Radioen

On air

De Moien  |  Superwaljoer um afrikanesche Kontinent

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dem Michel Medinger seng Universen am CNA

Fotografie

Dem Michel Medinger seng Universen am CNA

De Lëtzebuerger Fotograf Michel Medinger ass e Meeschter vun der Inzenéierung. Onscheinbar Objeten - wéi preparéiert Déieren, wéi eng Handvoll Schrauwen an Neel oder gedréchent Planzen, arrangéiert hie mat vill Geschéck, esou datt Schwaarzwäissfotoe vun dësen Natures mortes carrement immens komplizéiert Froen zu der Condition humaine opwerfen. De Centre national de l'Audiovisuel zu Diddeleng presentéiert elo eng grouss Michel Medinger-Retrospektiv.

auto_stories

2 min

Wéi loosse sech knapps 50 Joer fotografesch Entwécklung, an zwar am duebele Sënn, am CNA sengen eegene véier Wänn optimal beliichten, wéi selektionéiert een déi entscheedend Momenter? Dem Papp seng Handwierksgeschirtiräng waren dem Michel Medinger seng éischt fotografesch Modeller, dës Klischeeën a schwaarzwäiss an net sech selwer, huet de Fotograf iwwer Joerzéngten a seng Tiräng gestach, verschiddener carrement vergiess. Wéi dunn d'Invitatioun vum CNA koum, huet de Michel Medinger d'Gefaacher mat Inhalt a säin Auto getässelt an déi gesammelt Wierker bei d'CNA-Fotohistorikerin Marguy Conzemius gefouert.

Portal an eng aner Welt

Wéi vill Handaarbecht beim Michel Medinger nach an der Fotoaarbecht stécht, weist d'Marguy Conzémius an engem Nieweraum zu der Haaptausstellung. Eng fotografesch Reproduktioun vum Kënschtler senger Dunkelkammer an eng Gruppenopnam vun all sengen Objeten, gesammelter Kuriosa, fir seng fantastesch Natures mortes. Net fir de Voyeurismus vun den Expo-Visiteuren ze stëppelen, mä fir hinnen eng Welt zougänglech ze maachen, déi fir en etlech am digitalen Zäitalter opgehalen huet ze existéieren.

Experimentéierfreedege Kënschtler

Experimenter am Polaroid, Cyanotype, Platinotype, mat Selenium oder Uranium-Nitrat. De Michel Medinger war oppe fir alles. Fir dat faarwegt Portraitéiere vun den antike verloossene Benzinspompelen huet hien op Cibachrome gesat, e Procedé, bei deem en Dia just op Positivpabeier beliicht gëtt. Haut ass dës Method quasi ausgestuerwen, d'Fotoe kënne wuel restauréiert, awer net nei per Cibachrome entwéckelt ginn.

Um Ufank war d'Peinture

Oppenheet ass also net duergaangen, och Flexibilitéit - alt nees wéi beim Sportler - war gefrot. Um Ufank war d'Peinture, jo: nach virum Sport. Bis haut huet de Michel Medinger e Faibel fir de gëllenen Zäitalter vun der hollännescher Molerei, de flammännesche Primitiven an hir Natures mortes natierlech. D'Fotografie mat der Jesusbuste, där de Medinger eng Uelegkännche mat der Opschrëft "3-en-un" an de Grapp ginn huet, wierkt vläicht op den éischte Bléck net esou, mä op den zweete platzt se vu schwaarzwäissem Humor. An de Michel Medinger wäert zu eiser aller Freed domadder nach net esou séier Rou ginn.