Radioen

On air

Notturno  |  Julie Byrne - Summer Glass

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "De Patrimoine liewe loossen"

Denkmalschutz

"De Patrimoine liewe loossen"

Ënner dem Motto "Eisen Denkmalschutz funktionéiert net!" hunn virgëscht an der Stad eng 17 Associatiounen a Veräiner, déi am Denkmalschutz aktiv sinn, géint di rezent Zerstéierung vun den Escher Keeseminnen a fir e bessere Schutz vun eisem Bau- an Industrieierwen demonstréiert.

auto_stories

2 min

Et géif net ëm d'Schéinheet oder den Alter goen, zielt een Demonstrant, mee et géif ganz vill ëm dat Historescht an dacks ëm de Stil goen. Een Aarbechterhaus wier beispillsweis erhalenswäert fir där nächster Generatioun ze weisen, wéi esou en Aarbechterhaus ausgesinn huet. Een Zil vun der Manifestatioun wier et fir d'Leit ze sensibiliséiere fir de Patrimoine bâti an datt e méi bekannt gëtt.

Den Denkmalschutz zu Lëtzebuerg steet an der Kritik - alt erëm. Mee wie sech bis elo als Denkmalschützer ervirgedoen huet, huet sech ëmmer e bësse wéi de Stoussnéckel behandelt gefillt. Ze grouss schéngt den Drock op den Immobiliëmarché an op d'Regierung fir erschwéngleche Wunnengsbau ze garantéieren, fir datt d'Politik sech dem lästegen Thema Denkmalschutz unhuele géif.

Dat kéint deemnächst änneren. Zanter Joren dokumentéiere verschidde Gruppen op de soziale Medien akribesch, wat munch een dramatesch déi systematesch Zerstéierung vun eisem Land nennt. Eng Chamber-Petitioun huet iwwer 5.000 Ënnerschrëfte gesammelt.

Laang Demarchen

D'Demarche fir e Gebai ze schütze wier laangwiereg. "Dat ass en hin an hir", zielt een op der Manifestatioun. "Do gëtt ëmmer jiddwereen deem aneren d'Schold, an dat muss ophalen. Dat ass einfach net méi erdrobar."

Fir datt e Gebai ënner Denkmalschutz kënnt, muss de Proprietär averstane sinn. "Dat musst Dir Iech dach emol virstellen!" Wann e Promoteur en Haus géif kafen, wéilt en domat och Sue verdéngen a wier net domat averstanen, datt d'Haus erhale bleift.

Liewege Patrimoine

Datt dës Demo iwwerhaapt zustane koum ass engem Opruff vun der asbl Industriekultur CNCI ze verdanken, déi d'Zerstéierung vun den Escher Keeseminnen, matten an de Journées du Patrimoine d'lescht Woch, zum Ulass geholl huet fir nach emol hir Fuerderungen zum Ausdrock ze bréngen.

Dozou gehéieren e bessere legale Kader fir den Denkmalschutz wéi deen, dee grad an der Maach ass, an en automatesche Schutz vun alle Gebaier vu virun 1955. Mee wou fänkt den Denkmalschutz un, wou hält en op? Fir de Pierre Hurt, Direkter vum Ordre des Architectes et des Ingénieurs-conseils, geet et net duer just de Patrimoine ze erhalen. "D'Wuert conserver geet net duer. Mir mussen de Patrimoine liewe loossen."