Radioen

On air

Tockcity  |  Yard Act - We Make Hits

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Affer vun NS-Militärgeriichter

Wanderausstellung

D'Affer vun NS-Militärgeriichter

D'Militärjustiz ënner dem Nazi-Regime steet am Mëttelpunkt vun enger Wanderausstellung, déi elo zu Lëtzebuerg ze gesinn ass. Och vill Lëtzebuerger Deserteuren a Refractairë ware während dem Zweete Weltkrich vun däitsche Militärgeriichter veruerteelt ginn - d'Erfuerschung vun deem historesche Volet stécht allerdéngs nach an de Kannerschong. "'Was damals Recht war ...' - Soldaten und Zivilisten vor Gerichten der Wehrmacht" gesäit een de Moment um Europäesche Geriichtshaff, duerno um Campus Geesseknäppchen.



auto_stories

3 min

Och déi Dausende vun Deserteure vun der Wehrmacht, déi vun der Militärjustiz veruerteelt a meeschtens haart bestrooft gi waren, gëllen als Affer vum Nazi-Regime. Wa si net zum Doud veruerteelt goufen, stounge laang Prisongsstrofen ënner ganz schwéiere Konditiounen op der Dagesuerdnung.

Vun den ongeféier 30.000 Doudesuerteeler goufen der op d'mannst eng 20.000 exekutéiert. Eréischt am Mee 2002, also ee gutt halleft Joerhonnert nom Enn vum Krich, hat de Bundestag déi meeschten Uerteeler vun däitsche Militärgeriichter während dem Krich annuléiert an domat där hir Affer, déi nach laang Joren an Däitschland mat Veruechtung konfrontéiert waren, rehabilitéiert.

Beispillhaft Eenzelschicksaler

Déi däitsch "Stiftung Denkmal für die ermordeten Juden Europas" huet 2007 eng Wanderausstellung iwwer dat Thema ausgeschafft. Fir de Fonctionnement vun der NS-Militärjustiz ze verdäitlechen, konzentréiert sech d'Ausstellung virun allem op beispillhaft Eenzelschicksaler: haaptsächlech Biographië vun Affer - Zaldoten an Zivilisten - mee och vun Täter - Riichter a Juriste vum Nazi-Regime, déi och no 1945 hir Carrière an der Bundesrepublik konnte weiderféieren ...

Nazi-Däitschland konnt sech, wat seng Militärjustiz betrëfft, op d'Traditioun vum preussesche Militarismus stäipen, dat heescht op Geriichtsprozeduren, déi dem Arméikommandement ee groussen Afloss zougestanen haten an den Ugekloten dogéint wéineg Rechter. Scho während dem Éischte Weltkrich an och an de Joren duerno hat déi däitsch Militärpsychiatrie - ënner dem Androck vun der sougenannter "Dolchstoss-Legende" - ee Vokabulär gepräägt, deen d'Nazie méi spéit sollten iwwerhuelen: als "Psychopathen", "linke Störer" oder "Minderwertige" waren deemools schonn déi Zaldote stigmatiséiert ginn, déi net den erwënschten Äifer op der Front gewisen haten. Am Laf vum Zweete Weltkrich waren déi verhaange Strofen ëmmer méi haart ginn, all Form vun Deviatioun bannent der Wehrmacht sollt unhand vun der Militarjustiz, déi d'Nazien zanter 1933 erëm opgebaut haten, ënnerbonne ginn.

D'Geschicht vun zwee Lëtzebuerger

Fir hir Statioun hei am Land gouf d'Wanderausstellung iwwerschafft, mat Hëllef vum Service de la mémoire vum Staatsministère, dem Resistenzmusée an dem Zentrum fir politesch Bildung. Ënner anerem goufen d'Biographië vun zwee Lëtzebuerger bäigefüügt, déi vun däitsche Militärgeriichter veruerteelt gi waren. Fir d'éischt emol déi vum Zwangsrekrutéierte Jean Muller vu Fueren. Während enger Permissioun 1944 hat hien Tablette geschléckt, fir eng Gielzecht ze provozéieren a sech esou dem Krichsdéngscht kënnen ze entzéien. De Plang war opgeflunn, de Jean Muller gouf zum Doud veruerteelt wéinst "Wehrkraftzersetzung". Hie war duerno an de Wehrmachtsprisong Fort Zinna a Sachsen agespaart ginn, koum dunn als Strofzaldot op der Front zum Asaz, wou d'Alliéiert hie gefaangen an duerno, am Juni 1945, fräigelooss haten.

Manner Chance hat sengersäits den Adolphe Felgen vun Nidderkuer, deen als Refractaire an d'Schwäiz wollt flüchten, allerdéngs op der Grenz verhaft gouf. Och hie gouf am Fort Zinna agespaart no enger Veruerteelung zu 15 Joer Prisong. Den Adolphe Felgen koum am Abrëll 1944 ëm d'Liewen, wéi d'Alliéiert d'Lager bombardéiert haten.

Villes muss nach opgeschafft ginn

D'Ausstellung dokumentéiert ënner anerem den Drock, deen de Gauleiter Gustav Simon deemools op d'Wehrmachtjustiz gemaach hat - duerchaus mat Succès -, fir d'Lëtzebuerger Deserteure besonnesch streng bestrofen ze loossen.

D'Schicksal vun de Lëtzebuerger Deserteuren an Zwangsrekrutéierten, déi vun der däitscher Militärjustiz veruerteelt gi waren, ass allgemeng nach wéineg erfuerscht. Déi betreffend Archiven, mat de Prozessakte vun der deemools zoustänneger Geriichtsfilial zu Koblenz-Ehrenbreitstein, mussen nach vun Historiker ausgewäert ginn. D'Wanderausstellung "'Was damals Recht war ...' - Soldaten und Zivilisten vor Gerichten der Wehrmacht" bitt scho mol eng éischt Approche.