Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Le Consentement" gouf publizéiert

Affär Matzneff

"Le Consentement" gouf publizéiert

A Frankräich ass nees eng Polemik ëm den ëmstriddene Schrëftsteller Gabriel Matzneff opgeflaamt. Déi 47 Joer al Vanessa Springora beschreift an engem Buch, wéi si Mëtt den 1980er am Alter vu 14 Joer seng "Maîtresse" gouf. Hien hat deemools bal 50 Joer. Allerdéngs war dem Matzneff seng Virléift fir Mannerjäreger scho laang ëffentlech bekannt.

auto_stories

3 min

Foto: Editions Grasset

Den Donneschdeg koum a Frankräich bei den Editions Grasset "Le Consentement" vun der Vanessa Springora eraus. Déi 43 Joer al Autorin ass zanter Kuerzem Direktesch vum franséische Verlag Julliard. An hirem Buch mécht si hir fréier Relatioun mam Schrëftsteller Gabriel Matzneff ëffentlech - eppes wat am Paräisser Literatur-Milieu scho laang bekannt ass.

D'Press huet schonn Extraiten aus deem Buch zitéiert, aus deenen ervirgeet, datt d'Vanessa Springora am Alter vun 13 Joer de Matzneff kennegeléiert hat. 14 Joer jonk war si dunn, wéi si den Avancë vum 35 Joer méi ale Schrëftsteller noginn hat. D'Relatioun wier och gutt gelaf, bis dat jonkt Meedche spatz kritt hätt, datt de Gabriel Matzneff niewelaanscht Bezéiunge mat anere Meedercher an hirem Alter gehat hätt. D'Affär mam Matzneff, sou schreift d'Vanessa Springora, hätt si dono an hirem Liewe belaascht, si hätt dowéinst un Depressioune gelidden. Den Haaptinteresséierten huet an der Press vun "ongerechten an exzessiven" Attacke geschwat. Dat tëschent dem Vanessa an him wier eng "schéi Léift" gewiescht.

Nach ni viru Geriicht verurteelt

Net nëmmen huet den haut 83 Joer ale franséische Schrëftsteller Gabriel Matzneff seng sexuell Virléift fir mannerjäreg Jongen a virun allem Meedercher ni verstoppt. Si war ganz einfach den Haaptsujet vu senge sëllege Romaner a verëffentlechten Tagebicher. Beschriwwe gëtt doranner d'Liewe vun engem raffinéierte Paräisser Jonggesell, dee seng Fräiheet genoss huet an d'Aventurë mat jonke Leit reegelrecht gesammelt, a Frankräich oder als Sextourist a Länner wéi de Philippinnen. 1974 schonn hat de Matzneff an engem Essai mam ausdrécklechen Titel "Les moins de seize ans" erkläert, firwat hie sech besonnesch fir dës Alterskategorie géif interesséieren.

An de Medie gouf de Gabriel Matzneff laang als respektabele Schrëftsteller invitéiert, seng sexuell Eskapade goufen ni wierklech als all ze problematesch ugesinn. Bis haut ass hie vu kengem Geriicht verurteelt ginn, weder fir seng Bicher, nach fir säi Verhalen. Den Haaptinteresséierten huet och ëmmer ënnerstrach, datt hie wëlleg Jugendlecher verféiert hätt vun ëm déi 15 Joer. Vun deem Alter un däerf een dem franséische Gesetz no sexuell Relatioune mat engem Erwuessenen hunn.

D'Denise Bombardier

D'Atmosphär vu gudder Laun a Schmunzelen, mat där hien zum Beispill 1990 an der berüümter Emissioun Apostrophe vum deemolege Literaturpoobst Bernard Pivot empfaange gi war, gouf eleng duerch déi energesch Desapprobatioun vun der kanadescher Publizistin Denise Bombardier gestéiert. D'Fra gouf doropshi vum literareschen Establishment schaarf ugegraff. Am Kontext vun der neister Polemik ëm de Gabriel Matzneff gouf d'Denise Bombardier an deene leschten Deeg nees gäre vu Medien ëm hir Meenung gefrot.

Sengersäits huet de Bernard Pivot op Nofro hin ze verstoe ginn, datt een deemools beim Thema Sex tëschent Erwuessenen a Mannerjärege méi tolerant gewiescht wier wéi haut. Et wieren eben aner Zäite gewiescht, sot hien zu senger Verdeedegung.