Radioen

On air

Notturno  |  East Coast Love Affair - Date With The Rain Feat. Peter Hunningale & L. Ross

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "E grousst Fest"

Nuit des Musées

"E grousst Fest"

Déi vill Invitéen an der 100,7-Spezialsendung op der Nuit des Musées ware sech eens. Déi oppen Nuecht an de siwe stater Haiser bréngt de Leit d'Muséeë méi no. Op eng convivial Manéier.

auto_stories

5 min

Muséeë wiere wéi d'Gesellschaft. "Et gëtt net just eng Erzielung, mee et gi méi Meenungen, an déi muss een zesummebréngen, och an engem Musée", esou de Guy Thewes während der 100,7-Spezialsendung op der Nuit des Musées. Muséeë wiere Plaze vun der ëffentlecher Debatt, Plaze vun Demokratie.

Guy Thewes

De ganzen Interview mam Guy Thewes lauschterenplay_arrow

Qualitéit méi wichteg wéi Visiteurszuelen

"Datt e Musée säi Public fënnt ass essentiell, mee et moosst een d'Muséeën net un der Croissance vu Visiteurszuele vu Joer zu Joer", sot am 100,7-Interview d'Kulturministesch Sam Tanson (déi gréng).

Sam Tanson

D'Muséeë géife mat hiren Ausstellungen zum Denken ustoussen. Et wier wichteg, datt se Qualitéit maachen, a Kënschtler eng Chance ginn: "Dat ass et wat zielt. Net ob 100 Visiteure méi do ware wéi virdrun", esou d'Kultur- a Justizministesch.

De ganzen Interview mat der Sam Tanson lauschterenplay_arrow

Et ginn och Erausfuerderungen: d'Haiser misste mat der Zäit goen a sech digitaliséieren. D'Leit wéilten haut och vun doheem aus Saache kucken. A fir eng Recherche ze erméigleche wier et gutt, wann d'Muséeën och Saachen op Distanz weisen.

Mee den Interêt fir op d'Plaz ze goen, e Musée vu bannen ze gesinn, wier nach ëmmer do. "Grad e Musée ass eng Plaz, wou ee kann zur Rou kommen, op aner Gedanke kommen", seet d'Sam Tanson.

"Wichteg ass, datt déi Institutiounen, déi mir hei hunn, vum Publikum wouer geholl ginn", sou de Jo Kox. Hien huet d'Konzept vun der Nuit des Musées 2001 mat aus der Wéi gehuewen an ass momentan Coordinateur général am Kulturministère.

De ganzen Interview mam Jo Kox lauschterenplay_arrow

All Nuit des Musées wier anescht wéi déi Editioun virdrun, et hätt sech awer gewisen, datt d'Nuit "e Konzept ass, dat klappt".

Jo Kox

Reputatioun am Ausland

"Mir hunn eng interessant Konschtzeen zu Lëtzebuerg an de Casino huet eng gutt Reputation am Ausland", sot de Kevin Muhlen, Direkter vum Casino, Forum d'Art Contemporain iwwer d'Roll vum Musée. D'Nuit des Musées soll e realistescht Bild ofginn: Et leeft méi wéi soss, et ass méi festiv, mee trotzdem soll d'Identitéit vun den eenzelen Haiser bestoe bleiwen."

Kevin Mühlen

Fir d'Colette Flesch bréngt d'Nuit de Musées vill Leit a Muséeën, déi vläicht soss net an e Musée ginn. Der fréierer DP-Politikerin no hätte Muséeë fir verschidde Leit eng Hemmschwell. D'Nuit des Musées géif d'Muséeë fir d'Leit opmaachen.

D'Colette Flesch

De ganzen Interview mat der Colette Flesch lauschterenplay_arrow

Siwe Muséeë vun der Stad Lëtzebuerg haten dës Nuecht hir Dieren op, mat ë. a. kommentéierte Visitten, Atelieren a Spektakelen. D'Kyra Thielen huet Féierunge gemaach. Als Guide misst ee seng Ausstellung gutt kennen an et misst ee sech a säi Grupp erafillen: "Et muss ee spieren, wat de Grupp wëllt".

Kyra Thielen

D'Jugend net aus den Ae verléieren

Et misst een ëmmer e bëssen innovativ sinn an nei Konzepter ausprobéieren, sot de Yannick Lieners, Sportler an haaptberuffleche Schoulmeeschter, deen zanter 2014 géint Leukemie kämpft. D'Muséeë missten awer och kucken, wat d'Jugend géif interesséieren.

De ganzen Interview mam Yannick Lieners lauschterenplay_arrow

Yannick Lieners

Fir d'Liz May ass d'Wasser en Element, wou vill Zoufall dran ass. D'Profi-Triathletin Liz May war eng vun de Sportlerinnen, déi e Coup de Coeur presentéiert hunn. Si huet e Bild vun der Elina Brotherus erausgesicht.

De ganzen Interview mat der Liz May lauschterenplay_arrow

Fir d'Liz May gëtt et e Lien tëschent Sport a Konscht: de mënschleche Kierper a Beweegung als Objet.

Liz May

"Ech fannen et interessant sech einfach emol Gedanken ze maachen, wat de Leit deemools oder haut duerch de Kapp gaangen ass", seet de Schwëmmer Raphaël Stacchiotti.

De ganzen Interview mam Raphaël Stacchiotti lauschterenplay_arrow

Raphael Stacchiotti