Radioen

On air

De Moien  |  Superwaljoer um afrikanesche Kontinent

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CNL: Fundstücke-Trouvailles #5

Nei Publikatioun

CNL: Fundstücke-Trouvailles #5

Mam Buch "Fundstücke - Trouvailles" bitt eisen nationale Literaturarchiv vu Miersch all zwee Joer en Abléck a seng Archivbestänn an zugläich e Réckbléck op déi literaturwëssenschaftlech Theemen a Bäiträg, déi d'Mataarbechter aus dësem Haus an der Zäit ofgeschloss hunn. Mat dëser Publikatioun versicht den CNL sech als eegestännegt Archiv an als Fuerschungsariichtung ze positionéieren.

auto_stories

3 min

De Cover vum fënneften 'Fundstücke-Trouvailles' Band. Visueller: CNL, Annie Spratt / Unsplash

Mam Buch "Fundstücke - Trouvailles", bitt de Centre national de littérature (CNL) vu Miersch all zwee Joer en Abléck a seng Archivbestänn. Dëst ass zugläich och e Réckbléck op déi literaturwëssenschaftlech Theemen a Bäiträg, déi d'Mataarbechter aus dësem Haus an der Zäit ofgeschloss hunn.

De fënnefte Band aus der Rei, dee kierzlech erauskomm ass, gouf zesummegestallt an editéiert vum Ludivine Jehin a vum Daniela Lieb, allebéid wëssenschaftlech Mataarbechterinne vum Literaturarchiv.

CNL als Archiv a Fuerschungsariichtung

"Fundstücke - Trouvailles", vun der Rose de Claire Design Agentur konzipéiert, stécht emol méi duerch seng gelongen Ëmschlags- an Inhaltsgestaltung ervir.

Mat dëser Publikatioun, esou gëtt een um Klappentext gewuer, positionéiert sech d'Lëtzebuerger Literaturarchiv engersäits als eegestännegt Archiv an anersäits als Fuerschungsariichtung.

An dem Buch fënnt een net nëmmen déi Texter, déi den CNL an de leschten zwee Joer all Mount op senger Homepage zougänglech gemaach huet. Et ginn och déi Bäiträg nach emol presentéiert, déi an der 'Warte', der Kulturbäilag vum Luxemburger Wort, an an der 'Livres-Bücher' Bäilag vum Tageblatt ënner der Rubrik 'Zoom auf das Literaturarchiv' publizéiert goufen.

Doniewent proposéieren Erkundungsgänge oder Explorations, bis ewell nach onverëffentlecht CNL-Aarbechten aus dem kultur- a literaturwëssenschaftleche Beräich vun der Luxemburgistik.

Beandrockend Bäiträg

D'Artikelen, déi een an de Fundstücke noliese kann, ginn emol eng historesch-kritesch Exeges vu Wierker, Korrespondenzen oder Dokumenter, emol brénge si engem biographesch Anekdote vun Autorinnen an Auteure virun Aen, déi d'Ëmstänn oder d'Beweeggrënn beliichten, déi e Wierk ervirbruecht hunn. All Bäitrag vun dëser 'Spurensuche' ass op seng Aart a Weis beandrockend.

Et léiert ee Personnagen, déi d'Literaturzeen markéiert hunn, oft vun enger méi perséinlecher Säit hir kennen, woubäi ee Charakteren, Eegeschaften a Momenter entdeckt, déi oft de Schlëssel zu engem méi differenzéierte Verständnes vum Wierk liwweren.

An de Fundstücke gëtt sech doriwwer eraus mat dem institutionellen Aspekt vum kulturellen a literaresche Liewe beschäftegt, an - net ze vergiessen - mat Gebailechkeeten a Monumenter, déi an der Vergaangenheet de Mëttelpunkt hierginn hu vum kulturelle Liewen a Gediechtnes.

Verbindung zur internationaler Kulturzeen

E Lien zu der internationaler Kulturzeen maache Gespréicher mat lëtzebuergeschen an auslänneschen Acteuren aus der Konscht- an aus der Kulturzeen. Si beschäftege sech mat aktuelle kulturpoliteschen Theemen, déi an der Ëffentlechkeet kontrovers diskutéiert ginn.

E Beispill heivir ass 'Ein Gespräch über Feminismus und Sexismus, über Literatur und Theater in Zeiten des Zweifels und Aufbegehrens', wou de Samuel Hamen, déi Schwäizer Autorin a Regisseurin Julia Haenni an déi lëtzebuergesch Schauspillerin a Schrëftstellerin Katherina Bintz debattéieren.

Net manner opschlossräich ass d'Diskussiounsronn 'Über das Sagbare und Nichtsagbare in Zeiten der Cancel Culture - wenn es sie denn gibt', tëschent deem fréieren Direkter vum CNL an aktuellen Direkter vun der BNL dem Claude Dario Conter, dem däitsche Literaturwëssenschaftler Matthias Lorenz an dem verantwortleche Redakter vun der Zäitschrëft Forum, dem Henning Marmulla.

Fazit

Fundstücke gëtt ouni Zweiwel en interessanten Abléck an d'Banneliewe vun der lëtzebuergescher Literatur- an Theaterwelt. Wënsche géif ee sech an dësem duerchaus flotten a gelongene Buch nach en Index vu Nimm a Wierker, fir entweder eng einfach Recherche ze maachen, oder fir Zesummenhäng hierzestellen, déi engem soss versot bleiwen.

"Fundstücke - Trouvailles' sief alle Literatur- a besonnesch alle Luxemburgensia Ferventen onbedéngt recommandéiert.

Déi véier éischt Bänn sinn alleguer nach disponibel, a kënnen direkt iwwer d'Websäit vum Literaturarchiv bestallt ginn.