Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Boygenius - $20

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vill "La La Land", wéineg Politik

British Academy of Film and Television Arts

Vill "La La Land", wéineg Politik

Net iwwerrascht huet e Sonndeg bei de BAFTAen zu London, datt "La La Land" eng ganz Rei Präisser ofgeraumt huet. Méi eng Surprise war et, datt d'Politik – bis op eng Ausnam – just eng kleng Roll gespillt huet.

auto_stories

3 min

Bei der Verdeelung vun de BAFTAen ( "British Academy of Film and Television Arts") koum jiddereen op seng Käschten: Déi, déi scho vu vir era woussten, datt "La La Land" vum Damien Chazelle grouss géif ofraumen an déi, déi einfach just gehofft hunn, datt déi eng oder aner Iwwerraschung dem Musical e Stréch duerch d'Rechnung géif maachen.

Mat senge scho bal absurde 14 Oscar Nominéierungen huet de Film "La La Land" quasi Oscar-Geschicht geschriwwen: En ass zesumme mat "Titanic" an "All About Eve" de meescht-nominéiertste Film vun alle Zäiten.

Do dernieft stoungen déi eelef BAFTA-Nominéierunge scho bal modest géigeniwwer, dat huet awer d'Leit net dovunner ofgehalen ze mengen, datt "La La Land" de Rekord vu Gewënner géif schloen. "Butch Cassidy and the Sundance Kid" aus de 70er Joren hält deen nach ëmmer mat néng gewonnene Präisser. Resultat: wäit vum Schoss. Fënnef BAFTA-Maske sinn et fir "La La Land" ginn an de Kategorien "beschte Film", d'Emma Stone fir seng Haaptroll, d'Regie vum Chazelle, d'Kameraaarbecht vum Schwed Linus Sandgren a wéineg iwwerraschend d'Musek vum Justin Hurwitz.

Keng politesch Themen

Hunn d'Oscaren an déi aner wichteg amerikanesch Filmpräisser eng Kategorie fir den net-engleschsproochege Film, esou huet dës britesch Akademie nach e Präis fir den "Outstanding British Film" virgesinn. Véier vun den nominéierte Filmer hunn hire Wee op e Lëtzebuerger Kinosécran nach net fonnt: "American Honey" vum Andrea Arnold, den Documentaire "Notes on Blindness", "Denial" an "Under The Shadow". Net all ze iwwerraschend huet hei "I, Daniel Blake" vum Ken Loach gewonnen.

Iwwerraschend war, datt sech d'amerikanesch Gewënner net iwwert aktuell politesch Ëmstänn vun doheem ausgelooss hunn, si hu sech léiwer op en universellt Zesummesinn an der Konscht beschränkt. Den 80 Joer ale Loach huet et sech awer net lompe gelooss, fir der englescher Regierung seng Meenung ze soen.

Diversitéit virun an hannert der Kamera

D’BAFTA-Akademie ass virun e puer Méint an hir Statutten amendéiere gaangen. Resultéierend aus der Diskussioun vun den ze wäissen Oscaren hu sech d’Brite geduecht, fir mat méi strengen Oplage vu Representatioun vu Minoritéiten am Film dofir ze suergen, dat d'Filmer, Sujeten a Kollaborateure virun an hannert der Kamera méi diversifizéiert ginn.

Och wa verschidde vun deenen Oplagen eréischt iwwernächst Joer antrieden, esou si se schonn um Palmarès ze spieren. Präisser un den Documentaire "13th" vum Ava DuVernay iwwert den amerikanesche Prisongssystem, "Under The Shadow" als britescht éischt Wierk, d'Viola Davis fir "Fences" vum Denzel Washington a ganz iwwerraschend, den Dev Patel fir "Lion". Domadder huet hien dem Mahershala Ali säi scheinbar séchere Präiss fir "Moonlight" ënnert der Nues ewech gewonnen.

De Casey Affleck gewënnt als beschten Acteur fir "Manchester by the Sea", deen och e BAFTA fir d'Dréibuch gewënnt. De BAFTA fir dat bescht adaptéiert Dréibuch geet u "Lion" vum Luke Davies. Déi technesch Präisser, voire d'Trouschtpräisser: "Hacksaw Ridge", "Montage", "Jackie". Präisser fir Kostümer ginn u "Florence Foster Jenkins" an "Arrival", fir de Sound- an d'Spezialeffekter geet un "Jungle Book". "Kubo and the Two Strings" wënnt dann de BAFTA vum beschten Animatiounsfilm.