Radioen

On air

Notturno  |  Klein - Gobocop

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Grenz ass eng Linn, déi Mënschen am Sand gezunn hunn"

Luxembourg City Film Festival

"D'Grenz ass eng Linn, déi Mënschen am Sand gezunn hunn"

Den amerikanesche Film Transpecos ass ee faszinante Thriller, deen d’Loyalitéit vu Polizisten op der amerikanesch-mexikanescher Grenz op d’Prouf stellt. De Film ass an der offizieller Kompetitioun vum LuxFilmFest. Interview mam Realisateur a mam Co-Zeenarist.

auto_stories

7 min

Clint Bentley a Greg Kwedar

“Et ass immens traureg, datt déi meeschte Leit, déi iwwert d’Kontroll vun der Grenz sollen entscheeden, zu Washington D.C. sëtzen an ni selwer un der Grenz waren”, seet de Clint Bentley, Co-Zeenarist vun Transpecos, am 100,7-Interview. “Si verstinn d’Komplexitéit vum Sujet net. Da soen se zimlech onrealistesch Saache wéi: kommt, mier bauen eng Mauer’”.

D’Grenz zu Mexiko wier schonn eng méi al Geschicht: déi eng wéilten iwwert d’Grenz eran (fir d’éischt Chinesen, duerno Mexikaner), anerer se drun hënneren. Dee Konflikt géif sech da vu Generatioun zu Generatioun reproduzéieren, wéi ee Rad, dat dréint an dréint... D’Komplexitéit vun der Grenz weisen, dorëms wier et hinne mat hirem Film gaangen, erkläert de Realisateur Greg Kwedar.

Gewalt aus dem Näischt eraus

Déi dräi Haaptpersonnagen am Film, “border patrol agents”, also Polizisten, déi d’Grenz tëschent de Vereenegte Staaten a Mexiko iwwerwaachen, schéngen een zimlech langweilegen Job ze hunn. Dat ass d’Ausgankssituatioun. “Den Job vu Grenzpoliziste besteet aus 99% extremer Langweil”, seet de Clint Bentley. “An aus dem Näischt eraus entspréngt dann op eemol d’Gewalt”. Sou och an Transpecos. Am Dag ass et d’Schicht, owes geet een heem bei d’Famill oder an eng eidel Roulotte. “Dat ka sech op eng Persoun schonn op eng komesch Manéier auswierken”.

D’Geschicht grad ewéi d’Zuel vun de Schauspiller sinn an dësem Film einfach gehalen – aus budgetäre Grënn. Dat géif d’Kreativitéit fërderen, d’Geschicht wier och ëmsou méi interessant ginn. Am Mëttelpunkt stinn d’Personnagen, déi all hir moralesch Virstellunge mat an d’Wüst huelen. D’Isolatioun vun deem besonneschen Uert géif et erlaben, deene Froen op de Fong ze goen, erkläert de Regisseur Kwedar d’Uleies vu sengem éischte Long métrage. “Wéi wäit brénge se dech wenn et ëm d’Iwwerliewe geet? Iergendwou tëschent dësen dräi Grenzpoliziste läit vläicht d’Wourecht.

D’Wüst

“D’Wüst ass wéi eng Cocotte-minute fir dës Männer. Du gesäis Kilometeren a Kilometere wäit, an du kanns net entkommen”, sou de Co-Zeenarist Bentley. Béid Amerikaner ergänze sech gutt, se wëllen och no deem Film weider als Equippe zesummeschaffen.

Och wann all eenzele vun den dräi Haaptpersonnage wichteg ass, stécht d’Roll vum Agent Flores (gespillt vum Gabriel Luna) besonnesch eraus. Seng Loyalitéit géigeniwwer senge Kollegen, mee och géigeniwwer senge mexikaneschen Originne gëtt op d’Prouf gestallt. “Fir eis war den Agent Flores d’Séil vum Film. Wéi dee sollt ausgoen, huet vum Flores senger emotionaler Rees ofgehaangen”, sou de Greg Kwedar.

D’Majoritéit vun de Grenzpolizisten hätt latäin-amerikanesch Originnen, sief et datt d’Elteren oder d’Grousseltere legal oder illegal an d’USA agereest sinn. “Wéi ass dat, dës Uniform ze droen an déi Grenz ze verdeedegen, wenn deng Famill duerch dës Wüst gaangen ass?”, beschreift de Realisateur dësen interne Konflikt. “Wann s de Migrante stopps a si gesinn deng Uniform, dann ass et zwar méiglecherweis dee schlëmmsten Dag an dengem Liewen. Wéinstens kann een dëse Mënschen da mat Dignitéit a Respekt begéinen”.

Clifton Collins Jr., Gabriel Luna an Johnny Simmons (Foto: Jane Houle, 2016 Orchard 001 Film LLC All Rights Reserved)

Drogekartell

Omnipräsent ass an Transpecos den iwwermächtegen Drogekartell, och wann de Spectateur en an der vaster Wüstelandschaft praktesch net ze gesi kritt. “An der Stad, an där mer gedréint hunn, krute mer d’Iessen zerwéiert vu Leit, déi d’Grenzpolizisten als Membere vum Drogekartell kennen. Déi Leit si ganz einfach an der Gesellschaft integréiert”, erkläert de Clint Bentley.

Dem Realisateur Kwedar no “entsteet doduerch eng gewësse Paranoia”. D’Polizisten, déi op d’Grenz geschéckt gi fir do hiren Déngscht ze leeschten, géife permanent Verdächtegunge verspieren. Well se dacks kee Mënsch do géife kennen, wieren se sozial isoléiert a gezwongen, ënnert sech ze bleiwen. “Do gitt der schonn éischter an déi nächst Stad, fir e Béier ze drénken”. Eng Situatioun, an där een och ëmsou méi ufälleg wier, wann de Kartell ee wëll kompromettéieren...

“De Kartell ass een Topos, deen am Kino an op der Tëlee schonn dacks duergestallt gouf”, sou de Co-Zeenarist Bentley. Sicario (vum Denis Villeneuve), mat deem Transpecos vill géif verglach ginn, wier schonn zu der realistescher Konklusioun komm, datt een den Drogenhandel op der Grenz net kann ënnerbannen, héchstens geréieren.

Alldag vun de Grenzpolizisten

Border patrol agents”, op déi ee sech méi hätt wéilte konzentréieren, goufen och schonn an eenzele Filmer thematiséiert, wéi beispillsweis a Lone Star (John Sayles) oder wéi gesot am méi rezente Sicario. Zwee Wierker, déi d’Mecher vun Transpecos - eegenen Aussoen no - och bewonneren, déi awer net wäit genuch gaangen wieren an der Beschreiwung vum Alldag, de faszinanten Detailer iwwert d’Prozedur, d’Aart a Weis fir ze schaffen an Entscheedungen a Krisemomenter ze huelen.

An enger Zeen vum Film kënnt eng Maya-Fra zum Zuch, fir eng “medezinesch” Interventioun. Ee magescht Element, dat e bëssen u Romaner vum Tony Hillerman, Auteur vu Krimien, déi sech meeschtens an engem Navajo-Reservat ofspillen, erënnert. De Clint Bentley erzielt, datt laanscht déi amerikanesch Grenz Leit aus indigene Communautéite liewen, déi do a Farme schaffen. Dacks géifen se eng Kombinatioun tëschent hirer Sprooch a Spuenesch schwätzen. Fir Migranten, déi op medezinesch Fleeg ugewise sinn awer net bei en Dokter däerfe goen, fir net expulséiert ze ginn, wieren déi Leit déi eenzeg Ressource.

Um Enn bleift dann d’Wüst. “Heiansdo ass d’Wüst den ultimativen truthseeker’. An deene Momenter, wenn d’Sonn opgeet, ass et wéi um Mier, friddlech, bal meditativ. Nuets gesäit een näischt, mee du bass der der Immensitéit bewosst”, sou de Realisateur Greg Kwedar.

Lauschtert dat ganzt Gespréich, dat de Michel Delage am Kader vum LuxFilmFest mam Greg Kwedar a mam Clint Bentley gefouert huet:

Interview Transpecosplay_arrow

"Nuets gesäit een näischt, mee du bass der der Immensitéit bewosst" (Foto: 2016 Orchard 001 Film LLC All Rights Reserved)