Radioen

On air

Metal Meltdown  |  Metal Meltdown

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dealing with Clair

Kultur

Dealing with Clair

Vill Suen a Moral, passt dat beieneen? Am Theaterstéck: "Dealing with Clair" vum Martin Crimp bidden d'Schauspiller eis en Abléck an déi ethesch Kulisse vum Immobilie-Marché. Dës Produktioun vun de Stater Theateren ass aktuell am Kapuzinertheater ze gesinn.

auto_stories

1 min

"Dealing with Clair" spillt zu London an den 1980er Joren. Eng Famill, wëllt hiert Haus verkafen, d'Claire ass hir Immobilienhändlerin. "We want to behave honorably", mir wëllen eis éierbar verhalen, betounen déi eenzel Parteien, déi an der Transaktioun verwéckelt sinn ëmmer erëm. Mee vun deem Ament un, wou zimmlech vill Cash op den Dësch kënnt verléiere Leit, déi et u sech éischter gutt mengen, hiren etheschen Norden.