Radioen

On air

Notturno  |  Tvesla - Lonesome Rider

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Christine Angot, eng onméiglech Literatur?

Schrëftstellerin vum Mount

Christine Angot, eng onméiglech Literatur?

Mat hirem autobiographesche Roman “L’Inceste” hat déi franséisch Schrëftstellerin, Dramaturgin a Chronistin Christine Angot e mediale Stuerm ausgeléist, deem der nach eng ganz Rei nokomm sinn. Fannen hir Romaner wéinst hirer Qualitéit oder wéinst den ëffentlechen Optrëtter an Aussoe vun der Autorin esou e groussen Uklang?

auto_stories

7 min

“Mon ambition, c'est d'être ingérable; que les gens m'avalent et qu'en même temps ils ne puissent pas me digérer.”

Eng näischtsoend Schrëftstellerin oder eng Schrëftstellerin, déi näischt ze soen huet? Ass dat wat si erzielt Literatur? Oder muss ee sech erëm d’Fro stellen, wat Literatur ass? A virun allem firwat se existéiert a wéi eng Bedeitung, wéi e Sënn se iwwerhaapt huet?

Konscht däerf alles. Literatur ass Konscht. Mee ass alles gutt, wat Konscht ass oder sech als Konscht definéiert?

Vläicht muss een och emol iwwer schlecht Literatur schwätze fir déi gutt erëm richteg z'appreciéieren, z'erkennen a sech nach méi un hir z'erfreeën? Mee dann hätte mer vill ze dinn a firwat soll een seng Zäit mat schlechte Bicher verbëtzen, wou een der mol net genuch huet fir och nëmmen e Brochdeel vun der Gudder ze liesen…

D'Christine Angot schreift iwwert d'Christine Angot

Et ass gewëss net evident Literatur objektiv ze bewäerten. Trotzdem ginn et gewësse Kritären, déi d'Qualitéit bestëmmen, an déi gutt gëtt souwisou och 50 an 100 Joer no hirer Publikatioun gelies. De Rescht verschwënnt am Nirvana vun der Schundliteratur a geréit an d'Vergiessenheet. An esou wäert et och de Romaner vun der Christine Angot ergoen...

Firwat ech se awer gelies hunn? D'Christine Angot ass 2015 fir hire Roman „Un Amour impossible“ mam Prix décembre ausgezeechent ginn. An dat war net déi éischt Auszeechnung. 2005 war si mam Prix France Culture fir “Les Desaxés" an “Une Partie du cœur” belount ginn, 2006 mam Prix de Flore an 2012 mam Prix Sade, deen si awer net ugeholl huet... Net aus iergendwelleche Grënn, déi argumentativ dësem Präis widderspriechen: si wollt sech just net d’Chance verbauen ee méi groussen, méi bedeitende Präis ze kréien. D’Christine Angot hat mam Goncourt gerechent...

Hir éischt Publikatioune gi praktesch net wouer geholl, bis si 1999 mat hirem Roman “L'Inceste” d'Lieser an d'Literaturkritiker an zwee Campe spléckt. Déi eng si begeeschtert vun der Geschicht, an där d'Christine Angot d'Geschicht vun der Christine Angot erzielt.

Vulgär Sprooch ouni iergend eng literaresch Ästhetik

“Je m’appelle Angot depuis mes quatorze ans, où il m’a reconnue, loi sur la filiation de 72, avant je m’appelais Christine Schwartz, mais ça vous le savez, je l’ai écrit dans presque tous mes livres ; ou alors c’est que vous n’avez pas fait attention.”

D'Christine Angot erzielt hei eng sexuell Relatioun mat enger Fra fir dann op de Papp ze kommen. E Papp, deen si eréischt unerkannt huet, wou si 14 Joer hat, an dee si sexuell mëssbraucht huet...

E Roman, dee virun allem als e Skandal opgeholl ginn ass. Déi eng si faszinéiert vun der objektiver, kaler Sprooch an där d'Angot des inzestuös Erliefnisser beschreift. Anerer gesi just eng nombrilistesch Erzielung, an där - an enger vulgärer Sprooch ouni iergend eng literaresch Ästhetik - déi eege Geschicht opgeschafft a mat der Mamm, mat der Gesellschaft an natierlech mam Papp ofgerechent gëtt.

Autofiktioun?

En autobiographescht Wierk? Eng Autofiktioun? D’Christine Angot gesäit dat net esou einfach. Si wier jo awer keng Romanfigur, si kéint net op déi reduzéiert ginn...

Eigentlech misst dat jo och egal sinn, mee wann ee vun dësem Aspekt ofgesäit, da muss ee sech froen: wat bleift dann nach? Eng aussergewéinlech Sprooch? En iwwerraschende Stil? Vläicht läit d’Qualitéit vun dësem Buch an de grausamen Descriptioune vum Mëssbrauch…

All eenzel Sexzeen gëtt am Detail ausgemoolt, e Versuch d‘Erotik an all hiren Extasen duerzeleeë fir da mat der Enthüllung ze schockéieren, datt si him soll soen, datt si frou mat him ass, an si seet et: je t’aime, papa...

D‘Véronique Le Goaziou schreift am Nouvel Observateur:

“La force terrible de ce texte, superbe récit d’une histoire sordide que nous dévorons le cœur au bord des lèvres, n’est pas qu’il nous fait comprendre l’inceste, sa force est qu’il nous le fait vivre. C’est une lecture physique, indiscutablement, dont nous sortons plus sales (et voyeurs et honteux) que nous ne l’étions. Mais aussi plus intelligents.”

Mee ass et de Sënn vun der Literatur en eenzelt Schicksal “nozeliewen”, sech betraff ze spieren? Gëtt een sech eréischt duerch d’Lecture vun engem Roman der Grausamkeet an der fuerchtbarer Gewalt um Kierper an un der Séil vun engem Kand bewosst?

Oder ass et de Voyeurismus, deen hei gekëddelt gëtt? “Et le lecteur se retient pour ne pas vomir”, schreift d’Véronique Le Goaziou weider a mengt, esou Literatur wär wichteg, fir drun z’erënneren, datt d’Vergewalteger seele Friemer sinn, mee meeschtens am familiären a Bekanntekrees ze fanne sinn.

"Angot est une sainte de la pauvreté d’esprit"

Ganz anescht gesinn de Pierre Jourde an den Eric Naulleau d’Wierker vum Christine Angot:

“Ce repli narcissique de vieille gamine desséchée par une avarice sénile dégoûte un peu, fait pitié un peu. C’est là le vrai génie : un grand écrivain a l’audace de nous écœurer. Angot est une sainte de la pauvreté d’esprit”.

An och am Figaro titelt den Nicolas Ungemuth seng Kritik : “Christine Angot, la bulle médiatique et le néant”.

Hei geet et ëm de leschte Roman “Un Amour impossible”, an deem si den Inzest fir déi drëtte Kéier thematiséiert. Et soll eng Zort Versöhnung a Libeserklärung un hir Mamm sinn, eng Mamm, déi näischt géint de Mëssbrauch ënnerholl huet, déi sou fuerchtbar verléift an de Pierre Angot war, deen si mam Kand sëtze gelooss huet an déi jorelaang drop gewaart huet, datt hie bei si zréck kënnt a sech zu hir, Rachel Schwarz, an dem gemeinsame Kand, Christine Angot, bekennt.

Gezielt gëtt d’Kenneléieren, d’Zesummekommen an d’Trennung vun der Koppel an d’Léift vum Kand zu der Mamm. Och hei erëm kuerz, banal Sätz, déi ustrengend sinn, net well se ze komplizéiert wieren, mee se der Trivialitéit all Éier maachen. De Versuch, mat de Kommaen ze spillen, de Lieser duercherneen ze maache geléngt hir. Mee wou ass do de Sënn?

Wat wëll si domat bezwecken? Op alle Fall ass och dësen Exercice sécherlech keng Plus-value fir en Text, dee virun allem an der franséische Magazine Gala an Elle op positiv Resonanze gestouss ass.

"Bricolage spirituel"

An engem Interview mat der Zeitung Le Monde erkläert d’Angot, datt dësen drëtte Roman iwwer den Inzest immens wichteg wier : “L’Inceste, ce serait la déclaration […] Une semaine de vacances, c’est la définition. […] Avec Un amour impossible, on a l’explication.”

Explikatioun vu wat? Vun der Léift vun der Mamm zum Mann, deen d’Kand mëssbraucht huet? D’Léift zu der Mamm, déi si fir d'éischt ëffentlech diffaméiert huet fir hir dann, virun de 85.000 Lieser, déi sech op des Publikatioun gestierzt hunn, ze verzeien?

“Éclaireuse mystique, hybride de Jeanne d’Arc et du Dalaï Lama, elle ouvrit la voie à la révolution religieuse de l’entre-deux- siècles qui vit l’émergence d’une combinaison inédite de judéo-islamo-christianisme et de bouddhisme. Ce genre de bricolage spirituel, on ne le sait que trop, précède généralement de fort peu l’engloutissement de civilisations toutes entières, ainsi qu’en atteste la chute de l’Empire romain. Rien de tel cette fois. L’Âge d’or de la littérature française et l’accession collective à une manière de nirvana en forme de Club Med se payèrent d’un prix fort modique – le renoncement à tout plaisir de lecture”.

Sou beschreiwen d’Literaturkritiker Pierre Jourde an den Eric Naulleau d’Christine Angot an där hir Literatur. Ob si gutt schreift oder net - dat sief da nach emol dohi gestallt. Wat si op alle Fall gutt kann, dat ass mediewierksam optrieden. A wann et och nëmmen ass, fir all déi Prozesser ze beschwätzen, an deenen si veruerteelt ginn ass, well se net just déi eege Geschichten, mee och d’Geschichte vun anere Leit an hire Romaner esou devoiléiert, datt si Onschëllege vill Schued mécht... Alles dat am Numm vun der Literatur?