Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Lenin ass operstanen!

Een Thema, e Buch

De Lenin ass operstanen!

Mat senger satirescher Novell "La Tête de Lénine" (Ed. Noir sur Blanc) hat de russeschen Dissident Nicolas Bokov 1970 de sowjetesche Regime op d'Schëpp geholl. Hilarant mee riskant!

auto_stories

5 min

"A l'intérieur, baigné d'une lumière rougeâtre, il y a avait Lui. Involontairement, les citoyens ralentissaient le pas, mais, sans mot dire, des officiers les tenaient éloignés de la barrière de granit et les pressaient d'avancer, en parlant par gestes."

1970, um 100. Gebuertsdag vum Papp vun der russescher Oktober-Revolutioun, huet de klenge Gauner Vania Tchmotanov e Geeschtesblëtz. Wéi et schéngt gëtt et op der Welt Amateuren, déi duerchaus bereet sinn, vill Suen op den Dësch ze leeë fir all Zort vu Mumien. Do läit et op der Hand, wat dem Vania ze maache bleift: a Vive bei de Lenin-Mausoleum!

Dat ass d'Ausgankssituatioun vum Nicolas Bokov senger Novelle "La Tête de Lénine", déi hien 1970 geschriwwen hat. Dës bësseg Satir war an der fréierer Sowjetunioun ënnert dem Mantel zirkuléiert, wéi esou vill regime-kritesch Texter. Samizdat gouf dee System genannt, iwwert deen een d'Zensur an de fréieren Ostblock-Staate konnt ëmgoen. Alles wat net den Accord vun den Autoritéiten hat, konnt ganz einfach net gedréckt ginn.

D'Maschinnen, mat deene Bicher, Zäitschrëften oder soss Publikatioune kopéiert goufen, fir eng breet Diffusioun z'erméiglechen, waren de Monopol vum Staat. Dofir blouf den Auteure vu kriteschen, politesch sensibelen Texter näischt aneschters iwwreg, wéi se mat Fuschpabeier op der Hand oder op der Schreifmaschinn ze kopéieren an esou méi Exemplairen ze produzéieren.

"La certitude qu'on pourrait tout renverser, même le régime soviétique"

Verbreet goufen déi Samizdat meeschtens an intellektuelle Kreesser. Dës Texter ware strengstens verbueden, dofir war et riskéiert, se ze maachen, weiderzeginn, oder nëmmen ze besëtzen. Wien erwëscht gouf, konnt mat Jore laangem Prisong oder der Deportatioun a Sibirien rechnen.

"Faire du samizdat à Paris est bien plus commode et tranquille que dans le Moscou des années 1970", stellt den Nicolas Bokov 47 Joer méi spéit an engem Virwuert vu "La Tête de Lénine" fest.

"Mais l'audience, aussi, était alors bien différente, à faire rêver les écrivains occidentaux lorsqu'il parlent 'du plaisir d'écrire et du bonheur d'être lus.' Adaptée au samizdat, cette formule pourrait être complétée par 'la joie et le risque de voir leurs textes retapés à la machine par des lecteurs. (...) Parler de plaisir est faible. C'était l'enthousiasme, l'extase, la certitude qu'avec un livre on pourrait tout renverser, même le régime soviétique."

Den Nicolas Bokov hat am Lenin-Mausoleum zu Moskau e Schwaachpunkt vum Regime erkannt, well op déi Manéier déi a Russland verwuerzelt orthodoxesch Relioun weidergefouert gouf.

"La lumière rougeâtre. La tunique. Les bottines. Tout y était. Jorik se frotta les yeux. Mais la tête?... Il n'y avait plus de tête. 'Que ferait, à ma place, un officier digne de ce nom?' pensa lentement Jorik. Il sortit son pistolet et le porta à sa bouche. L'acier avait un goût amer. Le bruit de la détonation troubla la paix du sanctuaire.

- Heu... je crois bien que le camarade capitaine est mort."

Mam orthodoxesche Glawe gespillt

De Bokov spillt dann och mam reliéise Glawe vu senge Landsleit, andeems hie sengem Haaptpersonnage d'Gesiichtszich vum Grënner vun der Sowjetunioun gëtt. Nodeems de Gauner Tchmotanov feststelle muss, datt dem Lenin säi preparéierte Kadaver just eng Attrapp ass, an de Publikum am Mausoleum och just e falsche Kapp presentéiert kritt, geréit hien ongewollt selwer an d'Roll vum Lenin, deen - dem Uschäin no - operstane muss sinn:

"- Bonjourr, camarrade! dit Tchmotanov en faisant un signe de tête à l'agent, sans ôter ses mains de ses poches. Et il tourna le coin du bâtiment.

L'agent semblait avoir pris racine sur l'asphalte. 'Me voilà frais! songea-t-il, la tête en feu. Elle a peut-être pas tort, bobonne: je dois trop boire! Voilà qu'à présent je vois des Lénine!..."

De Lenin, deen aus sengem Mausoleum verschwonnen ass, versetzt de kommunistesche Regime a Panik. Provisoresch gëtt emol e Schauspiller rekrutéiert, fir de vakante Posten ze besetzen:

"- Saurez-vous vous acquitter de cette tâche? Saurez-vous jouer le rôle de notre Illitch éternellement présent, bien que... heu... momentanément disparu... je veux dire qu'il est, naturellement, éternellement présent, mais que tout en étant présent au mausolée, il n'en est pas moins, en quelque sorte, un peu absent... N'est-ce pas? Pendant la durée de votre contrat, vous serez nourri au Kremlin.

- Je dois réfléchir, dit Krivokorytov. Et en lui même il conclut: 'A tous les coups, on le leur a piqué.'

- Certes, reprit-il, le système de Stanislavski sera soumis à une rude épreuve, mais il tiendra bon, j'en suis sûr! Stanislavski voulait que sur la scène... tout fut comme dans la vie... Mais le mausolée n'est pas un théâtre... Enfin... Bref, il me faut créer le personnage d'un mort, pas tout à fait mort... j'veux dire, l'absence vivante d'un homme éternellement vivant... ou plus exactement, l'absence vivante d'un homme éternellement présent... pardon... la présence d'un homme éternellement mort!"

De Rescht vun der Novelle ass eng Suite vun deliranten Entwécklungen. De Gauner Tchmotanov gëtt vun der Populatioun mam operstanene Lenin verwiesselt, vun deem se sech erwaart, d'Feeler vu senge Nofollger nees guttzemaachen...

Novell iwwer Mikrofilm a Frankräich komm

Dem Bokov seng Novelle "La Tête de Lénine" war fir d'éischt am November 1970 zu Paräis an der Pensée russe, enger Zäitschrëft vu russeschen Immigranten, erschéngen. Zwee Joer drop koum se op franséisch, an der Referenzzäitschrëft La Quinzaine littéraire eraus. Där hirem Chefredakter, de renomméierte Maurice Nadeau, gouf den Text - wéi et schéngt - zu Moskau a Form vu Mikrofilm zougespillt.

Den Nicolas Bokov hat sech eréischt Enn de 70er Joren als Auteur ge-out, nodeems hien als onerwënschten Dissident a Frankräich ausgewandert war. Bis dohi war den Text mam Numm "Vsevolod Kotchetov" ënnerschriwwen, den Numm vun engem deemools regime-treie Schrëftsteller. Een zousätzleche Spaass, dee sech den Nicolas Bokov erlaabt hat!