Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Quantic - Run (feat. Andreya Triana) Sofia Kourtesis Remix

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ BD vum Mount: "Der Mann, der vom Sirius kam"

Gezeechent

BD vum Mount: "Der Mann, der vom Sirius kam"

Den Auteur Thomas von Steinaecker an de Illustrator David von Bassewitz erzielen d'Liewe vum Karlheinz Stockhausen als Comic. Am Zentrum steet awer virun allem d'Faszinatioun, déi den Auteur vu senge fréien Teenagerjoren u mat der Musek vum Avantgarde-Komponist hat.

auto_stories

5 min

Den Auteur Thomas von Steinaecker an de Illustrator David von Bassewitz hu sech virgeholl, d'Liewe vum Avantgarde-Komponist Karlheinz Stockhausen als Comic ze verzielen. Den éischte Band beim Carlsen Verlag nennt sech: "Stockhausen: Der Mann, der vom Sirius kam". De Choix vum Sujet ass sécherlech ongewéinlech: De Karlheinz Stockhausen ass ee vun de bekanntste Komponiste vum 20. Joerhonnert, mee huet och de Ruff, eng Musek ze schreiwen, déi alles anescht wéi massekompatibel ass, a schéngt domat wäit ewech vun engem populäre Medium wéi dem Comic ze stoen.

Zu de wierkleche Fans vum Stockhausen zielt allerdéngs den Thomas von Steinaecker, an dat scho vu klengem un. De Comic ass zum Deel och seng Geschicht an erzielt (net ouni Humor) vu senger aussergewéinlecher Faszinatioun mam Komponist. Den Auteur hëlt eis mat zeréck an d'Joer 1989, wou hie grad 12 Joer huet, a beschreift d'Opwuessen an enger klenger bayrescher Stad. De Papp spillt dem Thomas a sengem Brudder reegelméisseg klassesch Musek vir - Popmusek gëtt et keng am Haus.

D'Avantgarde am Kannerzëmmer

Aus dem Äifer vun engem typesche "Bildungsbürger" eraus bréngt hien enges Daags och en Disk vum Stockhausen mat heem. De jonken Thomas ass direkt begeeschtert vun där Musek. Si passt komescherweis wonnerbar zu de Science-Fiction-Filmer oder Serien, fir déi hien sech virdrun interesséiert huet. Wéi den Thomas no a no méi Stécker vum Stockhausen entdeckt an och eppes iwwert hie selwer wëll gewuer ginn, fänkt hien un, eng Biografie ze liesen. Hei tauchen dann och mir als Lieserinnen als Lieser vum Comic an d'Liewe vum Komponist an.

Wann de Choix vum Stockhausen als "Comic-Held" och iwwerrascht, a wann de Rapport tëschent dem Biograph a sengem Sujet och ongewéinlech ass, d'Biographie selwer gëtt op eng éischter konventionell Manéier erzielt. Den Thomas von Steinaecker presentéiert déi wichtegst Statiounen an der Entwécklung vum Komponist, ugefaangen natierlech bei der Kandheet am zweete Weltkrich. De Karlheinz Stockhausen verléiert béid Elteren am Krich, woubäi säi Papp als iwwerzeegten Nazi un d'Front geet, wärend seng Mamm, déi psychesch krank ass, am sougenannten Euthanasie-Programm ermort gëtt. Et ass eng bal schonn exemplaresch Kombinatioun vu Täter an Affer an dëser däitscher Biografie aus dem 20. Joerhonnert. Dat ass och spéiderhi wichteg, wann et ëm dem Stockhausen seng utopesch Virstellunge vun der Musek geet, vun där hien sech eng Zort universaalt Verständnis, eng universal Harmonie tëschent alle Mënschen erwaart.

Ee Popstar vun der klassescher Musek

Dat fréit musikalescht Talent an d'musikalesch Educatioun sinn natierlech och direkt een Thema. Mir gesinn, wéi de Karlheinz schonn als Kand faszinéiert vum Radio ass an um Piano ongewéinlech Kläng produzéiert. Nom Krich studéiert hien zu Köln a Paräis, kënnt mat der Avantgarde a Kontakt a gëtt schnell selwer zu engem Revolutionär, deen an de 50er éischt Succèse feiert an an de 60er bal schonn zu engem Popstar vun der klassescher Musek gëtt. Vun do un geet et da mat senge "Greatest Hits" weider; de Comic beweegt sech vun engem grousse Wierk zum nächsten.

Iwwert dem Komponist säi Privatliewen als Erwuessene gi mir dogéint éischter wéineg gewuer. Seng Spiritualitéit gëtt thematiséiert, am Ufank de Katholizismus, spéider och fernëstlech Aflëss, soss geet et awer héchstens dorëm, wéi de Stockhausen seng Famill vernoléissegt, fir sech op d'Musek ze konzentréieren. Hei mierkt een och erëm, datt mir alles duerch de Bléck vum 12 Joer alen Thomas erzielt kréien: Datt de Stockhausen laang Zäit mat zwou Fraen zesumme gelieft huet, ass eppes, dat hien zwar registréiert, mee net wierklech interesséiert, esou datt mir och näischt weider doriwwer gewuer ginn.

Gezeechent Kompositiounen

Den Illustrator vum Comic, den David von Bassewitz, schafft mat Aquarellbiller an enger grouss Palett un Techniken, fir déi verschidden Episoden aus dem Stockhausen sengem Liewen ze zeechnen - ob dat elo déi däischter, matt Zäit vum Zweete Weltkrich ass, oder déi geckeg, futuristesch Welt, déi sech d'Avantgarde an de 60er a 70er ausdenkt. Hier moolt déi Deeler, wou et ëm dem jugendlechen Thomas seng Entdeckung vum Stockhausen geet, an engem aneren, manner realistesche Stil, deen e wéineg un e Kannerbuch erënnert, a beweist allgemeng eng grouss Dynamik an Expressivitéit.

Déi notzt hien och, fir dem Komponist seng Wierker op eng graphesch Manéier representéieren. Hei léisen sech dann d'Formen op an et danze Faarfflecken iwwer d'Säiten, déi ee visuellt Equivalent zu de Kläng duerstelle sollen. Op dat funktionéiert, kann ee bezweifelen. Wie probéiert, Musek ze molen, ka warscheinlech just verléieren, an déi Passagen, wou Kompositiounen illustréiert ginn, gehéieren éischter net zu den Highlights.

Eng Suite, op déi een dierf gespaant sinn

Den éischte Band vun dëser Kënschtlerbiographie hält an den 80er op, gëtt awer een Ausbléck op dat, wat eis am zweete Band erwaart. Den Thomas von Steinaecker huet nämlech als Teenager de Karlheinz Stockhausen effektiv kenne geléiert a war bis sengem Doud 2007 mat him befrënnt. Wann an dësem Band tëschent dem Thomas sengem Kannerzëmmer an der bayrescher Provënz an dem Stockhausen sengem Avantgarde-Universum Welte leien, schéngen déi am nächsten also openeenzetreffen.

Et kann een op d'Suite gespaant sinn, well dem Auteur seng jugendlech Obsessioun mam Komponist ass dat, wat dëse Comic ausmécht. Wien sech fir de Stockhausen interesséiert, huet warscheinlech net op dëst Buch gewaart, an do, wou de Comic einfach just säi Liewen erzielt, ass et keen aussergewéinlecht Wierk. Et ass déi onwarscheinlech Renconter vun engem Jong vun 12 Joer mat enger héichkomplexer Konscht an d'Aart a Weis, wéi si säi Liewe verännert, déi d'Essenz vum Buch ausmaachen, wou et seng Qualitéite voll ausspille kann.