Radioen

On air

Notturno  |  Witch - Waile

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Abschied des Hofbibliothekars

Kultur

Abschied des Hofbibliothekars

Dem Gast Mannes säi Buch "Der Abschied des Hofbibliothekars" erzielt vum Alldag vun engem Bibliothecaire um Haff. Vum Leibniz iwwer de Kant bis bei de Gast Mannes perséinlech, dee Bibilothecaire um Schlass Bierg war. Hien huet säi Wierk am Literaturarchiv zu Miersch am Gespréich mam Claude D. Conter presentéiert.

auto_stories

5 min

Am Gespréich mam Claude D. Conter a mat Extraite gelies vum Steve Karier gouf d'Buch "Der Abschied des Hofbibliothekars" vum Lëtzebuerger Auteur Gast Mannes am Nationale Literaturarchiv viru gutt gefëlltem Sall virgestallt. Uganks huet den Direkter vum Nationale Literaturarchiv de Gast Mannes gefrot, wat e Bibliothecaire da sou de léiwe laangen Dag um Haff géif maachen. Domat huet hien op eng Remarque vum däitsche Literaturkritiker Denis Scheck ugespillt. Ob d'Fro, wat hien am Liewen nach erreeche wéilt, sot den Denis Scheck nämlech: Bibliothecaire um Haff vum Grand-Duc zu Lëtzebuerg.

"Et war e bësse wéi am Paradäis"

"Dat leit dorun, datt ech bei enger Literatur Präisiwwerreechung eng Kéier nieft engem Mënsch souz, dee ganz glécklech gewierkt huet. Deen huet mir erzielt, datt hien Haff-Bibliothecaire vum Grand-Duc wier."

Dee Mann, dee sou glécklech gewierkt huet, ass de Gast Mannes. An den Androck vum däitschen Auteur a Kritiker, Denis Scheck, huet bis haut net geännert. Den Denis Schéck wollt och wëssen, ob een als Bibliothecaire beim Grand-Duc zu Lëtzebuerg vill ze maachen hätt. Och dat huet de Claude D. Conter de Gast Mannes gefrot. Hien hätt sech net gelangweilt, seet de Lëtzebuerger Auteur.

"Et war vill Aarbecht do, mä och vill Zäit fir näischt ze maachen. Wann den Denis Schéck seet, ech wier e gléckleche Mann, da muss ech soen "jo". Wéi soll ech net? Ech hunn de ganzen Dag an der schéiner Ambiance vun der Bibliothéik um Haff verbruecht. Ech konnt liesen, wat ech wollt an ech hat genuch Zäit fir ze denken an ze schreiwen. Et war e bësse wéi am Paradäis".

Divergenzen tëscht Bibliothecaire a Monarch

Allerdéngs geet aus aneren Tableauen am Gast Mannes sengem Buch "Der Abschied des Hofbibliothekars" och ervir, datt dës Aufgab net fir jidderee vergläichbar mam siwenten Himmel war. Dat gëtt ënner anerem am Kapitel iwwer d'Bridder Grimm kloer.

De Gast Mannes huet sech a senger Recherche besonnesch fir d'Audienze vun den Haffbibliothecairë bei hire respektiven Herrscher interesséiert.

"Dat heescht, wann de Bibilothecaire a senger offizieller Funktioun an net als Privatpersoun geruff gëtt. Den Éisträicher Franz Grillparzer huet an enger Audienz stonnelaang op de Monarch gewaart. Wou de Monarch koum an e gefrot huet, ob hien zefridden ass, huet de Grillparzer misste "jo" soen. De Monarch huet doropshi just mat der Hand gewonk an domat war d'Audienz eriwwer. Dat kënnt dacks am Text vir, datt sech eng Diskrepanz tëscht béide weist."

D'Gebridder Grimm

D'Bridder Grimm, déi ënner anerem fir hir Märercher bekannt sinn, ware Bibliothecaire beim Kurfürst zu Kassel. Och si hätte keen einfache Stand um Haff gehat, erzielt de Gast Mannes. De Jacob an de Wilhelm hätten aus finanzielle Grënn dës Plaz missten unhuelen. Si wiere mat groussen Illusiounen un dës Aufgab erugaangen, seet de Gast Mannes.

"Si goufen zum Beispill forcéiert, fir de ganze Katalog opzestellen, wat si och gäre gemaach hunn. Mä du goufe si forcéiert, fir dësen ofzeschreiwen. A wou si de Katalog och eng zweet Kéier ofgeschriwwen haten, hu si et nach eng drëtt Kéier misste maachen. Déi zwee Männer, déi Groussaarteges an der Linguistik, de Märercher an der Seeche-Fuerschung geleescht hunn, haten op eemol d'Gefill, ausgenotzt ze ginn. “

Wéi d'Gebridder dem Kurfürst dat allerdéngs soten, krute si als Äntwert, "D'Häre Grimm hunn ni eppes fir mech gemaach”. Dorops hin hunn d'Bridder Grimm den Haff verlooss a sinn aus hirer Heemecht fortgaangen.

Ënnerschiddlech literaresch Formen

An "Der Abschied des Hofbibliothekars" beschreift de Gast Mannes an néng verschiddene Kapitelen d'Liewen vun de jeeweilege Bibliothecairen, wéi d'Relatioun zwëschen hinnen an hiren Häre war. Hie wielt dofir all Kéiers eng aner Form. De Lieser kritt zum Beispill Ablécker an e Gespréich tëscht dem Gottfried Wilhelm Leibniz mat der Kurfürstin Sophie von Hannover, eng Ried vum Lessing u seng Frënn, Bréiwer vum Kant aus senger Zäit vum Bibliothecaire zu Königsberg an eng Erzielung vum Hölderlin, dee Bibliothecaire zu Bad-Homburg war.

Ofschléissend e Bréif vum Viktor dem 1., Herzog vu Ratibor, un de Professer Hoffmann vu Fallersleben. An dësem Bréif gëtt de Bibliothecaire wuel vernannt gëtt, awer tëschent de Linnen kléngt e frëndschaftlechen Toun.

Rauden, diesen Samstag

Lieber Professor,

Leider ist der Anlass dieses Briefes ein unerfreulicher. In letzter Zeit wurde mir eine Reihe von Beschwerden über Sie zugetragen.

So sollen seit ihrer Abwesenheit, sehr viele Namen der Fremden, welche die Bibliothek besahen und welche der Bibliothekdiener Stroh und ihre Schwägerin Alvine zum Berge in der Bibilothek herumgeführt haben, in dem Fremdenbuche eingeschrieben stehen. Der p. Stroh erklärte nun, der Herr Professor habe ihm vor seiner Abreise mündliche Vollmacht erteilt, wenn Herren kämen, die Bücher aus der Bibliothek haben wollten, so solle Stroh die Herren in die Bibliothek hineinführen, damit sie sich nach Belieben die Bücher aussuchen und mitnehmen können. Nun sollen sich drei Damen eingestellt, und sich den größten Folianten der Bibliothek, die Ansichten vom Himalaya, besehen haben. Die Damen waren ganz allein, ohne weitere Beaufsichtigung und bei verschlossener Tür in der Bibliothek. Kurz darauf wurde das Fehlen des Bandes festgestellt, ein paar Stunden später fand er sich wieder an seinem gehörigen Platze ein. Es ist zu beklagen, dass derartige kostbare Werke aus der Bibliothek in Privatwohnungen gelangen, wo leicht, gegen alle Absicht, Beschädigungen vorkommen können, namentlich wenn Kinder vorhanden sind.