Radioen

On air

Tockcity  |  Nas & DJ Premier - Define My Name

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "De Film fält mat Amenter iwwer seng eege Féiss"

Les chatouilles vun Andréa Bescond an Eric Métayer

"De Film fält mat Amenter iwwer seng eege Féiss"

Zanter leschter Woch ass am Ciné Utopia e Film ze gesinn, deem säin Titel eppes aneres undeit wéi dat, wat een dann am Film ze gesi kritt. Den Tom Dockal war "Les chatouilles" fir de Radio kucken.

auto_stories

3 min

Foto: Orange Studio Cinéma / UGC Distribution

Heiansdo komme Filmer dohier, där hir Thematik esou wichteg, an - wéi sech erausstellt - perséinlech ass, datt eng soi-disant objektiv kritesch Aschätzung ëmsou méi schwiereg ass. "Les chatouilles" ass genee esou e Film.

De Film mam onscheinbaren Titel "Les chatouilles" handelt net just vum Sujet vu Kannermësshandlung, mee virun allem behandelt de Film d'Repercussioune vun esou enger Mësshandlung op dat spéidert Liewe vun der Victime. "Les chatouilles" beweist ee fir allemol, dat dës Konsequenzen, wann net verschafft oder op d'mannst iwwerhaapt geschafft, e Schied op alles geheien, wat dono kënnt.

Indicen op Mësshandlung

D'Odette, e klengt Meedche vun aacht Joer, ass eng enthusiastesch Dänzerin mat engem Fonken Hoffnung fir d'Zukunft an dëser Disziplin. Seng Elteren - eng hondsgewéinlech Koppel aus verdreemtem Papp an terre-à-terrer Mamm, déi ëmmer nees Angscht huet "pour passer pour la méchante" - sinn am Fong ganz verständnisvoll an encouragéieren d'Odette a sengen Dreem. Dobäi iwwersi si komplett, datt de Familljefrënd Gilbert net just nëmmen dem Odette géigeniwwer immens opmierksam ass - hien encouragéiert och a mécht gäre Cadeauen - mee dës Opmierksamkeet kritt zimlech direkt an der zweeter Zeen vum Film eng traureg Tournure. An et bleift net bei där enger Kéier.

An enger Zort Réckbléck erzielt dat erwuessent Odette enger Psy vun dësen Episoden aus der Kandheet. Ganz zoufälleg, well si laanscht d'Schëld vum Cabinet gaangen ass, a virun allem well si nach ni mat engem Mënsch iwwer hir Vergaangenheet als Victime vu graver Kandsmësshandlung geschwat huet; och net mat hiren Elteren.

Kathartesch, therapeutesch an inklusiv

"Les chatouilles" ass eng Co-Realisatioun a Co-Ecriture vun der Andréa Bescond an dem Eric Métayer, an d'Bescond spillt och d'Haaptroll vun der Odette. De Film baséiert op engem Theater-Solo vum Bescond mam Numm "Les Chatouilles ou la danse de la colère" an deem si scho vun hirer ganz perséinlecher Mësshandlungsgeschicht erzielt huet. An elo also d'Adaptatioun fir de Kino mat der Karin Viard als Mamm, dem Clovis Cornillac als Papp an dem Pierre Deladonchamps als Täter.

De Parti pris vun der Bescond ass absolut ze respektéieren. Si liwwert eng éischt Kinosaarbecht of, déi engersäits kathartesch an therapeutesch, anerersäits inklusiv ass. E Film dee sech net scheit, Ongemittleches ze weisen, zu kengem Ament awer an e Betraffenheets-Porno verfält, wat esou e Film kéint maachen.

An dat läit zu engem groussen Deel un der Form vum Récit. Mat Hëllef vu Réckblenden - psychanalystesche Réckblenden, wann een esou wëllt, an engem onzouverlässegen Erzieler oder Erzielerin, déi sech verschidde Sequenzen am Haut wéi och am Deemools schéi fantasméiert oder carrément mat der Psy an de Sequenzen dem Odette als Kand nokuckt ... D'Bescond geet mam Momenter nawell wäit, wat den Narratif vu Representatioun an d'Opschaffe vun esou engem grave Sujet uginn.

"De Spectateur riskéiert mat Amenter de Fuedem ze verléieren"

Dës fräi Erzielung fënnt awer och seng Limitten. Dat huet manner mat de poetesch-performativen Amenter ze dinn oder mat den humoristeschen Interluden, mee mat der Konsequenz - oder der Inkonsequenz, mat där déi verschidden Niveauen zesummefannen. Och mat ganz innovativen Transitioune vertrëppelt sech d'Dramaturgie heiansdo, an de Spectateur riskéiert mat Amenter de Fuedem ze verléieren. Dofir sinn d'Éischt-Kéier-Filmrealisateuren net aboutéiert genuch. Vum Cornillac senger Theaterparéck an der ënnerbenotztener Viard stécht virun allem d'Bescond selwer eraus, där hiert Bühnespill bei allem Respekt virum Verfriemungseffekt eng Grimmel befriemlech um Kinosecran ass.

"Les chatouilles" ass bestëmmt e wichtege Film, fält mat der Andréa Bescond virun an hanner der Kamera mat Amenter awer iwwer seng eege Féiss.