Radioen

On air

De Moien  |  Boulevards - Run and Move

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Culture.lu" ass iwwerschafft ginn

Kommunikatioun

"Culture.lu" ass iwwerschafft ginn

Den Internetsite huet en neien Outfit a méi breet gefächert Contenuen. Nieft de Professionellen aus dem Secteur wëllt d'ALAC, déi de Site bedreift, och elo de grousse Public uschwätzen an e fir déi kulturell Offer am Land begeeschteren.

auto_stories

2 min

Zënter 2013 gëtt et den Internetsite culture.lu schonn. E gëtt vun der Agence luxembourgeoise d'action culturelle, déi vum Kulturministère ofhänkt, bedriwwen. Datt e grëndlechen Toilettage iwwerfälleg war ass dat mannst wat ee ka soen. Net wéineg Interesséierter hu sech einfach net vun deem Site ugesprach gefillt respektiv hunn do net méi fonnt wéi dat, wat et soss un Informatiounsquellen iwwer d'Lëtzebuerger Kulturzeen gouf. Och wann de Site schonn e puermol iwwerschafft gouf ass seng Frequentatioun iwwert d'Jore permanent erof gaangen.

D'ALAC huet also eng weider Refonte maache gelooss. Op den éischte Bléck gesäit dat Ganzt elo méi iwwersiichtlech aus an, mat der neier Gamme u Pastellfaarwen, méi frëndlech. Dozou d'Lisi Schoen vun der ALAC:

"Dat éischt wat der gesitt ass e Blog mat Artikelen, Podcasten a Playlëschten. D'Appeller, Aarbechtsofferen an déi verschidden Hëllefsprogrammer fir Kënschtler wollte mer awer bäibehalen, well dat eng immens wichteg Ressource ass fir déi Leit, déi an der Kultur schaffen."

Freelancë suerge fir Contenu

D'Artikele gi vun engem Pool vun ongeféier 15 Freelance-Redaktere geschriwwen. De Podcast KulturPur gëtt zweemol de Mount an Zesummenaarbecht mam Radio ARA geliwwert, wärend de Radio 100,7 all Mount eng Playlist mat Lëtzebuerger Musek fir culture.lu opstellt:

"Mir hu verschidde Rubricke wéi 'Hinter den Kulissen', wou mer ASBLen oder Kulturhaiser virstellen. An der Rubrik 'It's not rocket science!' sinn et Artikelen, déi méi an de Fong ginn. Et ass net virgesinn, datt mir Kriticke schreiwen. Dat ass net eis Plaz als Agence.''

Wärend sech de Site virdrun haaptsächlech u Professioneller aus dem Kultursecteur geriicht hat, soll den Zilpublikum elo méi grouss ginn, sou d'Lisi Schoen:

"Mir wollten e méi ofwiesslungsräiche Internetsite hunn, souwuel vun der Form hir wéi och vum Inhalt. Et sollt eng Plattform net nëmme fir Kulturschafend, mee och fir Kulturintresséierter sinn. D'Zil war wierklech, Kultur fir jiddereen zougänglech ze maachen, dat heescht Kënschtler, Disziplinnen, Genren a Beruffer aus dem Kulturberäich virzestellen, déi een net gutt oder guer net kennt."

Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Englesch

Wat d'Sproochen op culture.lu betrëfft, sou hätt e wéilten d'Villfalt hei am Land refletéieren, ouni awer de ganze Contenu all Kéiers op verschidde Sproochen z'iwwersetzen:

"De KulturPur-Podcast ass haaptsächlech op Lëtzebuergesch, mee dat hänkt vum Invité of. Do wollte mer eis eng gewësse Fräiheet huelen an dat an deene verschidde Sprooche maachen, fir datt och fir jiddereen eppes dobäi ass."