Radioen

On air

Notturno  |  Arthur Russell - See-Through

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vun Utopien an Dystopien an der elektronescher Musek

David Stubbs - Mars by 1980

Vun Utopien an Dystopien an der elektronescher Musek

"Bis 1980 wäerte mir op de Mars geflu sinn", sot sech de britesche Museksjournalist David Stubbs als Kand. Vun Utopien an Dystopien an der elektronescher Musek handelt dem Stubbs säin neiste Buch "Mars by 1980". Den Yves Stephany recommandéiert iech et als Summerlecture.

auto_stories

3 min

"Mars by 1980" huet als Ënnertitel "The Story of Electronic Music". Passenderweis net "History". An am Fong misst et heeschen "A Story of Electronic Music" - eng Geschicht vun der Elektronescher Musek. Den David Stubbs erzielt dës Geschicht aus enger ganz subjektiver Siicht. Et ass keng Enzyklopedie, mee d'Exploratioune vun där ëmfangräicher Welt vun der elektronescher Musek vun engem Museksfan a Museksjournalist,

Den Auteur léisst keng Geleeënheet aus, fir ze erzielen, a wéi enger ëffentlecher Librairie hien zum Beispill fir d'éischte Kéier e Wierk vum Pierre Schaeffer héieren huet, oder wéi seng Frënn reagéiert hunn, wéi hien hinnen eng Plack vu "Gesang der Jünglinge" vum Stockhausen virgespillt huet, déi hie moies um Floumaart fonnt hat.

Eng subjektiv Approche

Dëse perséinlechen Accès ass eng Stäerkt vum Buch. Well Musek ass um Enn ëmmer eng ganz perséinlech a subjektiv Experienz, déi fir jiddwereen anescht ass. Den Davis Stubbs huet net den Usproch, als Musekshistoriker opzetrieden. Hien erkläert, an enger klorer, sachlecher Sprooch, wat senger Meenung no gutt a relevant war. Wat fir d'Entwécklung vun der Musek wichteg war, gëtt ervirgehuewen, och wann hie selwer net onbedéngt eppes domat kann ufänken.

Wéi zum Beispill wann et am Kapitel iwwer Elektro-Pop Duoen ëm d'Pet Shop Boys geet. Zu deenen hält den Auteur Distanz, erkennt awer hir popkulturell Relevanz un, an iwwerléisst d'Wuert kuerzerhand zwee Journaliste-Kolleegen, déi d'Musek vum Duo net dënn an iwwerbewäert fannen.

Trotz der subjektiver Approche ass "Mars by 1980" e ganz komplett Wierk. De Stubbs geet bei senger Erzielung chronologesch vir. Hie fänkt u mat éischte Versich fir Instrumenter ze bauen, déi net u Gamme gebonne sinn, mee déi onendlech vill Téin kënne spillen. Maschinnen, déi mat Elektrizitéit sollte kënne Musek maachen, dat war schonn am 19. Joerhonnert ville Komponisten hiren Dram. D'Futuriste kommen zu Wuert, déi am Ufank vum 20. Joerhonnert vun Italien aus d'Welt mat Kaméidi, Technologie a Chaos iwwerflute wollten. Déi tragesch Geschicht vum franséische Komponist Edgar Varèse gëtt erzielt, dee seng ganz Carrière iwwer net déi Musek konnt schreiwen, vun där hie gedreemt huet, well et déi néideg Instrumenter net gouf.

Eng komplett Iwwersiicht iwwer den Asaz vun elektronesche Momenter

Iwwer Musique Concrète, Stockhausen an John Cage kënnt den David Stubbs bei déi kosmesch an elektronesch Experimenter vu Sun Ra a Miles Davis, an d'Zesummentreffe vu schwaarzer Musek mat Elektronik. Déi einsam, innovativ Fraen aus dem BBC Workshop gi geéiert, éier ee via Sould an Disco bei de Post Punk an Elektro Pop kënnt. Eréischt no Eno, Cabaret Voltaire an J Dilla geet iwwer zäitgenëssesch elektronesch Musek rieds.

Den David Stubbs hëlt ganz wäit aus, a grad dat mécht "Mars by 1980" sou interessant. Et gëtt eng komplett Iwwersiicht iwwer de Background vun deem, wat haut quasi an alle Museksrichtunge gängeg Praxis ass: den Asaz vun elektroneschen Instrumenter - vun Drummachines a Sampleren a Synthesizeren an Effektgeräter.

Et sollt ee beim Liesen och ëmmer eppes ze schreiwen, respektiv ze lauschtere bei Hand hunn. Et wäert ee villes Interessantes entdecken oder nei entdecken. A villes, wat een haut als zäitgeméiss empfënnt, kéint op eemol verstëbst kléngen.