Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ COLLECT10NS am Musée Dräi Eechelen

Anniversaire: 10 Joer

COLLECT10NS am Musée Dräi Eechelen

De Musée Dräi Eechele feiert säin zéngte Gebuertsdag. An der Ausstellung COLLECT10NS 2012-2022 gëtt de Visiteur dozou invitéiert, dat éischt Joerzéngt vum Musée Revue passéieren ze loossen. De Ben Kobs huet sech d'Ausstellung mam Historiker Ralph Lange ugekuckt, a sech mat der Chargée de mission Simone Feis iwwer déi schwiereg Ufäng vum Musée ënnerhalen.

auto_stories

3 min

De Musée Dräi Eechelen am Fort Thüngen um Kierchbierg. Foto: picture alliance / robertharding | Jane Sweeney

Lauschterenplay_arrow


Mat enger Hellewull Ausstellungsstécker representéiert COLLECT10NS wat dat wichtegst un engem Musée wéi dem Musée Dräi Eechelen ass: Eng Passioun fir den Erhalt vun Objeten, déi et hikréien e klengt Stéck vun der Vergaangenheet an der Géigewaart erëm opliewen ze loossen.

Fir d'Ausstellung COLLECT10NS ze entwéckelen, hätt ee Joer fir Joer op dat lescht Joerzéngt zeréckgekuckt, erkläert den Historiker Ralph Lange, an all Entwécklungen, Evenementer an Acquisitiounen zesumme geholl.

Dofir ass d'Ausstellung fir de Ralph Lange ee "Best Of" vum leschte Joerzéngt: "An et ass einfach schéi fir weisen ze kënne wat an deenen zéng Joer geschitt ass mat dem Musée."

Méi wéi just en historesche Réckbléck

Esou ass d'Ausstellung net just en historesche Réckbléck. Dekorativ Artikelen a Portraiten, historesch Dokumenter a Kanounen - bei COLLECT10NS trëtt den Objet selwer, a seng ganz perséinlech Geschicht, an de Mëttelpunkt.

Kuriositéite wéi en Handbuch vun engem Zaldot, dee 50 Äntwerten op 50 Froe vu Novize vun der Arméi gëtt, weisen, datt e Festungsmusée sech net just op Waffen a Verträg beschränke muss.

Esou Geschichte mam klenge G maachen déi Geschicht mam grousse G vun der Lëtzebuerger Festung méi zougänglech fir ee Grand public. An dëse Fokus op den Objet selwer betount d'Spannung hanner dem museale Sammelen, an d'Wichtegkeet vum Erhalt vum Patrimoine.

De Wee vun engem Portrait an de Musée

Sëlleg Anekdoten iwwer d'Acquisitioun vun de verschiddenen Objete leien dem Historiker Ralph Lange besonneg um Häerz. Ee Beispill ass e Portrait, dee läscht Joer Deel vun der Sammlung ginn ass, an deen den Adam Sigmund von Thüngen weist: En éisträichesche Generolmajouer, den tëschent 1733 a 1735 Kommandeur vum Lëtzebuerger Militär war.

De Ralph Lange erkläert, datt de Musée vun enger Persoun kontaktéiert gi wier, déi een Tableau hat vum Adam Sigmund von Thüngen vun 1720. Dës Persoun huet gemengt, den Tableau kéint de Musée interesséieren a wier bereet gewiescht, dem Musée en ze verkafen.

Well de Musée Dräi Eechelen am Fort Thüngen ass, wier dëst natierlech eng genial Saach fir si gewiescht, seet den Historiker:

"Wann dëse Portrait elo net opgetaucht wier, da wier en haut einfach rëm verschollen. An an deene leschten zéng Joer ass ganz vill gesicht ginn, et ass immens vill Detektivaarbecht gemaach ginn an do konnten einfach immens flott Saachen akaaft ginn."

Duerch en holperege Parcours zu eegener Identitéit

Zéng Joer sinn eng gutt Zäit fir e Bilan ze zéien. De Musée hat holpereg Ufäng duerch Existenzängscht wéinst dem Ieoh Ming Pei sengen initiale Pläng fir de MUDAM, an och enger Rei politeschen Debaten an deem Zesummenhang.

Dovun hätt ee sech erholl, seet d'Chargée de mission Simone Feis, an de Musée hätt elo och seng Identitéit. Et wier een en Deel an der Muséeslandschaft vun der Stad Lëtzebuerg an et hätt een en eegenen Discours deen am Musée Dräi Eechele geféiert gëtt.

Deementspriechend zitt d'Simone Feis e positive Bilan: " [...] hisiichtlech vun dem relativ holperege Parcours deen de Musée virdru kannt huet, mengen ech, kënne mer awer elo houfreg op dat si wat elo hei ass."