Radioen

On air

Metal Meltdown  |  Metal Meltdown

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Theater am Spigel

Bühnekonscht zu Lëtzebuerg

Den Theater am Spigel

Dat ganzt Joer iwwer hält den Theater der Gesellschaft de Spigel vir. Eng Inszenéierung vun der Regisseurin Carole Lorang war an der leschter Saison allerdéngs mat "Miroirs troubles" iwwerschriwwen. Bedeit dat, datt d'Reflektéiere vun der Bühn erof fir Theaterleit net méi esou richteg méiglech ass?

auto_stories

3 min

D'Kulturjournalistin Josée Hansen an d'Redactrice vun den Theatersäiten an "Ons Stad" Simone Beck hunn d'Saison 2016/17 "herrlech" bis "immens" fonnt. Iwwerhaapt wier den Theater zu Lëtzebuerg zanter 20 Joer konstant qualitatif héichwäerteg. Et kéint ee quasi virun der Hausdier exzellent international Gaascht- a Coproduktiounen materliewen. Awer och usprochsvoll national Kreatiounen. De Frank Feitler hätt mat sengem engagéierten Asaz am groussen Theater wesentlech dozou bäigedroen.

Typesch Lëtzebuergesch?

D'Regisseurin a Presidentin vun der Theaterfederatioun Carole Lorang traitéiert am léifsten allgemeng gülteg Sujeten. Rezent huet si sech vill mat der Famill beschäftegt. Mee bei "Welcome to paradise" stoung zejoert d'Flüchtlingsproblematik am Zentrum. An zwar déi vu Lëtzebuerg.

"Ech ka mech fir Dokumentartheater grad esou wéi fir metaphoresch poetesch Forme begeeschteren", seetd'Carole Lorang. Wichteg wier, oppen ze bleiwen, ofzewiesselen. Fir d'Josée Hansen existéiert en typesch lëtzebuergeschen Theater, allerdéngs wier dat net dee vun de Regisseuren, mee dee vun enger bestëmmter Generatioun Auteuren.

"Guy Helminger, Guy Rewenig a Co. schreiwen dacks iwwert e provënziellt, paternalistescht, konservatiivt, kathoulescht Lëtzebuerg. D'Resultat ass populären Theater, deen nawell zimlech Succès huet, obschonns d'Situatioun dach entretemps changéiert huet. Also schéngt do awer nach Verschiddenes opzeschaffe sinn."

Josée Hansen a Simone Beck

Den Theater an der Wëssenschaft

Mëttlerweil gëtt et op der Uni Lëtzebuerg de Master "Theaterwissenschaft und Interkulturalität", wou ënnert anerem d'Germanistin an Theaterwëssenschaftlerin Natalie Bloch als Fuerscherin aktiv ass. Si bedauert, datt a Lycéeën zwar grouss Dramaen traitéiert ginn, mee net wierklech gräifbar gemaach géif ginn, datt dës Texter fir d'Bühn geschriwwe wieren. "Dat ass wéi wann ee Futtballreegele liest, awer kee Match kucke geet", sou d'Natalie Bloch.

Europawäit huet d'Fuerscherin e puer gemeinsam Theaterentwécklungen ausgemaach: D'Internationaliséierung, an deem Domaine wier Lëtzebuerg anere Länner viraus, d'Entdeckung vum Dokumentartheater, de grousse Boom vun Theaterfestivaller an déi, ënnert anerem doduerch bedéngt, strukturell Changementer an den Theaterhaiser.

Festivaller kommen esouwuel bei der Simone Beck wéi bei der Carole Lorang extrem gutt un. Si genéissen haaptsächlech d'Ambiance. E ganzt Duerf, eng komplett Stad wiere fir eng gewëss Zäit am Festival-Féiwer, vum Bäcker bis bei den Hotelier, vum Spectateur bis bei den Theatermaacher.

Manque un Theaterpersonal

Fir d'Carole Lorang feelt et zu Lëtzebuerg un Techniker, Kostümièren, Bühnebildner, Dramaturgen, Auteuren. "Wat Lëtzebuerger Schauspiller, an zemools Schauspillerinnen ugeet, ass Relève do". Datt en etlech vun hinnen am Ausland liewen, ass fir d'Carole Lorang net negativ.

Carole Lorang

Och d'Josée Hansen ass iwwerzeegt, datt d'Erfahrung op internationale Bühne fir déi Lëtzebuerger just vu Virdeel ka sinn. Den André Jung ass fir d'Journalistin do dat bescht Beispill. Leider géife vill ze wéineg Lëtzebuerger hien am Ausland spille gesinn. Mee wann hien op Lëtzebuerg kéim, géif hie mat vollem Engagement optrieden. Dat wier eng Beräicherung fir den Theater. "Dem Jung seng Léift zu Lëtzebuerg touchéiert mech; dee weess Bescheed, wann a sengem Heemechtsduerf de Bäcker changéiert." Dat hätt d'Journalistin a Gespréicher mam Acteur erausfonnt. D'Josée Hansen schafft den Ament un engem Buch iwwert de Lëtzebuerger Theater, dat ganz vill op Interviewe baséiert.

Eenzege Bemol: De Persounekult

Dat, wat d'Josée Hansen an d'Carole Lorang allerdéngs haut um Theater stéiert, ass den Hype ronderëm Staren. Grouss Nimm solle fir e vollen Theatersall suergen. Wéi zejoert eng reegelrecht Hysterie bei der Arrivée vum Schauspiller Jude Law zu Lëtzebuerg ausgebrach war, huet d'Josée Hansen säin Theaterowend einfach boykottéiert. Och d'Carole Lorang kann dës Aart vu Vermaartung net wierklech novollzéien, well beim Theater Equippenaarbecht zum Erfolleg féiert. Et géif ëm e gemeinsame Projet goen, an net ëm en eenzelen Acteur.