Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  1999 WRITE THE FUTURE, Amaarae & Warren Hue - Cool Water For The Night

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zwou Famille sichen nach en neit Doheem

Groussbrand zu Keel

Zwou Famille sichen nach en neit Doheem

Annerhallwe Mount ass et hier, datt bei engem Groussbrand zu Keel ee Kand vu sechs Joer gestuerwen ass. Sechs Famillen hunn hiert Doheem verluer. Fir zwou Famille geet d'Sich no engem neien, festen Doheem weider. Mir hu mam Jean Weiler, dem Buergermeeschter vu Keel, iwwer den aktuelle Stand geschwat.

auto_stories

2 min

An der Rue du Commerce zu Keel hat de 6. Dezember 2022 een Appartementshaus gebrannt. Foto: CGDIS

D'Wunnengssich fir d'Affer vum Groussbrand gestalt sech schwiereg, awer zum Gléck net onméiglech, stellt de Keeler Buergermeeschter Jean Weiler fest. Véier vun de sechs betraffene Famille konnten elo laangfristeg ënnerbruecht ginn, dat a Wunnengen déi gréisstendeels an Zesummenaarbecht mat anere Gemenge fonnt goufen.

Zwou Famillen nach an Noutwunnengen

Fir zwou Famille geet d'Sich awer weider. Hir Kontrakter an den Noutwunnengen zu Esch konnten nach eng Kéier bis Enn Januar verlängert ginn. Well déi awer fir Noutfäll musse fräi sinn, erhofft sech d'Gemeng och do séier eppes ze fannen.

Privat hätt een Hëllefe kritt oder Offeren, déi awer ëmmer just fir eng kuerz Zäit gewiescht wieren, esou de Jean Weiler:

"Do maachen ech dann nach eng Kéier den Appell u jiddereen dee Wunnengen eidel stoen huet, fir déi zur Verfügung ze stellen. Eventuell iwwer eng gestion locative sociale."

Laang Waardelëschte fir bezuelbar Wunnengen

Och op nationalem Niveau huet den Office Social vun der Gemeng no Hëllef gefrot. Esou och bei verschiddenen Associatiounen, déi bei der Vermëttlung vu bezuelbare Wunnengen hëllefen. Et géif een awer iwwerall op déi selwecht Äntwert stoussen: Am Moment ass näischt fräi.

Dobäi kennt de Problem, datt virun allem fir bezuelbar Wunnenge laang Waardelëschte bestinn. Fir déi Betraffe vum Groussbrand kann do och keng Ausnam gemaach ginn, erkläert de Keeler Buergermeeschter:

"Den Office Sociale huet och vill Clienten, déi eng Unterkunft sichen. Déi gi mat do behandelt wéi déi aner Leit och. Natierlech hu mir hei bësse gekuckt, ob si vläicht bësse prioritär dann op der enger Plaz oder der anerer behandelt ginn. Mee et ass ëmmer schwéier."

Grouss Solidaritéitsbereetschaft

D'Solidaritéitsbereetschaft fir de betraffene Famillen ze hëllefe wier virun allem am Ufank nom Brand immens grouss gewiescht, esou de Buergermeeschter.

Iwwer d'ASBL "KälTéiteng hëlleft" gi Spende fir d'Famille gesammelt an opgedeelt. Alles an allem koume 67.000 Euro Geldspenden zesummen, seet de Jean Weiler. Et goufen awer och Miwwelen an anert Material fir d'Famille gespent.