Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  The Lemon Twigs - How Can I Love Her More?

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Nuit des Musées: D'Stater Muséeën entdecken

19. Editioun

D'Nuit des Musées: D'Stater Muséeën entdecken

D'Kulturministesch Sam Tanson huet den Dënschdeg zesumme mat der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer an de Responsabele vun de Stater Muséeën de Programm vun der Nuit des Musées virgestallt.

auto_stories

3 min

Wat ass fir Iech de grousse Moment vun der Nuit des Musées?

Sam Tanson: Et gëtt keen eenzele grousse Moment, dat ass jo dat, wat ganz flott ass, datt all eenzele Musée seng Momenter preparéiert huet. Wou e grousse Wäert drop geluecht gëtt sinn Ateliere fir d'Jugend, fir verschidde Saache méi accessibel ze maachen. Mee och aner Evenementer ronderëm, deen de Public soll an de Musée lackelen. Vläicht och e Public, deen normalerweis net esou de Reflex huet d'Ausstellunge kucken ze goen. Hei ass de Moment fir kënne konzentréiert an all eenzele Musée an der Stad ze goen.

Wat gouf dëst Joer anescht gemaach?

Ech mengen et ass virun allem eppes an der Kontinuitéit. Et ass elo déi 19. Editioun, d'nächst Joer gëtt also grousse Gebuertsdag geféiert an et léiert een ëmmer aus den Erfarunge vun de Jore virdrun. Lo ass mëttlerweil wierklech eng ganz breet Programmatioun, déi souwuel ganz festiv ass, mat DJen am Casino bis dräi Auer nuets, wéi awer och ganz familiär, mat op der enger Säit Foodtrucken a Saache fir ze iessen an ze drénken. An eben enger ganzer Rëtsch pedagogeschen Aktivitéiten an deenen eenzelen Haiser. Et ass Programm fir d'ganz Famill, an hoffentlech spillt d'Wieder mat, da kënne mir mat engem grousse Succès rechnen.

Kënnt Dir eis d'Thema vun dësem Joer rappelléieren?

Jo also dëst Joer sinn et Sportler, déi e Coup de Coeur eraussichen. Dat ass och mëttlerweil eng Traditioun, datt an all Haus eng Persoun, déi bekannt ass duerch hir Aktivitéiten, sech e Wierk eraussicht an dat dann als Coup de Coeur presentéiert. An dëst Joer sinn ebe Sportler erausgesicht ginn, dat geet queesch duerch de Gaart, vum Schach iwwer d'Schwamme bis zum Lafen, wou eng Rëtsch Sportler an deenen eenzelen Haiser Konschtwierker erausgesicht hunn. Normalerweis ass och gekuckt gi fir e bëssen e Lien mat der Expo hunn, wéi zum Beispill elo am Casino, wou eng relativ mathematesch Ausstellung ze gesinn ass a wou eben e Schachspiller, de Claude Wagener, sech kann do e Wierk eraussichen.

Wéi kann de Visiteur sech den Owend vun der Nuit des Musées deplacéieren?

Wat jo schonn e Virdeel ass, d'Stad ass jo iwwersiichtlech, et kënnt ee relativ einfach zu Fouss oder mam Vëlo vun A op B. Fir déi Léit, déi net sou gutt zu Fouss sinn oder fir déi, wou dat méi komplizéiert ass, sinn och Busser virgesinn an den Zichelchen, deen d'Leit notamment an den natur musée am Gronn bréngt. Sou datt ee wierklech op ganz vill ënnerschiddlech Transportméiglechkeete kann zeréckgräifen, ouni sech musse mam Auto vun A op B ze beweegen an ouni datt et ze komplizéiert ass.


De radio 100,7 ass fir d'Nuit des Musées den 12. Oktober vun 18 bis 23 Auer live am Casino - Forum d'art contemporain a begleet Iech de ganzen Owend mat Interviewen an Impressioune vun der Plaz.