Radioen

On air

Notturno  |  John Carroll Kirby - Dawn Of New Day Feat. Laraaji

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Gebärdesprooch muss e Gehéier kréien

Weltdag vun der Gebäerdesprooch

D'Gebärdesprooch muss e Gehéier kréien

1951 huet d'World Federation of Deaf de Weltdag vun der Gebäerdesprooch lancéiert, fir op d'Situatioun vu Mënschen, déi Problemer mam Gehéier hunn, ze sensibiliséieren. Et huet awer nach 57 Joer gedauert bis d'Vereent Natiounen dëse Weltdag 2018 offizialiséiert hunn.

auto_stories

3 min

A genee dat weist dat d'Gebäerdesprooch haut nach eng Sprooch ass, déi gäre vergiess gëtt, eng minoritär Sprooch. An Tëschenzäit ass d'Gebäerdesprooch am neie Gesetz iwwer de Régimes des langues fest verankert. Mee et ass awer nach vill ze doen, datt d'Gebäerdesprooch an eisem Land endlech e Gehéier kritt.

Kultur ass e Moyen Mënschen ze erreechen

Virun zwee Joer gouf de Projet "BABEL, ein Wort, ein Zeichen" vum Mierscher Kulturhaus an der ASBL "Hörgeschädigten Beratung" lancéiert. "Babel" ass e sozialen a kulturellen Engagement, fir Mënschen, déi um Gehéier geschiedegt sinn oder daf sinn, d'Ouverture zur Kultur ze erliichteren. Well d'kulturell Offer nëmme seelen och op héiergeschiedegt Mënschen zougeschnidden ass. No zwee Joer huet dee Projet scho Friichte gedroen, vill kulturell Institutioune si sech hirem Public mat Problemer mam Gehéier bewosst ginn an och u Verbesserunge schaffen.

Den Zougang zur Kultur war fir Mënsche mat Gehéierproblemer net ganz einfach a virun allem begrenzt. An duerch de Projet "Babel" ass villes a Beweegung komm an et erreegt een och eng ganz aner Populatioun wéi wann et e Projet wär dee sech eleng op sensibiliséiere géif stäipen, esou Sabrina Collé, Directrice vun der ASBL "Hörgeschädigten Beratung".

Gebäerdesprooch steet am neie Sproochegesetz

D'lescht Joer ass dat neit Gesetz iwwer de Régimes des langues an der Chamber gestëmmt ginn: dat heescht, datt d'Gebäerdesprooch zu Lëtzebuerg offiziell unerkannt ass. Duerch dat neit Gesetz hu Mënsche mat Problemer um Gehéier d'Recht op e en Dolmetscher, wann si zum Beispill op enger Administratioun Demarche maachen.

Weider hunn d'Kanner och d'Recht op en Unterrecht iwwer Gebäerdesprooch, mee awer och Unterrecht an der Gebäerdesprooch, wat de Kanner sécher ganz aner Méiglechkeete géif bidden, esou d'Sabrina Colé

Problemer um Gehéier ass keng Isolatioun

Schratt fir Schratt gëtt d'Situatioun verbessert. D'Sabrina Collé schafft un engem Dictionnaire a verschiddene Sproochen zesumme mat Sproochewëssenschaftler. Et misste méi Soustitrage kommen, och op däitsch an net ze vill komplex, fir datt d'Leit se kënne liesen.

Da misst den Accès zur Kultur an zum Sport verbessert ginn. Et géif u Moyene feelen, fir méi Dolmetscher kënnen erbäizekréien. D'Haaptzil ass iergendwann eng grouss Normalitéit z'erreechen. Datt um Enn, wéi d'Karin Kremer, Vize-Presidentin vun der ASBL "Hörgeschädigten Beratung" sech et wënscht: "D'Gebäerdesprooch endlech e Gehéier géif kréien."

Eenzeg spezifesch sozial Berodungsstell am Land

D'ASBL "Hörgeschädigten Beratung" ass do fir betraffe Leit se hëllefen. Dat selwecht zielt awer och fir d'Familljen oder d'Enseignanten, fir et de Schüler méi no ze bréngen.

D'ASBL ass ëmmer prett z'informéieren oder ze sensibiliséieren. Bei der ASBL fënnt ee Berodung, Informatioun, Begleedung. Et kann ee bei der ASBL Schrëft- oder Gebäerdedolmetscher bestellen. Méi Informatioune fënnt een op www.hoergeschaedigt.lu