Radioen

On air

Tockcity  |  The Flints - Midnight Sunrise

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi rasant Fabel vum "EI, EI, EI?!"

Märecher

Déi rasant Fabel vum "EI, EI, EI?!"

Bis den 2. Februar invitéieren d'Rotonden op en neien Tour "Fabula Rasa". Wien nämlech denkt, Märercher wieren almoudesch, all d'selwecht, net méi iwwerraschend, deem beweist eng jonk Generatioun vun Erzieler an Erzielerinnen aus der Belsch, Frankräich, Däitschland, Holland a Spuenien an de Rotonden eppes aneres. Och zu Lëtzebuerg ginn et der e puer: zum Beispill d'Luisa Bevilacqua, déi beim "Fabula Rasa"-Programm hire Spektakel "EI, EI, EI?!" presentéiert.

auto_stories

3 min

Luisa Bevilacqua: schonn den Numm passt bei eng Geschichtenerzielerin. Mee si wousst laang näischt vun hirem Gléck. No der Première ass si op Florenz, huet Konschtgeschicht, also déi dréchen, déi faktesch, studéiert, sech instinktiv fir eng Spezialisatioun an der Geschicht vum mëttelalterlechen Theater decidéiert.

Vun do aus geet et berufflech néierens weider? Dach, an d'Praxis: an e Schauspillstudium op Roum. Nom Ofschloss 2008 huet d'Luisa Bevilacqua italienesch a lëtzebuergesch Büneloft geschnoffelt, wou eppes bäizeléiere war, dacks bei méi experimentelle Projeten. Wéi si dunn niewebäi gefrot gouf, ob si net emol Loscht hätt, bei engem Erzielowend matzemaachen, huet d'Luisa Bevilacqua spontan zougesot.

"Wéi ech ugefaangen hunn ze erzielen, waren esouwuel déi Kleng wéi déi Grouss op eemol komplett dran. Du hues se bal héieren, sech d'Biller mat an hire Käpp virstellen. Dat huet fir mech den Ausschlag ginn, datt ech mir gesot hunn, 'Du kanns nëmme mam Wuert d'Leit op d'Rees huelen'. A wat mir nach méi wichteg war: datt mir eng Rees zesummemaachen."

Eng Hellewull Alldagsobjeten

D'Luisa Bevilacqua huet doropshin zu Bréissel eng Formatioun an der Erzielkonscht op der École du Conte absolvéiert a léisst zanterhier zu Lëtzebuerg an an der Belsch déi al Traditioun vum Erzieler, respektiv der Erzielerin, nei opliewen.

"Fir Geschichten ze erzielen, muss ee vill trainéieren, vill Stëmme beherrschen, Rhythmik, Dynamik, mee soss brauch een näischt, respektiv alles a sech selwer. Bünebild, Musek si Pluspunkten, mee wa muer de Stroum ausfält sinn ech awer autonom; ech ka weider de Leit Geschichten erzielen, a si kënne sech weider Biller maachen. Dat ass de Potential dee mir hunn, och 'unconnected'."

Dofir jongléiert si zum Beispill bei "EI, EI, EI?!" tëschent Theater an Erzielkonscht, setzt eng Hellewull, mat Léift gesammelt, Alldagsobjeten an, déi si ganz prezis zesummebréngt, fir datt d'Lienen fir de Public och ouni Explikatioune kloer ginn.

Wat war fir d'éischt do?

"EI, EI, EI?!" ass d'Geschicht vum Clémentine, dat eng Äntwert op déi ural Fro "Wat war fir d'éischt do: d'Ee oder d'Hong?" Ufanks am iwwersiichtlechen Héngerjuck vun der Bomi, spéider op der Aarbechtsplaz, an der Héngerbatterie sicht. D'Firma produzéiert esouguer eng eegen "EI, EI, EI?!"-Show fir d'Tëlee.

Rise Furri an der Black Box an de Rotonden. Zil erreecht? Oder geet et der Luisa Bevilacqua schonn dorëms, datt d'Kanner detektéieren, datt d'Publicitéitsmadamm och just eng besser Schauspillerin ass?

"Si ameséiere sech immens an dono soe si "Jo, meeee?!" An da soen ech 'Yes!'. Virun e puer Joer hu si éischter Party geruff an d'Zeen 'mega cool' fonnt, zwee Joer no der Première vum Stéck kënnt éischter d'Reaktioun 'Dat war witzeg, mee mir gleewen hir net onbedéngt!'. Da sinn ech total zefridden."

Wéi kann d'Luisa Bevilacqua sech do esou sécher sinn? Duerch Gespier, Intuitioun, an awer och e gemeinsaamt Gespréich nom Stéck.

"An och do geet et hir dorëms, de Kanner hir Loscht um Froe stellen wakereg ze halen an hinnen ze vermëttelen, datt et net seelen méi wéi eng Äntwert gëtt, an datt déi och ëmmer nees changéieren.