Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E graziéist an akribescht Schreiwen

Schrëftstellerin vum Mount

E graziéist an akribescht Schreiwen

Mat hirer lyrescher Prosa, déi d'LieserInnen op eng Italienrees mathëlt, konnt d'Esther Kinsky dëst Joer d'Jury vum Buchpräis vun der Leipziger Buchmessse iwwerzeegen. D'Esther Kinsky huet awer net eréischt mat "Hain. Geländeroman" hir aussergewéinlecht Talent fir d'Verschrëftlechung vun Observatiounen an Iwwerleeunge bewisen.

auto_stories

5 min

"Ich mache immer sehr, sehr viele Aufzeichnungen, also der Text entsteht dann zwar mit den Aufzeichnungen als Hilfsmittel, aber die sprachliche Formung findet erst statt, wenn die Aufzeichnungen für mich einen Grad der Dynamik entwickelt haben, dass ich weiss, dass daraus ein Text werden kann."

Et huet een den Androck mol net e Stëbskär géif sech dem Bléck vun der Esther Kinsky entzéien. Der däitscher Schrëftstellerin geléngt dat, wat een an der zäitgenëssescher Literatur dacks vermësst: E Schreiwen, dat graziéis an akribesch ass, dat d'Lieser matrappt, well all Wuert mat ganz vill Sensibilitéit ausgewielt ass.

Stimulatioun fir all d'Sënner

All Saz ass eng Entféierung op dee Fléck vun der Äerd, op deem d'Esther Kinsky ënnerwee ass, et ass eng Rees, wou just duerch d'Liesen all Sënner stimuléiert ginn. Et gesäit een d'Faarwe vun de Bierger, et héiert een d'Knistere vun de Maisfelder, et richt een d'Hëtzt vum Flaachland an et schmaacht een d'Fiichtegkeet vum Niwwel.

"Mein Land hat weder Berge noch Meer, begann er, es breitet sich flach wie ein ausgelaufener Ozean von einem Horizont zum anderen. Im Sommer blickt man unter schräg an die Stirn gelegter Hand in die Ferne, auf den Lidern liegt das Licht und verklebt die Wimpern, der Blick schwimmt über schwarz gewordene Sonnenblumenfelder, Felder und Wiesen mit flachem, harten Gras." (aus Banatsko)

Véier Romaner huet d'Esther Kinsky bis elo publizéiert. Fir de leschten, "Hain. Geländeroman" gouf si mam Buchpreis der Leipziger Buchmesse ausgezeechent:

"Was für ein stilles, kaum bewegtes, menschenarmes Buch. Seine Farben mangels ausreichender Sättigung vorwiegend im Graubereich. Und seine Ich-Erzählerin eine bloße Hülle, die sich am liebsten davonstehlen würde. Denn an ihr, einer Trauernden, die ihren Lebensgefährten verloren hat, nagt eine Leere, die sich mit der Leere der Umgebung paart. Und zugleich: Was für eine Schule der Wahrnehmung."

Dat ass an der Begrënnung vun der Jury ze liesen. Si luewen der Kinsky hir iwwersënnlech Prezisioun a fuerderen d'Lieser op, dëst Buch ganz lues ze liesen.

An effektiv, et ass kee Buch, dat een iwwerflitt oder duerch dat ee flitt. Et ass kee Schmökeren a keng Erhuelung a grad dowéinst hëlt et engem den Otem, well et iwwerrascht. Grad dat onspektakuläert ass spektakulär.

Italienrees fir e Verloscht ze verschaffen

Et sinn dräi Italienreesen, déi am "Hain. Geländeroman" an dräi Kapitelen erzielt a matenee verbonne ginn. D'Ich-Erzielerin huet hire Partner verluer a reest an Italien fir dëse Verloscht ze verschaffen. Si erënnert sech u fréier Italienreesen, mat hirem Partner, awer och un hir Kandheet. Italien hätt si als Kand scho gepräägt, erzielt d'Schrëftstellerin.

"Das ist autobiographisch und die Ich-Erzählerin kommt ja wieder zurück." 2015 hätt si tatsächlech eng Italienerfarung gehat, déi vill Erënnerungen eropkomme gelooss hätt. Do ass hir kloer ginn, wéi Italien sech verännert huet. "Das war für mich auch ein Ansatz über eigene Erinnerungen, diese Figur des Vaters und eben diese beiden Zeitebenen, von der Gegenwart und der Zeit Ende der 60er, Anfang der 70er Jahre, einzubringen."

D'Ëmgéigend wouer huelen

Et gëtt kee Plot, et gëtt ni e Plot an der Kinsky hire Romaner, et ass en an den Dag eraliewen, seng Ëmgéigend wouer huelen an dës Observatioune festhalen. D'Esther Kinsky mengt, datt vill dat als Mangel empfannen, mee si kéint keen handlungsstrukturéierte Roman schreiwen. "Nicht nur, weil es mich nicht interessiert, ich könnte es wahrscheinlich gar nicht."

"Der Zug glitt weiter, hinterließ die Landschaft leer. Der Wind legte sich, und als ich nach Kanjiža zurückkam, war die Stadt nicht mehr grau. Frühling lag in der Luft. Großmütter saßen auf Parkbänken in der kleinen Grünanlage und beobachteten ihre Enkelkinder. Auf dem Markt standen die Frauen mit leeren Körben und plauderten zwischen den geschlossenen Ständen, in der Tiefe eines Gartens lachten Männer, einer warf abgeschnittenen Reisig aus Baumkronen hinab, ein schwarzer Haufen türmte sich schon am Zaun, vielleicht für ein Feuer." (aus: Banatsko)

"Jeder muss wissen, worauf er bei einer Reise zu sehen hat und was seine Sache ist", huet de Johann Wolfgang von Goethe am Gespréich mam sengem Frënn, dem Dichter Johann Peter Eckermann gemengt. An d'Esther Kinsky weess, op wat si ze kucken huet a mat hirer doucer Manéier, d'Landschaft ze erfuersche bréngt si e lyresche Rhythmus an hir Prosa.

En atmosphärescht Schreiwen

Ass "Hain. Geländeroman" vun Trauer a Verloscht gepräägt, esou ass de Roman "Banatsko", wann och am selwechte Stil verfaasst, eng faarweg Wanderung duerch d'Gebitt vum Banat. Eng Regioun, déi d'Grenzgebitt vun Ungarn, Serbien a Rumänien ëmfaasst. Dëst Wierk ass net esou mënschenaarm wéi den Hain. Trotzdeem bleiwen d'Persoune just Silhouetten, egal ob si vum Akkordeonspiller, den Aarbechterinnen an Aarbechter op de Maisfelder oder hir Nopesch schreift.

Hir Figure sinn an der Landschaft, am Klima an am Liewensstil vun der Géigend integréiert. D'Kinsky bréngt et fäerdeg mat dësem atmosphäresche Schreiwen d'Lieser komplett an hire Bann ze zéien. "Sommerfrische" an "Am Fluss" si weider Romaner vun der 1956 am Nordrhein-Westfalen gebuerener Slawistin. Laang huet si an Ungarn gelieft, mee elo huet si d'Flemm mat der politescher Situatioun a si huet d'Land verlooss. En neit Land, nei Inspiratioun fir Prosa.