Radioen

On air

De Moien  |  Foals - 2001

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zwou Wochen nom Tornado

Wiederkatastroph

Zwou Wochen nom Tornado

Zwou Wochen nom Tornado zu Käerjeng a Péiteng wieren d'Opraumaarbechte gréisstendeels ofgeschloss, soen d'Buergermeeschter vu béide Gemengen. D'Efforte fir Betraffener ze relogéiere sinn awer nach am Gaang. Zu Péiteng sinn 31 Wunnengen net bewunnbar. Zu Käerjeng kënne sechs Famillen den Ament net an hir Wunnengen zeréckgoen.

auto_stories

3 min

Engem Awunner säin Daach a Garage goufen duerch d'Wiederkatastroph beschiedegt. Zanterhier wier eng Noutléisung fonnt ginn a "mat e bësse Chance" géif deemnächst den Daachdecker ufänken. "Da sëtzen ech mol dréchen, da kann ech och berouegt schlofen", seet hien erliichtert.

Fir wéi vill kommen d'Assurancen op?

Hien hätt der Assurance en Devis erageschéckt, wéisst awer net, fir wéi vill si genee opkomme wäerten. "Mee trotzdem, datt et bei mir soll virugoen, hunn ech awer schonn aus menger eegener Täsch misste 40.000 Euro virstrecken, fir sécher ze sinn, datt et virugeet."

Nom Tornado Ufank August wären d'Experte vun den Assurancë séier op der Plaz gewiescht, seet de Péitenger Buergermeeschter Pierre Mellina. Et wier awer nach net ëmmer kloer, fir wéi vill d'Assurancë géifen opkommen. Eng Famill hätt beispillsweis schonn zwee Devisen erageschéckt, mee déi wieren der Assurance ze deier gewiescht.

"Mir wäerten awer elo de Point maache mat deene Leit alleguerten, wou et inhabitabel ass, fir ze kucken, wou ee Problem ass." De Pierre Mellina wéilt da mat den Assurancë Récksprooch halen. Hien erwaart vun den Assurancen, datt si de Leit séier äntweren. "Wa mir waarde bis de Wanter, dat ass natierlech fir déi Haiser guer net gutt."

Temporär Wunnenge fir d'Leit

Fir all déi, deenen hir Wunnengen net bewunnbar sinn, an déi net bei Famill oder Frënn ënner konnte kommen, geet de Pierre Mellina dovun aus, datt bis ufanks nächster Woch eng Léisung fonnt géif ginn. D'Gemeng hätt vu Privatleit Wunnengen zur Verfügung gestallt kritt, déi awer eréischt den 2. September disponibel wieren. Bis dohi misst een eng Iwwergangsléisung fannen, an "dat ass dann den Hotel".

Wa Betraffener vum Tornado solle relogéiert ginn, missten allerdéngs och hir Miwwel geplënnert ginn, esou de Pierre Mellina. Oder zum Deel nei Miwwel kaf ginn, well déi al beschiedegt goufen oder d'Leit se net aus den Haiser kënnen eraushuelen. Déi Fraisen hätt d'Gemeng elo mol iwwerholl. D'Ministesch Corinne Cahen hätt an Aussiicht gestallt, datt eng finanziell Ënnerstëtzung vum Ministère méiglech wier. Wéi déi am Detail soll ausgesinn, misst nach gekuckt ginn.

Zu Käerjeng solle bis Mëtt nächster Woch déi lescht dräi Famillen, deenen hir Wunnengen net bewunnbar sinn, eng Perspektiv kréien, wou si solle laangfristeg ënnerkommen, seet de Käerjenger Député-maire, Michel Wolter.

Wat kann een nach verbesseren?

Souwuel d'Gemeng Käerjeng wéi Péiteng wëllen an der Suite vum Tornado een Debriefing maache fir ze kucken, wat eventuell verbessert kéint ginn. De Michel Wolter nennt als Beispill d'Kommunikatioun vun der Gemeng iwwer d'Hotline vum CGDIS fir ee Support psychologique ze organiséieren. Do misst senger Meenung no eng direkt Duerchwahl existéieren. "Et ass alles eigentlech iwwer eng Telefonsnummer nëmme gelaf. A mir als Gemeng brauchen do dräi, véier Telefonsnummeren."

Bis ewell war d'Hotline zentraliséiert organiséiert an intern gouf en Dispatching gemaach. "An do huet ee ganz kloer d'Limite vun deem System gesinn", seet de Michel Wolter. D'Interventioune wéinst dem Tornado wieren duerch de Fait, datt et nëmmen eng Kontaktnummer gouf, awer net behënnert ginn, esou nach de Michel Wolter.