Radioen

On air

Resonanzen  |  Musikalesch Extas

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dräi Engel fir den Engel

Kreatioun zu Lëtzebuerg

Dräi Engel fir den Engel

Ee Joer laang presentéiert de Kulturministère elo a sengem Konschthaus "Beim Engel" Mount fir Mount eng weider Facette vun der Kreativitéit zu Lëtzebuerg. Traditionell Technike wéi Skulptur oder Sérigraphie maachen de Cycle "Intro_" grad esou aus ewéi Moud, Grafik Design oder Upcycling.

auto_stories

3 min

All éischten Donneschden am Mount bitt ee Vernissage d'Geleeënheet, d'Kreativitéit vu Lëtzebuerger Kënschtler z'entdecken. Mam Lancement vum Zyklus"Intro_" huet d'Konschthaus "Beim Engel" en éischt Kapitel mam Schwéierpunkt Illustratioun an Zeechnung gesat.

Eng vun den dräi Kënschtlerinnen, déi den Ament ausstellen ass d'Sandra Biewers. Si ass 1983 gebuer, Tatoueuse a Kënschtlerin. Si bemoolt net just Haut, mä all méiglech Zorte vu Support: Pabeier, Duch, Holz a Mauere fir schwaarz Zeechnungen op wäissem Fong. Zesumme montéiert hu si eppes vu Kanner-Alpdreem mat engem Hauch Gothik, Barock, a Groteskem. "Ech kréien ëmmer erëm gesot datt et e bësse 'creepy' ass. Ech mengen et awer amfong mol net esou, dat geschitt dann einfach onbewosst."

Konstruktive Chaos

D'Sandra Biewers sträicht antik, ornéiert Rumme wäiss un a setzt Mëschwiese mat drolegen Titelen a schwaarze filigrane Traiten drop. Zum Beispill weist si eng jonk Fra, déi Flilleken amplaz vun Hoer huet. Oder eng aner, déi en halleft Haus mat engem iwwerdimensionalem Schlëssellach am Gehir mat sech ronderëm dréit. E weidert Meedchen hält eng Aart Crustacé mat Männerkapp am Aarm.

Fir konstruktive Chaos an de Käpp kéint der Sophie Dewalque hier Neiinterpretatioun vun der Melusina suergen. Op hire faarwege Broderie gëtt d'Nix um Enn giess. Quasi wéi e "Fish made in Luxembourg". Si schafft bewosst mat den Traditiounen an der Kultur vu Lëtzebuerg.

Keng steif Konscht

D'Sophie Dewalque ass 1983 gebuer an opgewuess mat zwou Néiesch-Bomien. No hiren Textil-Design-Studien huet si éischt Beruffserfahrungen am Ausland gesammelt an huet 2013 zu Lëtzebuerg hire Kannermoud-Label "Sophi(e)stication" als onofhängeg Stylistin lancéiert. Et huet si gefreet, datt si sech mat hirem Dossier fir den "Intro_"-Cycle mam Beräich "Illustratioun an Zeechnen" qualifizéiert huet an net mat "Moud". "Et ass dat, wat ech normalerweis net däerf weisen. Wat ech elo selwer konnt ausstellen."

D'Marion Dengler huet hire Bachelor op der Berliner Technischen Kunsthochschule rezent ofgeschloss. Hir Aarbechte si staark vu Comic a Manga gepräägt. An hiren eegenen BD-Zeechnunge kräize sech fantastesch Elementer an traditionell Illustratiounen. Si schafft esouwuel mat Tusch, Pinsel an Aquarell, wéi och mat digitalen Zeeche-Programmer. Si fënnt ee gudde Mix tëscht engem realisteschen an engem Cartoon-méissege Stil wichteg, fir datt et net ze steif ass.

Comics, och eng Form vu Konscht

D'Marion Dengler ass der Iwwerzeegung, datt weder an der Konscht, nach an der Iwwerleeung, ob Comice fir d'Leit iwwerhaapt Konscht sinn, sollen Zweiwel sinn. Fir si hu Kategorien haut nach ëmmer ze vill Gewiicht: abstrakt, konzeptuell Aarbechten, fir déi een e Mode d'emploi fir de Sënn géif brauchen, wiere fir vill Leit déi eenzeg richteg héich Konscht. "Illustratioun soll kommerziell erfollegräich si fir e breede Public. Dowéinst ass dat net déi Konscht, déi wierklech grouss Ausstellunge kritt. Al Illustratiounen aus dem 19. Joerhonnert ginn hautzedaags awer als Konscht gehandelt. Ech mengen et sollt een net 100 Joer drop waarde mussen, bis datt déi kommerziell Konscht vun haut och dee Rang kritt."

Och déi zwou aner Kënschtlerinne wëlle beim Vokabulär net differenzéieren. Ob Konscht oder Kreatioun, wichteg ass fir si d'Schaffen. Fir d'Sophie Delwaque ass Konscht dofir just e Wuert. Dat wat si mécht kéim aus dem Häerz an aus der Fantasie, an dat wéilt si anere Leit matginn.

Fir d'Sandra Biewers sollt ee spieren, datt jiddereen en e Recht op Konscht huet. An dat wier bei de meeschte Vernissagen zu Lëtzebuerg schwiereg, well een ënnert anerem duerch d'Ambiance ageengt wier. Bei Konschtaktiounen an Ofrapphaiser wieren d'Leit bei Concerten a Fräibéier vill méi fräi, d'Konscht op hier Manéier ze entdecken. E Mix vun Ausstellungsméiglechkeete wier fir Kreativer awer wichteg.