Radioen

On air

Metal Meltdown  |  Metal Meltdown

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aschengänger a Staubkörner zu Auschwitz

Literatur

Aschengänger a Staubkörner zu Auschwitz

A sengem "Aschengänger" huet de Jay Schiltz seng Andréck vun de Visitten op Auschwitz a Birkenau literaresch verschafft. Den Auteur huet Wierder fir déi ongleeweg Verbriechen un der Mënschheet fonnt. Am Gespréich erzielt hien iwwer säi Buch an iwwert d'Reesen op déi Plazen, wou 1,5 Millioune Mënsche während dem Zweete Weltkrich ermort gi sinn.

auto_stories

4 min

Jay Schiltz

Zënter 20 Joer organiséiert d’asbl. "Témoins de la 2e génération" ëm den éischte November eng Rees op Auschwitz a Birkenau mat all Kéiers ronn 120 Lycéesschüler. De Jay Schiltz, Mataarbechter beim 100,7, ass schonn zënter 15 Joer dobäi. Reesen op d’Plaze vun deene bis elo gréisste Verbriechen un der Mënschheet, Reesen déi een ëmmer op en Neits opwullen. No sengen éischte Visitten hat de fréieren RTL Tëlee-Journalist ee Film gedréint, deen och net esou schlecht gewiescht wier. “Ech hat iergendwéi d’Gefill, wéi wann eppes weider nach misst geschéien”.

D’Iddi wier ëm du komm, fir dat Ganzt literaresch, philosophesch ze verschaffen. Net nëmmen Temoignagen asammele vun deene Leit, déi iwwerlieft hunn. “Mee dat och an eng Form ze bréngen, wou ech hiren Anonymat konnt bewahren an och eng gewëssen Distanz a Respekt konnt affichéieren”, erkläert den Auteur vun “Aschengänger”. An dann och fir ze beschreiwen, wat déi Erfahrung mat him selwer gemaach huet…

Dem Auteur säin Alter Ego, un engem Mythos inspiréiert

D’Figur vum Ahasver, dem éiwege Judd, ass am 13. Joerhonnert a chrëschtleche Vollekssoen entstanen. Den Ahasver kann d’Liewen net verléieren, well en den Doud verluer huet. Hien ass verdaamt, an aller Éiwegkeet ronderëm ze wanderen... De Protagonist vum Jay Schiltz sengem Roman, de Jakob Aschengänger, ass direkt vun deem Mythos inspiréiert.

"Le Juif errant" zitt sech duerch d’Literaturgeschicht. Gréisste wéi Apollinaire, Baudelaire, Voltaire, Ibsen, Perutz, García Márquez, Heym, Chateaubriand, asw. hunn dës literaresch Figur fir sech entdeckt. Déi eng hunn se mëssbraucht als Verkierperung vu Misär, Krankheeten an de Verrot u Jesus Christus. Anerer hunn se als Symbol fir Ongerechtegkeet a Xenophobie benotzt. Fir déi jüddesch Diaspora war et eng Allegorie op d'Schicksal vun der Verfolgung a Verdreiwung.

Den Aschengänger als Alter Ego vum Auteur Jay Schiltz… “Ëmmer méi ass et zur Verflichtung ginn, fir dat ëmmer erëm ze maachen.” Déi Jugendlech mathuelen, hinnen weisen, zu wat et féiere kann, wann een sech net wiert. “Virun allem emol géint d’Dommheet vun de Leit: Rassismus, Friemenhaass wat jo och elo erëm ëmmer méi ënnerwee ass”.

Wou kënnt den Numm “Aschengänger” hir?

“Alleguerten duerch de Kamäin, meng ganz Famill ass duerch de Kamäin gaangen”, zitéiert de Jay Schiltz een Temoin, eng Fra, déi zu Auschwitz iwwerlieft huet, a während enger vun de Visitten dat Erliefte verzielt. “An da geet se weider a seet: ‘Denkt drun, op wat der hei trëppelt, wat der anotemt, dir trëppelt hei op den Äsche vu mengem Vollek’. Aschengänger. Ech sinn en Aschengänger”, erkläert de Jay Schiltz. De Virnumm Jakob huet de Jay Schiltz alle Jakoben dediéiert, déi zu Auschwitz ëmbruecht gi sinn – symbolesch fir déi ganz Vernichtung.

Och Schüler, déi un dëse Visitten deel huelen, ginn am Roman beschriwwen. D’Aart a Weis, wéi si Auschwitz erliewen, wéi an hire Gesiichter "nach und nach das schreckliche Verbrechen Gestalt annimmt". Fir si – “d’Haaptdestinataire vun deene Messagen” - huet hien e ganz besonnesche Numm fonnt: Staubkörner. “Si kommen esou dohinner, ginn opgewirbelt, ‘Sand im Getriebe’ ze sinn, Sand am Dommen Denken, zum Beispill. Ze soen: ‘Stopp! Mir wëllen dat do net!’”

“Dat Kand op der Foto”…

D’Visitte gi begleet vun Zäitzeien, vu Mënschen, déi Auschwitz iwwerlieft hunn an de Staubkörner erzielen, wéi se et erlieft hunn. Dat Verbrieche kréich esou ee Gesiicht. “All dat Wëssen, wat een doriwwer gemengt huet, ze hunn, dat gëtt eigentlech wäertlos”, fënnt de Jay Schiltz.

Den Auteur erzielt net lineaire. Géigewaart a Vergaangenheet wiesselen sech of, eng Vergaangenheet, déi sech am Jay Schiltz senger Géigewaart agepräägt huet. “Dat Kand op der Foto, dat laacht esou onsécher an d’Kamera eran. A wann een da bedenkt, datt dat Kand... ech weess et net… 10 Minutten, eng Véierel Stonn duerno dout war, dat paakt een dann…”

An egal wéi haart et ass, mat der beschriwwener Realitéit ze liewen, sou hält dem Jay Schiltz säi Buch mat enger positiver Ausso op. Mat Wierder, hannert deenen sech dem Ahasver säi Laache verstoppt...


"Aschengänger" vum Jay Schiltz ass bei Editions Binsfeld publizéiert ginn.