Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Der Matrose im Schrank vum Hugo Hamilton

Buch-Tipp fir de Summer

Der Matrose im Schrank vum Hugo Hamilton

2006 bréngt den iresche Schrëftsteller Hugo Hamilton e Buch eraus, ënner dem Titel "Der Matrose im Schrank". Wéi esou dacks bei Ire geet et hei ëm Identitéit, déi gespierten Oppressioun vum Vollek vun de Briten. Den Hugo Hamilton geet net just dëst Thema a sengem Buch duerch, mee och de Konflikt, deen hien als Jugendleche mat sengen Elteren ëmmer erëm ze verdauen hat. Des weideren hat den Hamilton et mat sengen däitschen Originne vun der Mamm hirer Säit hier och net einfach. De Manuel Ribeiro aus der klassescher Museksredaktioun huet d'Buch dëse Summer gelies.

auto_stories

4 min

Konflikter tëschent Papp a Bouf sinn u sech eng üblech a mënschlech Saach. Wann nach am Kanneralter de Bouf de Papp verherrlecht, versicht hie sech am Jugendalter vun deem ze distanzéieren. Wien huet sech net mat 16 geschwuer, "ech ginn net wéi meng Elteren". An dach droe mir all Spure vun hinnen an eis. Mir si vun hinne kierperlech, geschichtlech, mee och séilesch gepräägt.

Beim Hugo Hamilton senger perséinlecher Geschicht ass et nach méi komplizéiert. Mir versetzen eis an d'60er Joren an d'Géigend vun Dublin an Irland. D'Mamm ass eng Däitsch, déi den Zweete Weltkrich iwwerlieft an dunn op déi iresch Insel geflücht ass, wou si en Ir bestuet. E Mann mat Nationalstolz, dee sech géint déi britesch Tutelle wiert. Englesch schwätzen, Beatles lauschteren ass en Tabu, déi iresch Sprooch a Bräich si Flicht.

Ee vun de Filssen, den Hugo, versicht net opzefalen a wëllt si wéi seng Kolleegen. Hie wëllt och keen Iresch schwätzen. Hien huet Komplexer hallef Däitsch ze sinn an enger Nokrichszäit, wou een nach dacks als Nazi vernannt gëtt. An esou ass de jonken Hamilton tëschent zwou Welten hin an hier gerass, tëschent der Erniddregung, déi d'Ire vun de Briten ze spiere kréien, vun der Säit vum Papp. Duerch d'Mamm gëtt de Bouf ëmmer drun erënnert, wéi eng Grausamkeeten d'NS am Zweete Weltkrich ugeriicht hunn.

Verbonne mam Schicksal vu sengem Grousspapp

A séier fillt hie sech selwer schëlleg a schummt sech aus dësen zwou Komponenten ze bestoen: en Ir an en Däitschen. Schutz fënnt hie bei senge Kolleegen, mat deenen hien der stëbst, oder um Hafen, wou hien engem ale Fëscher heiansdo hëlleft. De klengen Hafen, eng Plaz, wou hie sech sécher fillt, schéngt hien och un de Bop ze erënneren, e fréiere Matrous. An ëmmer méi fillt den Hamilton sech mam Schicksal vu sengem Grousspapp verbonnen, deen als Matrous op engem englesche Schëff ëmkoum. Ee Grousspapp, dee vum Hugo sengem Papp ëmmer erofgemaach gouf, well dee sech net fir déi iresch Onofhängegkeet agesat huet. E Grousspapp, deem seng Foto an engem Schaf läit, "Der Matrose im Schrank" ... läit dem Hugo, dem Enkel um Häerz, ass e Virbild.

Am Laf vun der Handlung erkennt den Hugo, datt hien trotz der Kritik um Papp, awer a géint säi Wëllen, vill vum Papp a sech dréit an him zimlech ähnlech ass.

De Papp gouf als Kand gehänselt, well hien hippt, de Fils huet mat sengen däitsch-ireschen Originnen ze kämpfen. Allen zwee waren/sinn also Aussesäiter an hunn en Hang zu Impulsivitéit, schlëmmer nach, cholereschen Ausbréch.

Eng perséinlech Geschicht aus der Jugend

"Der Matrose im Schrank" verzielt vun enger perséinlecher Geschicht am schwéiere Jugendalter, an där Zäit, wou an Irland an Nordirland net wéineg Bommen héichgaange sinn. De Bouf huet mat senger Identitéit ze kämpfen, mee d'Land och. Zwou Parallellen, déi frappant anenee verstréckt sinn. Deem Jonke gëtt et bewosst, wat et heescht Ir an net Englänner ze sinn, obwuel d'Hannergrënn vun de politesche Konflikter am Buch e bëssen ze kuerz kommen.

Kënnt wierklech all Mënsch gläich op d'Welt? Fir den Hugo Hamilton net:

"Angeblich kommt man unschuldig auf die Welt, aber das stimmt nicht. Man erbt unfreiwillig alles Mögliche. Man erbt seine Identität, seine Vergangenheit, es sind Geburtsmale, die man nicht abwaschen kann."

"Der Matrose im Schrank" ass e Réckbléck op en eenzelt Schicksal vun engem Jugendlechen, deem de schwierege Wee bewosst gëtt, deen hien ze goen huet. Seng Realitéit a seng Originnen, mat all deene Laaschten, léiert hien ze acceptéieren. D'Buch vum Hugo Hamilton ass onkomplizéiert geschriwwen. Mat einfache Wierder, wéi wa wierklech e Jugendlechen et geschriwwen hätt, beschreift de Schrëftsteller seng Identitéitskris am Jugendalter, analyséiert säin ënnerleche Konflikt mat jugendlechen Aen. Doduerch wierkt den Text och authentesch, genee wéi am zweete Buch vum Hamilton: "Gescheckte Menschen".

E Buch fir Erwuessener, mee och fir Jugendlecher, dat bestëmmt vill Lieser mat Migratiounshannergrond u selwer Erlieftes erënnert.