung, grad ewéi bei der Main-d'oeuvre, déi zu engem groussen Deel aus Frontaliere géif bestoen, heescht et am Avis.

"Donneés à haute fréquence" sinn e gutt Instrument

Fir a Krisenzäiten informéiert Entscheedunge séier kënnen ze treffen, bräicht een Daten, fir d'Situatioun richteg kënnen anzeschätzen, seet de Jean-Jacques Rommes, Vizepresident vum CES:

"Déi Donnéeën, déi hänken - vun hirer Natur hir natierlech - ëmmer hannendran. Wann een "données à haute fréquence" kann zur Verfügung stellen, dann huet een ebe besser Instrumenter fir sech anzestellen."

Dofir géing de CES d'Efforte vum Statec an dës Richtung encouragéieren.

Krisekommunikatioun verbessere mat Hëllef vu Sozialpartner

D'Krisekommunikatioun wier schwiereg mee wichteg - a misst sech duerch Rapiditéit, Kloerheet, Glafwierdegkeet a Vertrauen auszeechnen. Dobäi sollt och de méigleche Kommunikatiounskanal vun de Sozialpartner genotzt ginn:

"Well do wou et fir eis als CES wichteg ass, nämlech an de Betriber, fir do d'Informatioun eriwwer ze kréien, kéint de Gouvernement ganz gutt op Gewerkschaften a Patronatsverbänn zeréckgräifen, well déi hunn direkte Kontakt mat de Leit a kënne vill Messagë mat eriwwer ginn."

Eng Kris wier keng Iwwerraschung an et wäerte sécherlech Weiderer op eis duerkommen, heescht et am Avis vum CES.

Basisgesetz fir méi séier an effikass ze schaffen

D'Pandemie mat de ronn 30 Gesetzer, déi hätte missen an der Chamber gestëmmt ginn, hätt gewisen, wéi schwéierfälleg d'Gestioun gewiescht wier. Et hätt esou oft geännert, datt een d'Iwwersiicht mat Momenter komplett verluer hätt, esou de Jean-Jacques Rommes. Dofir wier et héich Zäit, e "Pandemie"-Basisgesetz auszeschaffen:

"[...] wou de Gouvernement géif autoriséiert ginn, wann eng Pandemie do ass, eng Réi Mesurë séier an effikass ze huelen, ouni all Kéier missen zeréck an d'Parlament ze goen, besonnesch fir d'Mesuren opzehiewen."

Lëtzebuerg hätt ronn 3,5 Milliarden Euro Hëllefen deblockéiert fir d'Folge vun der Corona-Krise ofzefiederen.

Dobäi wieren ufanks verschidde Fräiberuffler "reegelrecht duerch de Kuerf gaangen". Wëll dës Kategorie extrem heterogen wier, misst een zesumme mat de Vertrieder vun den ënnerschiddleche Beruffssparte kucke fir e méi gerechte Statut fir se auszeschaffen, esou nach de Jean-Jacques Rommes.

Staat muss sech Reserven erlaben

Fir de Jean-Jacques Rommes perséinlech ass e weidere Punkt ganz wichteg, an zwar, datt de Staat dofir muss suergen, datt en déi finanziell Mëttel hält, fir esou Krisen ze meeschteren.

De Jean-Jacques Rommes lauschterenplay_arrow

Et géif ee gesinn, datt de Staat d'Pandemie gutt gemeeschtert huet, well e capabel gewiescht wier, fir Suen op den Dësch ze leeën a speziell fir de Chômage partiel, esou de CES-Vizepresident:

"A mir gesinn elo bei der aktueller Kris nees eng Kéier, datt de Staat konnt reagéieren andeem en de Leit ënner d'Äerm gräift bei den Energiepräisser. Dat kascht enorm Suen an dofir brauch de Staat eng Capacitéit sech ze verschëlden an deene Situatiounen, mee dat kann en nëmme wann e bei Zäite wou et net esou schlecht geet, dann awer och sech Reserven erlaabt."


De ganze Rapport fannt dir hei.