Radioen

On air

Tockcity  |  Day Wave - Loner

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi schaarfsënneg-spannend Sich nom Konrad Schnittweg

Literatur

Déi schaarfsënneg-spannend Sich nom Konrad Schnittweg

Wien ass de Konrad Schnittweg? Wouhin a wisou ass hie verschwonnen? Ass de Psychotherapeut just en Affer vu béisaartege Fake news oder ass en e gewaltbereeten Attentäter? Déi Froe ginn sech am neie Roman "Lärm" vum Guy Helminger gestallt. Eng Äntwert kritt een eigentlech net, dofir awer wonnerbar Liesmomenter.

auto_stories

2 min

Gëtt et eng Wouerecht? Oder ginn et der vill? Wat ass iwwerhaapt d'Wouerecht? Wéi objektiv kann si sinn? A wéi kann ee wëssen, ob e Mënsch d'Wouerecht kennt? Se seet? A wat kann een iwwerhaapt gleewen?

A sengem Roman "Lärm" sinn et emol dës Froen, déi ee sech permanent beim Liese stellt, déi een duerchernee bréngen a bei deenen ee mësstrauesch gëtt.

De Guy Helminger weit a sengem Virwuert de Lieser an: Hie wier dem Protagonist Konrad Schnittweg just eemol begéint, et wier eng onerwaart Renconter gewiescht - e klengen Accident, wou de Schnittweg sech komesch beholl huet. Dat wier u sech den Ausléiser vun dësem Roman gewiescht, behaapt de Guy Helminger - an et gleeft een him dat.

E mysteriéise Personnage am Mëttelpunkt

De Konrad Schnittweg ass Psychotherapeut. Hie verschwënnt, et bleift e Bréif vun him, an deem hien en Attentat annoncéiert: eng gewalttäteg Revolt géint den Neoliberalismus an den dofir Responsabelen.

Wien ass dee Konrad Schnittweg? Eng Enquête, eng Sich no dësem Personnage, sengem Charakter, sengem Wiesen, senger Geschicht gëtt lancéiert.

An un dëse Recherchë bedeelege sich ganz ënnerschiddlech Leit. E Polizist, e Boulevard-Zeitungs-Journalist, de Guy Helminger himself, an do ginn dann dem Schnittweg seng fréier Studentekolleegen, seng Fra a seng Ex-Fra mat abezunn.

D'Spuere féiere vu Chile, dem Gebuertsland vum Neoliberalismus bis a Kenia, dem gréisste Rouseliwwerant an Europa.

Eng wonnerbar spannend Juegd no der Wouerecht

Déi eenzel Aussoen, Gespréicher, Auditiounen an Temoignagë ginn an eenzelen Episoden ofwiesselend duerbruecht, wat dem Roman eng enorm Spannung gëtt.

Et sicht een nom Zesummenhang vun de ganz ënnerschiddlechen Aussoen a Froen, déi opkommen, an et gëtt ee permanent vun de Widderspréch iwwerrascht an nach méi motivéiert weider ze liesen.

Einfach wonnerbar, wéi de Guy Helminger seng Lieser op eng reegelrecht Juegd no der Wouerecht schéckt, wéi hien een duercherneen a virwëtzeg mécht, mat wéi engem Humor, enger Liichtegkeet a schaarfsënneger Intelligenz hien hei e Spannennetz tëschent de Protagoniste wieft an näischt stéiert - näischt ass onlogesch an awer kuckt een domm aus der Wäsch.

Et weess een net wat ass wouer a wat erlunn an erfonnt. Wat sinn d'Hannergedanke vun den eenzele Figuren - gëtt bewosst gelunn oder ass dat just déi perséinlech Perceptioun?

Et ass een herno esou wäit, datt een un allem zweiwelt a selwer ufänkt ze recherchéieren. Pur Freed - an dat passéiert engem net all ze dacks.