Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Angélica Garcia - Color De Dolor

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Muecht vum Wuert

Literatur

D'Muecht vum Wuert

Bicher liesen ass keng Flicht, d'Literatur ass awer net just eng schéi Konscht, si bréngt och vill Wëssen, mécht den Horzont méi grouss a suergt fir eng Oppenheet géigeniwwer anere Welten, Gedanken, Mënschen a Liewensformen. Firwat verweigere sech vill Leit der posiver Muecht vum geschriwwene Wuert, freet sech d'Valerija Berdi.

auto_stories

3 min

Valerija Berdi

Et ass ëmmer e ganz besonnescht Gefill de Literaturfestival "Etonnants voyageurs" ze Saint Malo z'erliewen. Et wier déi flottste Bicherfoire, ass oft vun den invitéierte Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller ze héieren, an an d'Schwäermerei ass dëst Joer ganz besonnesch de sloweneschen Auteur Dusan Sarotar geroden.

Et ass wuel d'Mëschung vun allem a vläicht och grad vun de Widderspréch, déi nohalteg beandrockt. Et geet scho mat der Plaz un - dat onendlecht risegt Mier an déi kleng Festungsstad, déi gliddeg Sonn an den äisege Wand. Déi Onmass vu Visiteuren an déi aluedend Gemittlechkeet, grouss Verlagen a bescheide Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller, de Geescht vun der Weltoppenheet an eng Manifestatioun vum Front National virun de Diere vum Festival...

E Widdersproch, dee mir wuel am beschte bewosst ginn ass, well et huet näischt manner op dëse Festival gepasst, wéi de Grapp voll vun de rosenen an iwwerhiefleche Männercher, déi de franséische Fändel héich gehalen hunn, fir hiren Onmutt géint déi sougenannten illegal Immigratioun ze demonstréieren.

Si hätte säi ganzt Matleed huet den Direkter vum Festival, de Michel Le Bris dësen, wéi hie seet, Non-evenement, kommentéiert. Méi misst een am Fong geholl net doriwwer soen, e klenge Fait divers, dee knapps 20 Minutte gedauert huet a vun de mannste Visiteuren iwwerhaapt enregistréiert ginn ass.

Trotzdeem kënnt een, oder ech, net derlaanscht, mir Gedanken iwwer des Aktioun oder éischter des Mënschen ze maachen.

Am Léifsten hätt ech se mat der Hand geholl a se op d'Gespréichsronne matgeschleeft, fir datt si héieren, wat déi agelueden Autorinnen an Auteuren ze soen hunn, se gedoen hier Oueren an hier Käpp opzemaache fir d'Geschichten aus alle véier Ecke vun der Welt eran ze loossen, wéi et esou schéin am Programmheft vum Festival steet. Deene Stëmmen nozelauschteren, déi deenen eng Stëmm ginn, déi sech net esou gutt ausdrécke kënnen an awer vill ze soen hunn, Reflexiounen héieren, déi ee selwer ni gemaach huet, sech Wëssen uneegnen, dat een um gëllene Plateau zerwéiert kritt, nei Welte begéinen, déi ee räich maachen ouni datt een engem aneren eppes ewech hëlt.

"Ein Buch muss die Axt sein für das gefrorene Meer in uns", schreift de grousse Franz Kafka. E bësse gefruere Mier ass an eis all, méi oder manner dran. Firwat net mat enger esou harmloser Waff wéi der Literatur dëst Äis vernichten an eis opmaache fir d'Versteesdemech vun dëser Welt. Jidderee ka sech an der Literatur erëm fannen an dat entdecken, wat him Freed mécht. D'Muecht vum geschriwwene Wuert ka villes bewierken, um Festival "étonnnats voyageurs" léisst se een erëm e bësse méi un dat Gutt am Mënsch gleewen...