Radioen

On air

Tockcity  |  Justice & Miguel - Saturnine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 3D-Klang duerch Konschtkapp

Tountechnik

3D-Klang duerch Konschtkapp

Zanter 2015 ass den däitsche Stefan Krebs als Fuerscher op der Uni Lëtzebuerg aktiv. Säi Spezialgebitt: Hien ass Dokter an der Technologiegeschicht. Dat bedeit awer net, datt hien sech ausschliisslech mat der technescher Evolutioun beschäftegt. Hien interesséiert vill méi den Afloss vun Technik op dat soziaalt Verhalen. Bei senge Recherchen ass hien op eng interessant Erfindung aus den 1970eger gestouss, déi hien zu enger Hörspillopnam motivéiert huet.

auto_stories

3 min

Wat 3D-Filmer sinn ass mëttlerweil bekannt, mä wéi lauschtert een 3-Dimensional? Fir dat ze erklären, gëtt e vernoléissegt Kapitel vun der Technologiegeschicht opgeschloen, an zwar d'Stereophonie. Och wa Stereo souzesoen d'Musekskultur vum 20. Joerhonnert ausmécht, ass d'Geschichtsschreiwung doriwwer quasi inexistent. Wat genee ass also Stereo?

Op engem PC-Forum gëtt de Begrëff erkläert: Stellt Iech en Orchester vir, bei deem lénks d'Geien a riets d'Hautboise placéiert sinn. Bei Stereo héiert een aus dem lénke Lautsprecher d'Geien a riets d'Hautboisen. Bei Mono héiert e keng Differenz.

Dëse Raumeffekt sollt duerch d'Opnam mat engem sougenannte Konschtkapp - oder dummy head - optiméiert ginn. Déi synthetesch Kreatioun hat d'Gréisst vun engem Duerchschnëttskapp, war formell staark vereinfacht an hat a béiden Ouere Mikroe fir d'Opname stiechen. Déi sollten e Liveconcert oder en Theaterstéck esou ophuelen an erëmginn, wéi de Spektakel am Raum ze erliewe war.

"Eng grouss Sensatioun"

De Konschtkapp gouf um Enn vun de 60er Joren entwéckelt. "Dat éischt binauraalt Hörspill gouf 1973 opgezeechent, an am nämmlechte Joer op der internationaler Funkausstellung virgestallt." Et schwätzt ee vun enger binauraler Tounopnam, wann ee Schallsignaler mat Mikroen ophëlt, déi duerno beim Ofspille just iwwer Kopfhörer eng natierlech Impressioun beim Nolauschterer hannerloossen. "Binaural" heescht "fir béid Oueren". "D'Hörspill war déi grouss Sensatioun deemools. Déi ganz Press war voll vu begeeschterten Experienzen." Jidderee war erstaunt, wéi realistesch sou Hörspiller kléngen. "D'Hoffnung war grouss, datt deemnächst alles, wat een am Radio héiert wäert 3-Dimensional sinn."

Vun 1973 un bis an d'Mëtt vun den 80er Jore goufen eng 100 Hörspillproduktioune vun ënnerschiddleche Radiostatiounen opgeholl. Virun allem an Däitschland. "Mä sou Hörspiller ze produzéiere war net ganz einfach, besonnesch an där Zäit. D'Opname si schwéier ze schneiden an et muss een déi verschidden Zeenen ëmmer ganz duerchspillen, e bësse wéi op enger Theaterbühn," seet de Stefan Krebs.

Raimlech Beweegung spillt dramaturgesch Roll

Mam Kapp huet een deemools in situ geschafft. Et huet een zum Beispill misse mat de Contrainte vun enger Stad oder dem Wieder eens ginn. Et war déi grouss Zäit vun de kreativen Touningenieuren, déi enger Opnam selwer e perséinlechen Touch ginn a sech net eent zu eent un d'Enregistrement vun engem kënschtlechen Déckkapp hale wollten.

Fir d'Geschicht vun der Konschtkapp-Stereophonie engem breede Publikum gräifbar ze maachen, huet de Stefan Krebs selwer eng Konschtkapp-Radiophonie geschriwwen a produzéiert. An dat mat original Dummy-heads. Den 11. Juni diffuséiert de radio 100,7 dem Stefan Krebs säin Hörspill "Glanz und Edel der Kunstkopf-Sterophonie" um hallwer 8 live an duerno an der Mediathéik. An deem fiktive Stéck interviewt e Journalist e Medienhistoriker. Dobäi ginn d'Méiglechkeete vum Konschtkapp akustesch demonstréiert, fir dem Nolauschterer d'Gefill fir d'Technik ze ginn. "Et ass net esou einfach sech Zeenen auszedenken, wou déi raimlech Beweegung eng dramaturgesch Roll spillt. Wann dat net de Fall ass, wisou brauch een dann en 3D-Hörspill?"

Raumakustik ass wichteg fir d'Produktioun

D'Fuerscher hunn also fir d'éischt am klassesche Studio ugefaangen, mä hei konnte si net mat der Raumakustik spillen. "Mir hunn dann am Bannenhaff vum Bayrischer Rundfunk opgeholl, dono am Foyer virun de Studioen. Et huet een d'Leit am Hannergrond héieren, wéi si aus dem Lift geklomme sinn an erëm eragaange sinn." D'Fuerscher wieren net am Zäitdrock gewiescht an hätten och keen Drock gehat, d'Produktioun sou séier wéi méiglech fäerdeg ze kréien, erzielt de Stefan Krebs. "Wann ee Regisseur vu sou Hörspiller ass, gesäit d'Situatioun ganz anescht aus."

A wéi eng Impressioun huet d'Geschicht beim Stefan Krebs hannerlooss? Keng ouereschiedegend oder desequilibréierend. Duerch déi konkret Ausenanersetzung kann de Fuerscher elo besser en objektive Bilan vun der Konschtkapp-Geschicht maachen, ouni emotional oder gestresst um "Dummy" hänken ze bleiwen.