"De Moment fir eng nei Erausfuerderung ass komm", seet de Claude Mangen. De 25. Anniversaire vum radio 100,7 dëse September wier fir hien eng gutt Geleeënheet, fir Plaz ze maache fir nei Leit an nei Iddien.
"Ech si vun Ufank un dobäi, ech hat de Privileg de Projet vum ëffentlech-rechtleche Radio ze begleeden, mat hëllefen ze gestalten, eng immens Chance"
"Retour à mes premiers amours"
De Claude Mangen ass nieft senger Aktivitéit als Programmcoordinateur vum radio 100,7 och als Acteur, Regisseur an Auteur bekannt. D'Nominatioun als Direkter vum Mierscher Kulturhaus wier eng "wahnsinneg Chance fir esou e schéint Haus", wou hie schonn an der Vergaangenheet hätt kënne vill Produktioune maachen, "nach weider ze entwéckelen."
De 55 Joer ale Claude Mangen wiesselt den 1. November 2018 an d'Mierscher Kulturhaus. Den 1. Januar 2019 iwwerhëlt hien d'Direktioun.