Radioen

On air

Notturno  |  Blaze Foley - If I Could Only Fly

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Marvel Superhelde géint den Thanos. Zweet Ronn.

Avengers: Endgame vum Anthony & Joe Russo

D'Marvel Superhelde géint den Thanos. Zweet Ronn.

Disney a Marvel Studios produzéieren zanter iwwer zéng Joer Superheldefilmer. Deenen enge sinn et der ze vill, anerer kënnen der net genuch kréien. "Avengers: Endgame" bréngt awer eventuell esou eppes wéi en Ofschloss - op d'mannst fir eng Zäitchen - an de Superheldebetrib. Den Tom Dockal huet sech an eng ausverkaafte Seance gedréckt kritt - de ganze Weekend war alles ausverkaaft - a versicht elo, de Film ouni ze vill ze verroden, ze bespriechen.

auto_stories

4 min

"Avengers: Endgame" setzt do un - à quelques jours près - wou "Avengers: Infinity" opgehalen huet. Ähnlech wéi den zweeten Deel vun der ultimer Buchadaptatioun vun "Harry Potter and the Deathly Hallows". Dofir hëlt sech "Avengers: Endgame" dräi Stonnen Zäit. Dräi. Stonnen. Ähnlech wéi "The Return of the King", den drëtten a leschte Volet aus der "Lord of the Rings" Saga.

Nom Fangerschnipse vum Thanos - dee mat Hëllef vun de sechs Infinity Stones net nëmme 50 Prozent vum Liewen am Universum ausgeläscht, mee virun allem och eng gutt Partie vun de Marvel Helde wuertwiertlech pulveriséiert huet - mussen déi iwwerliewend Helden - den haarde Kär vun den Avengers - domadder liewen, versot ze hunn. Et ass aussiichtslos. Ee gesäit säin Iwwerliewen als lescht Chance, soi-disant normal ze liewen a grënnt eng Famill. Een anere verfält komplett dem Alkohol a spillt Onlinespiller, nach een anere leet e Selbsthëllefgrupp. D'Liewe geet iergendwéi weider. Mee jiddwereen huet Verloscht déif an de Schanke sëtzen. De Film hält sech net zeréck an daucht richteg an déi Trauer an. An an den éischten zéng Minutte gëtt direkt mat enger Erwaardung un de Film gebrach, déi dës Aussiichtslosegkeet nach verstäerkt. Wierklech.

Fënnef Joer verginn an éischter zoufälleg kënnt de Scott Lang alias Ant-Man - grad deen - op de Plang. A mam klengste Superheld vun hinnen all ass op emol alles anescht. An esouvill duerf verrode ginn, well Geeks kënnen eent an eent zesummerechnen: Zäitreese ginn am MCU etabléiert.

"Avengers: Endgame" huet wéineg mam Beckett sengem "Endgame" ze dinn, mee Endgame bréngt op de Punkt, wat de Film ze maachen huet. An zwar: eng eelef Joer laang, 22 Filmer laang Mega-Franchise ofzeschléissen. Op d'mannst d'Infinity Saga. Wat 2008 mam "Iron Man" ugefaangen huet, kënnt mat "Endgame" op en Enn.

An dem Marvel Cinematic Universe geléngt mat deem heite Film eppes, wat och bei den "Harry Potter" an de "Lord of the Rings" Filmer funktionéiert huet. Den MCU hëlt de finanziellen, mee virun allem jorelaangen emotionale Bagage vum Glocalwood-Spectateur mat an d'Equatioun. Stéchwuert: Mat deene Filmer opwuessen. Mat esou enger zéng Joer Relatioun ass op deem Niveau vill ze maachen.

De Film liwwert dat of, wat ee sech erwaart

Dat mécht "Avengers: Endgame" immens effikass an onerwaart. Net nëmme gi Filmer aus der Franchise wuertwiertlech revisitéiert - och déi soi-disant onbeléiftste Filmer - net wéinst der Revisitatioun wëllen, mee wéinst dem Bou vun de Personnagen, déi dës Visitten dramaturgesch legitiméieren. Den einfachen Nostalgieeffekt gëtt domadder ëmgaangen. Eng vun de villen narrativen Iwwerraschungen. Subvert the expectation. Wat beim "Last Jedi" fir d'Fans no hanne lassgaangen ass, wierkt hei Wonner an ass erfrëschend. No 22 Filmer hëlt sech "Endgame" bal zwee Drëttel vu senger Lafzäit Zäit fir d'Personnagë vun Tony Stark, Steve Rogers, Thor a Black Widow weiderzeschreiwen. D'Russo Bridder hanner de Regiestill hunn d'Dréibuch vun den Häre Marcus McFeely - dat wierklech net perfekt ass - d'Etabléierung vun den Zäitreesen ass eng Grimmel chaotesch an onnéideg komplizéiert - quasi perfekt ëmgesat an hunn e Film presentéiert, deen dat ofliwwert, wat Blockbusterkino vun där heiter Zort ofzeliwweren huet: Richteg Emotiounen - deem heite sinn e puer Mol bal d'Tréine komm, Humor, Action. D'Action - also d'BumBum-Woosh-Pew-Action mat de wierklechen Hurrah Wow Effekter, déi de Film och huet - ass net Dréi- an Angelpunkt vum Film. Mee d'Personnagen. A jo, Superhelde kënnen, wéi dëse Film weist, och no iwwer enger hallwer Dose Filmappartitiounen tatsächlech Personnagen an net just Schabloune sinn. An dat läit och un de Schauspiller, wéi Downey Jr, Evan, Hemsworth, Johansson, etc.

E wonnerschéinen Dräiakter vun tatsächlechen dräi Stonne fir de leschten Akt vun enger Filmserie, déi d'Gesiicht vum Hollywood a Blockbusterkino verännert huet. Mat all senge Vir- an Nodeeler. Mee déi sollen elo net Thema vun dëser Bespriechung sinn. Deen heiten huet seng Tickete fir de Film eng zweet an drëtte Kéier kucken ze goen.