Radioen

On air

Notturno  |  Althea & Donna - Uptown Top Ranking

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Berliner Studente restauréiere Fotoen

Stage am CNA

Berliner Studente restauréiere Fotoen

Studente vun der "Hochschule für Technik und Wirtschaft Berlin" waren zwou Woche laang fir e Foto-Restauratiouns-Stage am CNA zu Diddeleng. Zënter enger éischter erfollegräicher Zesummenaarbecht am Joer 2010 gëtt et e Kooperatiounsvertrag tëscht der däitscher Héichschoul an dem Centre National de l'Audiovisuel (CNA).

auto_stories

3 min

D'CNA-Fotoarchivistin Sandy Dos Santos huet de Studente Fotoen aus engem private Fong ze beaarbechte ginn. Archivist, Restaurateur a Konservéierer schaffe bei esou engem Projet idealerweis fir dat selwecht Zil zesummen, och wann d'Kompetenzen an d'Prioritéiten anerer sinn.
"D'Archivistë probéieren esou vill Informatioune wéi méiglech ze fannen, wa si e Fong kréien. Wa mir keen Datum op der Foto hunn, da kënne si unhand vun der Technik vun de fotografesche Verfahren zimlech séier erausfannen, wéini d'Prise de vue gemaach ginn ass", esou d'Sandy Dos Santos.

Fotoschichten ënnersichen

An der éischter Woch vum Stage ass et ëm den Identifikatiounsprozess vun de Fotoe gaangen. Fir d'éischt goufen dës op hir Surface mam bloussen A gescannt. D'Studenten hunn no Splécken an de Fotoschichte gesicht, fir detektéieren ze kënnen, ob et sech ëm zwou- oder dräischichteg Fotoen handelt.

Duerch dës Analyse léisst sech de fréiere Prozess agrenzen. Fir sécher ze goen, kontrolléieren d'Studente dëst awer och nach mat engem Mikroskop. D'Materialanalys steet also virun den Indikatiounen zu engem Portraitéierten oder den Hannergrënn.

Historesch Dokumenter sécheren

D'Anne Jüster ass selbststänneg Restaurateurin a Labo-Ingenieurin am Fachberäich "Audiovisuelles und fotografisches Kulturgut" op der HTW Berlin. Ursprénglech kënnt si aus der Tréierer Regioun an huet selwer als Studentin éischt praktesch Erfahrunge beim CNA zu Diddeleng gesammelt. Fir si ass d'Aarbecht net fir an den Tirang bestëmmt a si ass der Meenung, datt een als Restaurateur virun allem Virwëtz, Gedold an Ausdauer brauch.

Am Grupp ass Jidderee fir sech a kontrolléiert déi eege Gesten. Wann et Froen oder Zweiwel ginn, gëtt awer am Grupp diskutéiert. D'Recherche wier den éischte Schratt bei dëser Aarbecht. "Et huet een hei fir de Musée oder d'Archive geschafft an historesch Dokumenter geséchert. Am Prinzip gesäit een duerno och näischt vun der Restauréierung, just wann ee ganz no bäi geet", esou d'Anne Jüster.

Dank Praxis méi sécher

Eng vun de Studentinne vun der HTW Berlin ass d'Ulla. Si huet fir d'éischt Kulturwëssenschafte studéiert an duerno an engem Fotoarchiv geschafft. Iergendwann ass et hir net méi duergaangen, Dokumentatioun oder Informatioun ze preparéieren an an eng Datebase ze setzen.

Eng aner Studentin ass d'Becky, déi och schonn 2016 am Summer am CNA geschafft huet. D'Becky beaarbecht eng Foto mat enger sëlwereger Spigelung. Duerch d'Oxydatioun ass d'Sëlwer un d'Surface komm a si versicht mat hirer Aarbecht den Effet ze reduzéieren.

Well d'Coursen zu Berlin op der Héichschoul an engem Stéck wiesselen, kéint ee sech do net zwou Woche laang esou intensiv op eppes konzentréieren, esou d'Studentin. Och déi aner Studente géife begréissen, datt si sech no zwou Wochen am CNA duerch d'Praxis méi sécher a méi vertraut mat allem fillen.