Radioen

On air

Notturno  |  The Smile - Friend Of A Friend

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De leschte Stand vun der Dominatioun

Neie Loach

De leschte Stand vun der Dominatioun

Mat sengem zolitte Sozialdrama "Sorry We Missed You" informéiert den englesche Filmregisseur Ken Loach iwwer déi sozio-ekonomesch Entwécklungen a Groussbritannien. Säi Constat gëllt och fir Lëtzebuerg.

auto_stories

4 min

Schéin an der Rei: De Ricky (Kris Hitchen, an der Mëtt) an déi aner "onofhängeg" Chaufferen

De Ricky (Kris Hitchen) a seng Fra Abby (Debbie Honeywood) ploe sech Dag fir Dag op hirer respektiver schlecht bezuelter Aarbechtsplaz. Si bekëmmert sech ëm Mënschen, déi doheem op Fleeg ugewise sinn. Hie schafft, no enger laanger Serie vun allméiglechen an onméiglechen Jobben, als "onofhängege" Chauffer fir eng Transportfirma, déi Päck ausliwwert. D'Mëtt-Véierzeger-Koppel muss en ustrengenden Aarbechtsrhythmus, mat alt bis zu 14 Stonnen den Dag, a Kaf huelen, fir d'Famill mat den zwee Kanner iwwer Waasser ze halen an d'Scholden zeréckzebezuelen. Vill Sputt fir en normaalt Familljeliewe bleift do net. Éischter dreet de Stot ze implodéieren.

De Loach konzentréiert sech op dat Wesentlecht

No engem hallwe Joerhonnert Aktivitéit an zwou Dose Kinosfilmer bleift den 83 Joer alen englesche Cineast Ken Loach senger Linn trei: sozialkritesch, engagéiert Filmer, déi bewosst op formell Innovatioun verzichten a sech op dat Wesentlecht konzentréieren. Am gewinnten dokumentaresche Stil an unhand vun exemplaresche Personnagen hält de bekennende Kommunist Ken Loach de Spectateur um leschte Stand vun der sozio-ekonomescher Entwécklung a Groussbritannien. A sengem viregten Drama "I, Daniel Blake" hat hien duergestallt, wéi eeler invalid Salariéen am - der Maartlogik no - reforméierte britesche Sozialsystem ënner d'Rieder kommen. Dës Kéier sinn et d'Verännerunge vun der kapitalistescher Aarbechtswelt op Käschte vun deene klenge Leit, déi an d'Viséier geholl ginn.

"Sorry We Missed You" weist eng Transportfirma, déi hir Chaufferen ënner dem Statut vun Independant fir si schaffe léisst, ähnlech wéi den amerikanesche Konzern Uber. Mee et ass eng Pseudo-Onofhängegkeet, déi fir d'Personal kaum Virdeeler huet. Am Géigendeel: déi ganz Responsabilitéit vun de Liwwerunge laascht op de Schëllere vum Chauffer, deen de finanzielle Risiko dréit a mat méigleche Sanktiounen zousätzlech ënner Drock gesat gëtt. Et ass e System, deen all Form vu Solidaritéit ënner dem Personal onméiglech mécht an d'Individuen zwéngt, sech selwer auszebeuten. Notznéisser sinn eleng d'Aktionären, där hir Profitter klammen.

Onperséinlech Dominatioun

Mee si kritt een am Film net ze gesinn, grad esou wéineg wéi soss en héije Responsabelen. Bis op den äiskale Coordinateur, deen d'Equipe vu Chauffere mat enger eisener Fauscht leet, ass et en onperséinleche System vun onsiichtbaren Zwéng. Dee materialiséiert sech eenzeg an eleng a Form vun engem klengen Apparat, deen de Ricky ëmmer muss dobäi hunn, deen him d'Transportweeër diktéiert a via GPS permanent kontrolléiert, wou de Pak - dat heescht hie selwer - grad drun ass.

Déi neoliberal Ëmformung vun der Wirtschaft huet och scho laang op de Sozial- a Fleegesecteur, an deem dem Rick seng Fra Abby schafft, iwwergegraff. Wéi een dat mëttlerweil och schonn hei zu Lëtzebuerg zanter der Reform vun der Fleegeversécherung kennt, sinn d'Aarbechtsofleef reng no ekonomesche Krittäre standardiséiert ginn. D'Personal, dat ënner permanentem Zäitdrock steet, huet déi ausdrécklech Instruktioun, net mat de "Clienten" ze sympathiséieren. Mee dee System géif zesummebriechen, wann d'Personal net mat engem Minimum u Mënschlechkeet géif un d'Saach erugoen - eng Mënschlechkeet, déi, am Fall vun der Abby, meeschtens onbezuelt Iwwerstonne mat sech zitt.

Negativen Impakt op d'Familljeliewen

De Filmtitel "Sorry We Missed You" verweist op den Ziedel, deen de Liwwerant un der Dier hannerléisst, wann de Client net do war fir säi Pak perséinlech an Empfang ze huelen. An deem heite Fall kéint dee Message vun der Kanner kommen, déi d'Mamm an de Papp nëmme seelen zu Gesiicht kréien. De Film thematiséiert virun allem dann och den Impakt vun der Aarbecht op d'Familljeliewen.

Zum Beispill verleeft d'Kommunikatioun gréisstendeels, an de wéinege Momenter, déi dat zouloossen, iwwer Handy. D'Fra huet ëmmer nach hir "duebel Schicht" ze erleedegen, doheem an op der Aarbecht. An dee schonn iwwerfuerderte Papp ass dem Konflikt mat sengem Bouf am Rebelliounsalter natierlech net gewuess.

Dem Loach seng Personnagë si grondsätzlech gutt Mënschen, déi trotz de wirtschaftlechen Zwéng versichen, dat bescht dorausser ze maachen. Wéi esou dacks ass et dem Ken Loach sengem attitréierten Zeenarist Paul Laverty ze verdanken, all déi Thematiken an Erzielsträng gekonnt matenee verflecht ze hunn. Um Enn huet den englesche Realisateur wéi gewinnt säin Zil erreecht: de Spectateur verléisst de Kino mat der Roserei an der Panz!