Radioen

On air

Al Schanken  |  Willie Nelson - Gotta Serve Somebody

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 3 Du Trois: D'Grenze vum "Ech"

Danz

3 Du Trois: D'Grenze vum "Ech"

Och wärend der Pandemie mécht den Centre de Création Chorégraphique 3 C-L mat sengem Programm weider, dorënner dem traditionellen 3 DU TROIS, bei deem all drëtten Dag vum Mount zu Interesséierter zu Bouneweg Danzstécker ukucke kënne - allerdéngs, opgrond vun der aktueller Situatioun, just zu e puer. Dat erkläert dann och firwat d'Opféierunge vun e Mëttwoch mat den Dänzer Annick Pütz a Pierre Piton schonn ausverkaaft sinn.

auto_stories

5 min

D'Annick Pütz ass nach ganz mat senger Recherche beschäftegt, déi d'Dänzerin, zesumme mam Anne Kawala, enger franséischer Schrëftstellerin, ugefaangen hat. Dat op Initiativ vun der Escher Kulturfabrik, déi déi zwou Kënschtlerinnen zu enger gemeinsamer Kollaboratioun agelueden hat.

Faszinatioun fir d'Wahrsagerei

Dat war virun zwee Joer. Zur Residenz am Fréijoer zejoert koum et dunn awer net. Si hu sech awer getraff. D'Annick Pütz hat grad ronderëm d'Häerz recherchéiert. Zwee Projete waren dorausser ervirgaangen "Das Herzprojekt", do virdrun "Au coeur du coeur de l'écrin", e Spektakel deen de sougenannten Ecrin du coeur vum Anne De Bretagne zur Virlag hat: eng Schatull aus Gold déi als Reliquien am Musée Dobrée zu Nantes konservéiert gëtt an d'Häerz vun der Gräfin vun der Bretagne a spéiderer Kinnigin vu Frankräich enthält.

Séier hunn d'Annick Pütz an d'Anne Kawala Gemeinsamkeete festgestallt, dorënner eng Faszinatioun fir Wahrsagerei an d'Viraussoe vun der Zukunft, wéi se beispillsweis duerch déi a babyloneschen Zäite beléifte sougenannt "Leberschau" praktizéiert gouf.

D'Annick Pütz seet dozou:

"Et ass eng Form vu Wahrsagerei déi wärend e puer Dausende Jore praktizéiert gouf. Et ass also eppes wat wierklech laang gedauert huet an, wéi d'Quellen et verroden, fir eng reell Stabilitéit gesuergt huet fir déi Gesellschaft. An zwar well déi ganz Gesellschaft sech dëser Wahrsagerei gefüügt huet, jiddereen dorunner gegleeft huet a sech alles dorëmmer organiséiert huet."

Bei dëser aus haiteger Perspektiv op mannst onappetitlecher Praxis sinn Liewere vun Deieren, virun allem vu Schof ausgewäert ginn.

Wéi de Stefan Maul, Professer fir Altorientalistik op der Uni Heidelberg weess an op dee sech och d'Dänzerin baséiert huet, fënnt een op enger Schoofsliewer heefeg Markéierungen, dorënner Punkten, Lymphkniet a Flecken déi déi mesopotamesch Geléiert jee no positiven oder negativen Zeechen ausgeluecht hunn.

Dës aus haiteger Sicht komplett onwëssenschaftlech Wëssenschaft ass awer net ouni Parallellen zu der kënschtlerescher Approche:

"Et ass e bësse wéi e kënschtleresche Projet wou een och muss verhandelen. Wou een eng Basis huet vun där een ausgeet - dat sinn oft einfach nëmme Spillreegelen - fir weider ze goen an op déi een ëmmer nees zeréck verweist fir kënne weider ze goen an esou eppes Koherentes maachen ze kënnen dat dono existéiere kann."

Anatomie a Symbolik

Datt den Duo Annick Pütz - Anne Kawala da grad dëst Thema ausgewielt huet fir hir d'Stéck mam laténgeschen Titel "Polysemis" (iwwersat villdeiteg), dat den 3. Mäerz an der Banannefabrik gewise gëtt, wier dann drop zeréck ze féieren, datt hei esouwuel vun Anatomie wéi vu Symbolik riets géing an awer och aus opgrond vu Lehmkopien déi deemools a Mesopotamie vun dëse Liewere gemaach goufen, een hei gewëssermoossen och d'Thema vun der Schrëft oder der Verschrëftlechung vun Interpretatioune stéing:

"Et ass eng Manéier Warsagereien opzeschreiwen, weider ze ginn an ze archivéieren an deem een op e Modell aus Leem schreift. Dat heescht mir hunn hei d'Bezéiung tëscht deem Kierperlechen an der Schrëft, déi och déi zwee Beräicher sinn an deen d'Anne [Kawala] an ech selwer schaffen."

An hirem Stéck sichen déi zwee Kënschtler da manner definitiv Äntwerte wéi eng Ëffnung op d'Zäiten, fuerschend Beweegunge grad wéi op d'Spueren déi dobäi entstinn, op Texter déi méi Interpretatiounen zouloossen wéi allgemeng Polaritéiten. Et géing dorëms et Raum ze fannen deen tëscht de Saache läit, e Raum wou Individualitéit kann zur Sprooch kommen.

D'Grenze vum Ech

Nächste Mëttwoch ass dann awer och dem Pierre Piton säi Stéck "Open/Closed" ze gesinn an deem de Schwäizer Dänzer probéiert huet déi symbiotesch Mierkmoler vum "Lichen" also Flecht, wéi een et op de Beem fënnt am Bongert oder am Bësch, un ze eegenen.

An dobäi den Ëmstand ze erfuerschen, datt dobäi jo e Kierper individuell ofgeschwächt gëtt am Kontakt mat aneren. E bësse wéi jo och d'Grenze vum "ECH" - wann een et vun do aus kuckt - mat Momenter och ewech falen an am Plaz eng ganz aner Experienz stattfënnt, déi de Pierre Piton Metamorphos nennt. Mol ass e Kierper eleng mol entsprécht en engem anere Kierper.

De Pierre Piton:

"Mech interesséiert d'Opléisung vun der Individualitéit, d.h. deen Tëscheraum ze fanne vun der Ambivalenz wou d'Individuum ka sinn. A mech ze froen op dëse Begrëff vum "ech", vum "self" wéi een op Englesch seet, och wierklech gëtt oder op mer net ëmmer mat eppes a Verbindung stinn. Gëtt et wierklech eppes wat Bannen ass an eppes wat Baussen ass? Sinn d'Saachen esou onkloer? Oder gëtt et Verbindungen déi tëscht deenen zwee entstinn?"


An der Reegel brauch eng Flecht op d'mannst zwee Partner fir kënnen ze wuessen, erkläert de Schwäizer Dänzer: eng Alg an ee Champignon. Et hätt een hei also d'Iddi vun der Dualitéit déi noutwenneg ass fir ee Kierper eleng. Déi interesséiert den Dänzer besonnesch, well dat jo heescht datt wann et ee vun deenen zwee Partner net gëtt kann, eng Flecht net wuesse kann.

De Pierre Piton seet:

"Et geet also net dorëms op der Bün eng Flecht duerzestellen (laacht). Mee ze verstoe wat et heescht multipel ze sinn. Ech hunn do d'Bild vun engem Kierper deen am Pluriel ass."

Wéi beim Annick Pütz sengem Stéck steet och beim Pierre Piton nach net definitiv fest wéi alles e Mëttwoch wäert ausgesinn. Geplangt ass datt eng Mataarbechterin vun him op der Bün steet an de Grondgedanken nach emol mat engem anere Medium duerstellt. Et ass awer och geplangt Bezéiunge mam Public opzebauen an esou ze weisen datt een zesumme Verbindungen hierstelle kann, esouwuel siichtbarer wéi onsiichtbarer.

"A menger kierperlecher Recherche schaffen ech de Moment vill mat den Aen zou. Et geet mer dorëms ze kucke wéi ee Raum iwwer d'Haut erfaasst, iwwer d'Fangeren. Ech schaffe vill mat de Maueren an d'Fro wéi ee mat der Mauer fusionéiere kann. Wéi ee verschwanne Kanner a mam Buedem fusionéiere kann. An wéi dat selwecht am Raum méiglech ass. Wéi e Kierper kann am Raum verschwannen. Ech schaffe mat Kleeder, déi eppes wéi Verlängerunge vum Kierpere sinn déi sech metamorphoséieren. An ech froe mech wéi een sech kann am Raum opléisen."