Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Jamiroquai - Seven Days In Sunny June

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Enn vun de ParäisserCabareten?

Frankräich

D'Enn vun de ParäisserCabareten?

Ob Moulin Rouge oder Paradis Latin, d'Paräisser Cabarete zéien Touristen aus aller Welt un. Recetten, déi zanter dem Ufank vun der Corona-Pandemie feelen. Ass dat d'Enn vum French Cancan?

auto_stories

5 min

De Moulin Rouge ass e Chantier. De roude Samett, mat deem de Cabaret quasi komplett ausgekleet ass, huet eng déck Couche Stëbs absorbéiert. D'Loge erënnert un eng al Vinyl vum Edith Piaf, zanter laangem net méi ausgepaakt.

Eng psychologesch Erausfuerderung

Bal ee Joer huet de Moulin Rouge elo schonn zou: Déi längsten Zäit zanter senger Grënnung virun 130 Joer. Fir de Gerant Jean-Victor Clerico ass deen Ubléck schwéier ze erdroen.

"Ça fait mal au cœur d'arriver dans une salle qui accueille 1800 personnes d'habitude par jour. Ça fait mal au cœur d'arriver dans une salle vide."

Net nëmme fir de Chef ass d'Corona-Pandemie eng psychologesch Erausfuerderung, mee och fir d'Dänzer an d'Dänzerinnen.

D'Romane Bollengier, Dänzerin am Moulin Rouge. Foto: Marine Clément-Colson

D'Romane Bollengier ass zanter zwee Joer Deel vun der Crew, dovunner huet hat schonn d'Hallschent an hirer Paräisser Wunneng verbruecht. Och wann hat d'Chance huet, duerch de Chômage partiel keng finanziell Problemer ze hunn: Et ass net dat nämmlecht, wéi op der Bün ze stoen.

"On a aussi une grosse poussée d'adrénaline avant le cancan. Parce que c'est une énergie formidable et il le faut d'ailleurs. On sent que le public n'attend que ça et quand on ressent cette impatience dans le public, ça nous booste un point. Et ça c'est vraiment tous les soirs. Et en fait moi ce qui manque c'est surtout ça: Le rideau se lève et là on voit le gens 'Wow'."

Wéi definéiert ee sech ouni Aarbecht?

Eng Karriär als Dänzerin ass kuerz: mat knapp 40 Joer ass Schluss. D'Romane Bollengier ass haut 27. An deem Alter e ganzt Joer keng Optrëtter ze hunn, ass net einfach ze verkraaften. Wat bleift enger Dänzerinnen, wann de Public feelt?

"Je ne suis pas en paillette, en plumes tous les jours. Mais je sais que c'est un des aspects de ma personnalité qui me manque: de réaliser en scène, de me réaliser en scène en tant que show girl."

D'Romane Bollengier waart gespaant op d'Reouverture vum Moulin Rouge. Mee wéini soll dat sinn?

D'Hallschent vun de Spectateure sinn Touristen aus den USA, China, Japan... Also Clienten, déi duerch d'Corona-Pandemie net esou séier zeréck kommen.

Op lokalen Tourismus setzen

De Frédéric Hocquard ass Chargé du Tourisme et de la Vie Nocturne vu Paräis. D'Normaliséierung vum Tourismus an der franséischer Haaptstad ass net virun 2026 virgesinn.

De Frédéric Hocquard. Foto: Léonardo Kahn

Sou laang kënnen d'Cabareten natierlech net waarden. Dofir huet sech d'Staat eng Kommunikatiouns-Strategie iwwerluecht.

"Le Cabaret, le Moulin Rouge par exemple, ce n'est pas fréquenté par les parisiens. C'est très clair. C'est plutôt fréquenté par des touristes, étrangers, pour beaucoup, mais aussi des touristes qui viennent de région français. Et là on aimerait faire une opération à la fin de l'année en incitant les Parisiens, en disant aux Parisiens: Allez au Moulin Rouge, je vous avez jamais mis les pieds au Moulin Rouge."

De Politiker well d'Paräisser also an d'Caberte lacken. Wéi dat konkret ausgesi soll, ass nach net festgeluecht. De Chargé vum Paräisser Nuechtliewe kéint sech awer e System virstellen à la 'Kaaft ee Billjee, an den zweete gëtt vun der Staat offréiert'.

Eppes steet fest: de Moulin Rouge wäert esou ni op seng 65 Milliounen Euro kommen, déi en regulär pro Joer andreift. Trotzdeem géif ee genuch Sue kréien, fir sech finanziell iwwer Waasser ze halen, dofir wier een dankbar, esou de Gerant vum Moulin Rouge, den Jean-Victor Clerico.

Kulturgutt: Finanzéierung garantéiert

D'Cabarete sinn nämlech als Kulturgutt agedroen a ginn dowéinst wéi d'Theatere wärend der Kris vum Kulturministère finanziell ënnerstëtzt. D'Diskoen zum Beispill mussen ouni déi Suen auskommen.

Foto: Bertrand Royer

Ass dat fair? Cabarete si jo virun allem dofir bekannt, schlank Fraen a kiloweis Plommen a Pailletten ze kleeden. De Kierper steet hei am Mëttelpunkt.
Ënnerstëtzt de franséische Staat also eng sexistesch Institutioun? D'Andrée Deissenberg ass d'Directrice créative vum Crazy Horse - e Cabaret, deen op vill plakeg Haut setzt. Déi sou genannt "Show girls" wiere keen Objet, mee Sujet vun hirem Spektakel:

"Les femmes dans les cabarets: c'était libérateur! Au Moulin Rouge on montrait pour la première fois ses chevilles, c'était une libération pour la femme. Aujourd'hui le Crazy Horse est ressenti vraiment comme partie du " female empowernment ", même du mouvement " free the nipple ". Il y a beaucoup de jeune femmes qui nous suivent, nous célèbrent, qui trouvent qu'au Crazy Horse la femme est maîtresse de son propre destin. Elle est libre. Elle est là pour se faire plaisir."

Faszinatioun Kierper verschwënnt net

Cabaret als Form vu feministescher Emanzipatioun? Historesch gesinn ergëtt dat effektiv Sënn: D'Cabarete ware bis an de Sechzeger immens avantgardistesch. Claude Debussy, Charles Aznavour, Serge Gainsbourg - vill franséisch Kënschtler hu fréier hir Karriär am Cabaret ugefaangen.

Dës Realitéit wier scho laang verblasst, seet d'Kulturwëssenschaftlerin Lisa Appignanesi. Obwuel si an den 80er ee vun den ausféierlechste Bicher iwwer de Cabaret geschriwwen huet, ass si hautdesdaags keng Enthusiastin vu Moulin Rouge a co.

D'Corona-Pandemie géif awer kee Schlussstréch ënner déi 140 Joer al Geschicht vum Cabaret zéien. Soubal se nees hir Dieren opmaachen kënnen, wäerten sech d'Säll scho fëllen, esou d'Lisa Appignanesi. De Mënsch wier ëmmer vum Kierperlechen ugezunn.

Ausserdeem huet de Staat all Interêt drun, d'Cabareten net ausstierwen ze loossen. Engersäits aus kulturellem Verloscht, anerersäits och aus finanziellem Interessi: eleng de Moulin Rouge zitt all Joer méi wei 100.000 Touristen op Paräis.

D'franséisch Haaptstad wäert sech deemno net sou séier vu senge Cabareten trennen.