Radioen

On air

Notturno  |  Jockstrap - 50-50 (Extended Mix)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Mënsch, dëst onnatierlecht Wiesen

CinEast-Festival

De Mënsch, dëst onnatierlecht Wiesen

Déi ungaresch-rumänesch Produktioun "Spiral" vun der Cecília Felméri weist, datt d'Mënsche sech net einfach de Gesetzer vun der Natur kënnen iwwerloossen. Aus der Kompetitioun vum CinEast-Festival.

auto_stories

3 min

Eng Koppel lieft bei engem Weier, matzen an der Natur. De Bence (Bogdan Dumitrache) ass Biolog. Hien ziicht Welsen, mam Zil, hiert Verhale kënnen ze studéieren. Seng Frëndin Janka (Diána Magdolna Kiss) ass net zefridde mat deem isoléierte Liewen a géif léiwer nees als Enseignante an enger Stad schaffen. Nodeems d'Fra enges Daags engem Ongléck zum Affer fält, muss sech de Mann komplett a Fro stellen.

Déi éischt Opnam vu ''Spiral'', dem Debutfilm vun der Ungarin Cecília Felméri, hëlt de Schicksalsschlag virewech: esou wéi d'Natur ronderëm de Weier sech am Waasser erëmspigelt, gëtt dem Biolog säi Liewen op d'Kopp gehäit. Mee wéi geet et weider? En neien Ufank? Eng Form vu Kontinuitéit? A kann ee weiderliewen, wéi wann näischt geschitt wier, d'Vergaangenheet hanner sech loossen, se vergiessen?

Zesummespill mat der Natur

Äntwerten op déi Froe liwwert de Film an enkem Zesummespill mat der natierlecher Kuliss, dem Zyklus vun de Joreszäiten, der Reproduktioun vun de Liewensformen.

D'Ongléck mat der Frëndin geschitt am Wanter, zu engem Moment, wou d'Bezéiung net méi déi allerbescht ass, iergendwéi erfruer ass, wéi d'Waasser um Weier. D'Bild vum Mann, dee mat der Motorsee d'Äis opbrécht, kéint als symbolesche Versuch interpretéiert gi fir d'Relatioun nees opliewen ze loossen.

Sech am Zyklus vun der Natur opléisen?

Nodeems et him net gelongen ass, weder d'Bezéiung nach seng Frëndin um Liewen ze halen, setzt de Biolog op dat, wat hien am beschte kennt, nämlech d'Mechanisme vun der natierlecher Reproduktioun, esou wéi hien dat och mat de Fësch mécht. Der Fra hire Kierper gëtt der Natur iwwerlooss.

An et schéngt ze wierken: esou wéi d'Fréijoer de Weier nees entdeeën an de Bësch opbléie léisst, esou daucht op eemol eng nei Fra (Alexandra Borbély) op, mat där de Bence och séier wäert zesummeliewen, genee esou wéi virdrun, wéi wann näischt gewiescht wier.

De Mënsch ass awer e spezifescht Wiesen

Mee am Géigesaz zur Natur huet de Mënsch e Gewëssen. De Bence ka sech net an der Natur opléisen. Hie verspiert Widderstänn, zum Beispill refuséiert hien, déi aus dem Weier gefëschte Welsen ze iessen, déi seng nei Frëndin gekacht huet. Hei spillt den anthropologesche Verbuet vum Kannibalismus. A virun allem: seng verstuerwe Frëndin ass net einfach esou ze ersetzen.

Dat mënschlecht Liewe kann och net einfach eng permanent Géigewaart sinn, een Zyklus, dee sech praktesch onendlech widderhëlt. De Biolog lieft mat der Lascht vun der Vergaangenheet um Bockel. Déi knallrout Boje an der Mëtt vum Weier, dem zentrale Fixpunkt, deem eenzege vun deem aus ee genuch Handysreseau huet fir mat der Baussewelt ze kommunizéieren, ass do fir ëm dat zu all Moment an Erënnerung ze ruffen.

Et ass wéi d'Spiral aus dem Filmtitel: entweder gëtt ee vun hirem Zentrum verschlongen, oder et fënnt een de Wee eraus.

''Spiral'' ass e rouege Film, deem seng Handlung, Erzielweis a Personnagen enk mat der Natur verflecht sinn. D'Aart a Weis, wéi den Haaptprotagonist op den Doud vu senger Frëndin reagéiert, ass vläicht an Aklang mat den natierleche Prozesser. Mee op de Spectateur wierkt dat verstéierend, suergt fir Desorientéierung. D'Kraaft vum Film besteet doranner, datt en op dat hindeit, wat de Mënsch zu engem spezifesche Wiese mécht.


*Spiral" leeft nach dëse Mëttwoch 21. Oktober um 20.45 am Utopia an Donneschdeg 22. Oktober um 18.30 an der Cinemathéik, respektiv ass online um Site vum CinEast-Festival ze gesinn.