Radioen

On air

Notturno  |  Chilly Gonzales - Kopfkino

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Schluss vum Rambo

Rambo: Last Blood vum Adrian Grünberg

De Schluss vum Rambo

De Vietnam Veteran John Rambo a seng Dämone sinn 1982 eng éischte Kéier um Kinosecran opgedaucht. Wat als eescht ze huelend Psychogramm ugefaangen huet, huet sech dunn fir e Synonym fir Actionheld entwéckelt. An engem Kinoszäitalter vu Superhelden daucht dësen John Rambo awer op eemol nees eng Kéier op.

auto_stories

4 min

No véier Filmer versicht dem Sly säi John Rambo et also lues unzegoen. Hie lieft am Kansas mat enger enger mexikanescher Haushälterin an hirer Enkelin. Op engem Haff. Wäit ewech vun der Zivilisatioun. An hie këmmert sech ëm Päerd. Ewéi emol den John Wayne a sengem 72er Alterswierk The Cowboys vum Mark Rydell. Hien ass e gebrachene Mann, säi leschte Film - also seng lescht bluddeg Missioun ass eelef Joer hir. 2008 - Rambo - vum Stallone selwer an Zeen gesat.

Mee déi Rou ass um Pabeier just vu kuerzer Dauer. Fir et op dëser Plaz kuerz ze halen: d'Quasi-Adoptivenkelin gëtt zu Mexiko hanner der Grenz entféiert a gëtt Affer vun engem Prositutiounsrang. D'Konsequenz ass eng kloer: den John Rambo gesäit rout.

De Film huet Startschwieregkeeten

Bon, Rambo: Last Blood ass eng wierklech bizar Affär. Als alleréischt, well de Pitch, deen hei elo esou kuerz gefaasst ass, am Filmer selwer x Viréeën no riets a lénks hëlt an dem Filme richteg Schwieregkeete bereet, fir vum Buedem ze kommen.

D'Relatioun zur Haushälterin ass keen Ament kloer, déi zum 16-Joer-jonke Meedchen ass och just nëmme Virwand. E Virwand, deen awer, jee nodeem, ewéi ee rechent, 40 oder 70 Minutte vum Film verbëtzt, iert ee gesäit, ewéi aus dem John Rambo de Rambo gëtt. De Film selwer wëll sech Uganks als Psychogramm vun engem vun Alter a Konflikt gebrachene Mann ginn, ass awer a sengem stümperhafte Prozedere einfach just nëmme langweileg a kee Meter kredibel.

Foto: IMDb

Dem Sly säi vu plastescher Chirurgie zerfriessent Gesiicht deet him do absolut kee Gefalen. Anerersäits hätt en intelligente Realisateur eppes domadder maachen, mee och déi Chance gouf hei am Last Blood verpasst.

E Schluss, no deem kee gefrot huet

Rambo: Last Blood kënnegt vum Numm hir en Schlusskapitel vun enger Franchise un. E Schlusskapitel, no deem kee gefrot huet an dat mat dësem Manktem vun Erwaardunge jiddwereen hätt kéinten iwwerraschen.

Dobäi mangelt et jo kengesfalls u Krichssituatiounen an der US-amerikanescher Geschicht. Mee de Rambo leeft duerch de Film a jéimert esou plomp ewéi näischt en hätt seng Kollegen am Dschungel net rette kënnen, dofir misst en op mannst dat jonkt Meedchen retten. D'Intentioune sinn esou platt formuléiert, dat et engem einfach net just nëmmen egal ass, mee datt een eng Stonn nom Filmschluss sech u keen an näischt erënnert.

En anachronisteschen Held

Iwwerraschend bleift just nëmmen d'Tatsaach, ewéi anachronistesch de Personnage vum John Rambo an der zäitgenëssescher Filmlandschaft wierkt. De Sly ass ee vun deene leschten 80s Actionstaren, déi nach versichen, eppes ëmzerappen.

Foto: IMDb

De Bruce Willis huet déi lescht zwee Die Harden an de Sand gesat a schafft sech duerch den Direct to Video Marché an de Schwarzenegger gëtt sech an e puer Méint alt nees eng Kéier d'Eier als Terminator. D'Linda Hamilton als Sarah Connor ass dann no iwwer 25 Joer och nees dobäi. Esou merdique déi lescht dräi Terminator-Filmer waren, se hunn op mannst versicht, mat Ironie a Witz mat hirem eegene kulturkapitalisteschen Héritage ëmzegoen. Näischt dovunner ass beim John Rambo ze gesinn. An dobäi ass och do den Ausdrock "Rambo" an den allgemenge Sproochgebrauch gaangen.

De Kinosbesuch lount sech net

Et ass also net verwonnerlech, dat ee léiwer nach e Volet John Wick zerwéiert kritt oder op deen angebleche Filmskandal waart, deen Joker soll sinn, ewéi op déi x-ten gelangweilt hallef rassistesch Béis-Vergewalteger-Mexikaner Vigilante Geschicht. Hei, oder esouguer Bacurau vum Kleber Mendonca Filho. Deen huet am Kär eng net onähnlech Approche zum Vigilantentum ewéi Rambo, ass awer wäitaus méi aktuell a rosen.

Erspuert Iech op dëser Plaz dëse Rambo-Kinosbesuch a kuckt doheem déi zwee Creed Filmer. Filmer déi deem anere grousse Personnage vum Sly, dem Rocky Balboa, en tatsächleche Schwanegesank mat Kapp a Fouss sangen.

D'Gore Versioun vun Kevin Allein zu Haus meets Death Wish am drëtten Akt rett de Rambo no der konsequenter Langweil déi éischt bal 80 Minutte guer net. Rambo: Last Blood gehéiert leider an déi... First Poubelle.