Radioen

On air

Notturno  |  Holy Hive - Oh I Miss Her So

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Suitte vu Corona fir d'Konscht

Ausstellung

D'Suitte vu Corona fir d'Konscht

Ufanks Mäerz war dem Moler Jean-Marie Biwer seng Expo "d'après nature" am Mudam opgaangen. D'Ausstellung, déi Wierker aus de leschte 15 Joer presentéiert, mécht kloer, wéi intensiv de Jean-Marie Biwer zanter 40 Joer d'Natur mee och déi haiteg Gesellschaft an d'Konschtgeschicht observéiert an hannerfreet. Besser gesot: d'Ausstellung huet dat "kloer gemaach". Elo ass se nämlech zou. D'Kerstin Thalau wollt vum Jean-Marie Biwer wëssen, wat dat fir hie bedeit.

auto_stories

4 min

De Jean-Marie Biwer ugangs Mäerz 2020

En Dram wier wouer ginn, an: hie wier am Fong frou, datt hien elo, mat ufanks 60, fir eng Eenzelausstellung vum Mudam invitéiert gi wier, an net als jonke Kärel; do hätt hien eventuell dach de Buedem ënner de Féiss verluer, sou de Jean-Marie Biwer nach viru gutt zwou Woche beim Vernissage vu senger Expo "d'après nature" am Pei-Musée.

"Et ass surreal, dat Ganzt. Ech hat déi zwee Momenter gläichzäiteg: e Vernissage mat 600 Leit, wat fir mech bis dohinner onvirstellbar war, an da kriss de direkt duerno eng op den Deckel. Déi éischt Woch waren och vill Visiteuren an der Expo, an dann hu si missen zoumaachen."

Dem Jean-Marie Biwer säi But ass et, mat senge Peinturen de Leit ze ginn, wat si néideg brauchen, nämlech Rou. Lo ass d'Rou op eemol aus enger komplett anerer Richtung geflu komm.

"Ech sinn ëmmer dofir, datt d'Leit sech ee Moment Zäit huelen, fir e bëssen ze iwwerleeën, mee dat do ass jo elo eng weltwäit Katastroph. Mat deenen Ausmoossen huet jo kee gerechent. Dach, vläicht a China verschidde Leit, vläicht hu verschidden Europäer an Amerikaner Warnsignaler héieren, ech weess et net. Hei ass jo näischt passéiert. Wéi d'Expo opgemaach huet, hätt ech dat do ni fir méiglech gehalen."

Isolatioun

Wéi de gebiertegen Diddelenger Jean-Marie Biwer, no engem mouvementéierte Liewen am Ausland, ufanks den 1980er mat senger Famill an d'Éislek wunne gaangen ass, hat hien Angscht virun enger Aart Isolatioun. Mee hien huet dunn onerwaart d'Natur entdeckt, déi him Liewensinhalt a Motiver geliwwert huet. Wéi erlieft hien déi aktuell Isolatioun?

"Ech sinn immens frou hei uewen ze sinn. Hei bass de honnertmol besser dru wéi an enger Groussstad, an engem gëllene Käfeg zu Paräis zum Beispill. Eng Stonn mëttes spadséieren ass hei guer kee Problem. D'Leit halen Distanz, et pecht souwisou keen op deem aneren. An enger Stad ass dat en Drama. Mee ech muss eben och oppasse wéinst mengen Häerzproblemer: do hat den Dokter mech scho gewarnt."

D'Kreativitéit bleift fir de Jean-Marie Biwer Alldag. Esou huet hien aus der Distanz fir en Animatiounsfilm fir Kanner iwwer seng Expo am Mudam en Text agelies. D'Resultat deemnächst online. Bei anerem Alldeegleche muss hie kreativ ëmdenken.

"Ech hunn en Uelegbild gemaach, an do hunn ech gemierkt, datt ech Engpäss hunn. Déi ganz Zäit, wou ech fir de Mudam amgaang war, hat ech keng Zäit an och kee Besoin, fir Material sichen ze goen. White spirit fir Pinselen ze botzen hunn ech just nach minimal. Da muss ech eben ëmdenken, schaffen Tempera, maachen Ënnergrënn, oder e groussen Deel vum Bild, dat ech einfach op Waasserbasis schaffen. Dat sinn elauter esou kleng Problemer, déi elo kommen: d'Liwwerante sinn all zou."

Den Ament gëtt och ënner Kënschtler versicht, virtuell Solidaritéit ze markéieren: de Jean-Marie Biwer steet an direktem Kontakt zum Robert Brandy, der Patricia Lippert, dem Bertrand Ney, ma och zum Serge Tonnar, zu der Ekipp vum Mudam. De Kulturministère hat relativ séier seng finanziell Solidaritéit mat de Kënschtler annoncéiert. Total rassuréiert ass de Jean-Marie Biwer awer net.

"D'Illustratioune fir dem Serge Tonnar säin Tao-Buch waren opwändeg, et war bal ee Joer Aarbecht fir d'Expo am Mudam, an ech hat jo net mam Coronavirus gerechent. D'Mudam-Employéeën hunn eng reegelméisseg Pei, déi hu mir net. Ech hunn déi Zäit näischt verdéngt. Meng Fra an ech hunn eng kleng Reserve, a mir hu Chance, datt eis Kanner grouss sinn, mee wéi laang muss ech eis Reserve zéien? Et ka jo grad keen an den Atelier kommen an e Bild kafen. Dach, haut huet e Mann e Bild bestallt, wat en iwwer Facebook gesinn huet. Dat ass natierlech eng Perspektiv. Och datt Leit soen, wann et eriwwer ass, da komme mir. Mee wéini ass dat? Dat weess keen. Fir eis ass et elo net direkt dramatesch, mee ech ka mir awer virstellen, datt vill Kënschtler aktuell an enger ganz anerer Situatioun sinn, wéi nach virun zwou bis dräi Wochen."