Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zwou Apdikten hu missten zoumaachen

Corona-Pandemie

Zwou Apdikten hu missten zoumaachen

Wéinst dem Manktum u Personal a Covid-19-Fäll hunn zwou vun den 98 Apdikten hir Diere fir e puer Deeg missten zoumaachen. Dat seet de President vum Syndikat vun den Apdikter.

auto_stories

1 min

Dem Alain de Bourcy no wier et ee "jongléieren", fir de Service all Dag oprecht erhalen ze kënnen. D'Statioun wier awer nach net ingerabel, mee ugespaant, esou den Alain de Bourcy. De leschte Weekend wieren et Problemer gi fir an der Stad d'Garde ze assuréieren. Eng Apdikt wier ausgefall, well kee Remplaçant fonnt gi war.

Dem Alain de Bourcy no wier et dann och onrealistesch fir Personal ze ersetzen, doduerch datt d'Apdikter op d'Reserve sanitaire géifen zeréckgräifen. D'Leit an der Reserve missten eng Formatioun hunn a misste gewinnt sinn op där Plaz ze schaffen. "Dir kënnt net einfach een Apdikter oder eng Preparatrice hunn, déi hanner de Comptoire stellen an da mécht déi hir Aarbecht."

An der Praxis wier et schwéier esou eng Garantie fir eng gutt Qualitéit vis-à-vis vum Patient oprecht ze erhalen, seet nach den Alain de Bourcy.